• ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
ANERWELTEN

SOLARPUNK: Déi kuerz Rees vum direkten a perséinlechen Techsupport

Post Image

[by SVEN WOHL]

D’Mauer vu Code ass net méi kloer ginn. Si ass souguer mat der Zäit ëmmer méi zu engem Labyrinth ginn. Hatt huet de Schierm verkrampft festgehalen a seng Stier a Fale geluecht.

“Villäicht muss du awer eng Paus maachen, Helena. Esou ze sëtzen ass net gutt, wann een nach jonk ass.”

Esou eppes ze soen huet d’Sarin nach méi al fille gelooss, wéi hatt eigentlech war. Hatt gouf gewarnt: Eng Teenagerin bei sech opzehuelen, a wann et nëmme war, fir déi nächst Generatioun auszebilden, war eng schlecht Iddi, wann ee sech nach jonk fille wollt. Hatt hat nëmmen 29 Joer, mä d’Helena war mat sengen zwielef wéi en Ausserierdescht.

En Ausserierdescht, wat hatt zur nächster Interfacerin sollt ausbilden, sou wéi dee leschten Interfacer et mat hir bis zu sengem Doud viru fënnef Joer gemaach hat.

D’Helena huet de Schierm op den Dësch gepucht.

“Mat der Zäit mécht et méi Sënn”, huet d’Sarin kommentéiert. Hatt souz u sengem eegenen Apparat an huet Kaarte studéiert.

“Pff”, huet d’Helena geäntwert a säi Kapp op den Dësch niewent den Tablet geluecht. Hatt huet säi Gesiicht ewechgedréint, wat méi am Sarin ausgeléist huet, wéi et jeemools zouginn hätt. Zum Gléck huet e Klappen un der Dier vum klengen Haus um Bord vun der Kommun hatt erléist. De Besuch war awer keng Iwwerraschung, den Timing schonn. Hatt hat eréischt am Nomëtteg domat gerechent. Dankbar war hatt trotzdeem.

“Hues de et dobäi?”, huet déi jonk Fra gefrot, wéi si d’Dier opgemaach huet. Den eelere Mann – de Victor, e Vertrieder vun der Kommun – huet him ouni eppes ze soen de laange Pak iwwerreecht. Déi üblech Plattitüden, wéi d’Moie soen, hu si sech scho säit laangem gespuert. Beim Brudder vu sengem ale Léiermeeschter huet et dat net gebraucht.

D’Sarin huet den Objet aus dem Duch aus Léngent, an deem en transportéiert ginn ass, erausgeholl. Eigentlech war et onvirsiichteg, esou eppes op dës Aart a Weis ze transportéieren, mä de Vertrieder vun der Kommun huet warscheinlech net misse fäerten, datt him iergendeen an de Wee komm ass. Hatt huet déi laang, metalle Waff viru sech gehalen an duerch d’Viséier gekuckt.

De klengen Display huet eng “2” ugewisen.

“Da muss et hinnen eescht sinn”, huet hatt bemierkt, wéi wann d’Interfacerin mat sech selwer schwätze géing.

“Mir hunn nach Akkue fir e puer Deeg. Duerno musse mer komplett op selwer generéiert Energie setzen”, huet de Victor endlech gesot. Seng Aen hunn um Helena gerout, wat sech bis elo net geréiert huet. “Den nächste Passage ass net méi wäit. Bis dohinner muss d’Verbindung nees stoen.”

Keng Verbindung, kee Jus. An dann e ganze Mount nëmmen iwwert d’Kollekteren an d’Wandmille fuere wier fir d’Kommune vum Kollektiv méi wéi eng Erausfuerderung.

Dat war de Resümmee. Um Blat Pabeier eng ganz einfach Affär. Zwee Deeg zu Fouss mam Helena, engem Schinnegewier mat zwee Schoss, Ratiounen an der néideger technescher Ausrëschtung, fir all Problem geléist ze kréien. Et war net onbedéngt néideg, mä d’Interfacerin hat drop bestanen, och well et eent vun de Privileegie vun hirem Beruff war. An et ass seele genuch, datt een eraus an de Bësch geet, fir esou eng laang Rees unzetrieden. Wie weess, wat sech geännert huet.

𓆣

D’Sarin huet séier festgestallt, datt sech net vill geännert hat.

De Bësch huet ëmmer nach gréng a schéin ausgesinn. Et war zwar ze mierken, datt en, wéi all Bësch, kënschtlech ugeluecht war, fir d’Atmosphär ze reguléieren, an awer huet e gewëssent A fir Ästhetik hei matgespillt.

Wat anescht war, war hatt. Bezéiungsweis, wie mat dobäi war.

“Ech wëll awer net Deeg laang duerch de Bësch trëllen. Gëtt et keen Zuch? Oder kënne mer net op d’mannst en E-Bike huelen?”

“Et gëtt kee gefestegte Wee dohinner. Also musse mir zu Fouss. An och dat ass Deel vun eisem Job.”

D’Teenagerin huet de Kapp hänke gelooss. “Ech wollt en Job als Coderin, fir esou mann wéi méiglech missen eraus. Mä…”

Hatt huet de Saz net fäerdeg gemaach. Warscheinlech, well et him ze wéi deet: d’Examen hat et net gepackt an d’Plaze fir Codere si staark limitéiert. Bis déi nächst géingen opgoen, géife Joerzéngte vergoen. Hatt hätt zwar an eng aner Kommun vum Kollektiv kënnen plënneren – oder nach méi wäit – mä do gouf et keng Garantien. An dofir hätt et missen eraus.

Also huet et missen Interfacerin ginn. Et gouf kee Choix, wat säi Frust fir d’Sarin méi novollzéibar gemaach huet.

An awer…

D’Interfacerin huet déif an- an ausgeotemt. Dunn ass hatt ouni eppes ze soen an de Bësch gaangen. D’Helena stoung een Ament do an huet gezéckt.

Et gouf kee Choix, also huet och hatt sech vum Bësch schlécke gelooss.

𓆣

“Firwat d’Waff?”, huet hatt no enger gefillter Éiwegkeet gefrot. D’Léiermeedche wollt d’Fro scho stellen, wéi de Victor him de Pak ginn huet. Hatt huet sech warscheinlech net getraut, well et schei war, wéi d’Sarin scho fréi genuch geléiert hat.

“Just als Ofsécherung. Et weess een ni.”

“Däerf ech se unhalen?”

D’Sarin huet gelaacht. “Wa mir eng Kéier domat trainéieren, jo. Mä fir d’éischt kënnt d’Codéieren drun.”

Duerno war hatt nees roueg. D’Sarin wollt him net wéidoen, mä hatt wollt d’Léiermeedchen och net uléien. Dat géing hinne béid méi schuede wéi déngen.

Si si fir eng weider Stonn ouni weider ze schwätzen duerch de Bësch gaangen. Den Tempo war héich a mat de Rucksäck war et eng ustrengend Rees, och wann d’Beem hinne vill Schiet gespent hunn an et och net ze waarm war. Zu all Ament huet de Satellit hinnen de Wee iwwert hir Netzhait gewisen. Déieren hu si nëmmen héieren, mä net gesinn. D’Sarin hat Geschichte gelies, wou Déiere méi zoutraulech waren, mä déi heite waren net méi u Mënsche gewinnt. Virun allem net ausserhalb de Routen op improviséierte Weeër.

Nee, et waren net d’Déieren, déi him Suerge gemaach hunn.

Si haten e gudde Progrès gemaach an hu sech decidéiert, d’Lager opzeschloen, wéi d’Sonn schonn am Gaang war, ënnerzegoen.

“Wat wäerte mir bei der Statioun fannen?”, huet d’Helena gefrot, wéi se beim Feier eppes giess hunn.

“Wa mir Chance hunn e puer Automaten, déi eis iwwert e Kommunikatiounsproblem informéieren an eis weisen, wou d’Leitungen e Problem hunn.”

Wa mir Pech hunn e puer Automaten, déi duerchgedréint sinn. An da wäerten zwee Schoss net méi duergoen, a wa se sech hannerteneen an d’Rei stellen.

D’Helena huet op sengem Schierm d’Kaart gekuckt. “Wat ass dat fir e schwaarzt Lach?”

D’Sarin huet interesséiert eriwwergekuckt, och wann hatt scho ganz genau wousst, wat säi Léiermeedche gemengt huet. “Eng verluere Stad.”

D’Helena huet grouss Ae gemaach. Warscheinlech huet hatt, genau sou wéi d’Sarin selwer, an der Schoul dovunner héieren. Al Stied, déi net méi zeréckgewonne konnte ginn, goufen als „verluer“ deklaréiert an duerften net méi betratt ginn.

“Firwat ass déi heite verluer?”, huet d’Helena duerno gefrot. Dat war effektiv eppes, wat een net an der Schoul geléiert huet an d’Interfacere goufen dës Informatiounen och nëmmen iwwert dat Areal gewuer, an deem si selwer aktiv waren. An hirem Kollektiv louchen aacht Kommunen, an deenen eng Dosen aner Interfaceren aktiv waren. Méi gouf net gebraucht, well de Kontakt mat Automate rar geséint war an normal IT-Probleemer op Distanz vun de Codere geléist goufen. Interfaceren huet een nëmme gebraucht, wann et méi direkt a perséinlech huet misse ginn.

“Eng verselbststännegt KI huet sech do verbreet. Dowéinst maache mir e Bou ronderëm.”

“Weess dann een, op déi nach ëmmer aktiv ass? Mir kéinten en hallwen Dag spueren. Dat géing der Kommun immens hëllefen, wa mir de Probleem méi séier kéinte léisen.”

D’Sarin huet him a Gedanke Recht ginn. Jee nodeem wéi laang d’Léisung vum eigentleche Probleem géing daueren, kéint en hallwen Dag e groussen Ënnerscheed maachen. Si wollten evitéieren, datt d’Kommun op d’lokal Energieproduktioun zeréckgräift oder den nächsten Energiestouss verpasst. Dat géing fir déi meescht Leit bedeiten, datt si fir Wochen de Stroum misste rationéieren, well si net op d’Haaptenergiequell kéinten zeréckgräifen…

E Blëtz fiert duerch den Nuetshimmel. Nee, Blëtz trëfft et net ganz. Et war wéi eng laang, riicht Sail, déi de Mound mat der Äerd verbënnt.

“Schéin”, huet d’Helena bemierkt.

Et war schéin, virun allem, well et och temporär war. De Mound huet nëmme wéineg Minutte gebraucht, fir d’Energie, déi seng Pannele produzéiert hunn, un d’Statioun ze iwwerdroen. Nëmme fir ongeféier eng Minutt war d’Loft esou staark ioniséiert, datt een et mam bloussen A konnt gesinn. Wann ee gutt war, konnt een un der Distanz erkennen, wéi vill Deeg et nach waren, bis de Mound iwwert der eegener Statioun war, fir engem genuch Energie fir 20 Deeg ze ginn.

D’Sarin huet net misse schätzen. Et waren der nach dräi.

𓆣

Hatt konnt sech net erënnere, wéini genau hatt ageschlof war. Mä hatt war sech sécher, datt et nieft dem Helena ageschlof war. Hir Schlofsäck waren direkt niewenteneen am Zelt, just war dee vum Léiermeedchen eidel.

D’Sonn war nach dobäi, opzegoen, wéi d’Sarin aus dem Zelt gestierzt koum. Dobausse war hatt och net ze gesinn. Hatt huet säin Numm geruff, mä ouni Erfolleg. D’Helena war fort. Ee Moment laang war d’Sarin selwer nees zwielef Joer al. An deen Alen huet hatt nees onfäeg an domm fille gelooss. Déif anootmen, ausootmen. Lager ofbriechen, Rucksak un an d’Waff iwwert d’Schëller. Et läit hannert him.

Eng Saach huet hatt dem Ale misse loossen: Seng Drills, sech ëmmer op dat Néidegt ze konzentréieren, hunn eppes bruecht. Fir Panik war herno nach Zäit.

Hatt wousst genee, wou d’Helena higaange war. Et gëtt gäre behaapt, datt Teenageren, déi wéineg schwätzen, net duerchblécke loossen, wat si denken. Aus Erfarung –      hatt war dem Helena net esou onänlech, wéi et sech dat oft gesot huet – wosst d’Interfacerin, datt manner Wierder net bedeit, datt si manner wichteg waren.

D’Helena hat scho kloer gesot, wéi d’Missioun besser oflafe kéint.

𓆣

D’Geschichte sinn der Realitéit net gerecht ginn. Dat war déi éischt Conclusioun, déi d’Sarin gezunn huet, wéi hatt fir d’éischt an hirem Liewen e Fouss an eng verluere Stad gesat huet. Jo, do ware gréng iwwerwuesse Gebaier, déi esou héich an d’Luucht gewuess sinn, datt engem schwindeleg ginn ass, wann een eropgekuckt huet. Jo, déi futtis Stroosse ware voller aler Autoen, déi verrascht waren a just nach plazeweis verroden hunn, wéi eng Faarf si ursprénglech haten. Jo, déi eenzeg lieweg Wiese waren Déieren, déi hei en neit Doheem fonnt hunn an irritéiert vun dësem frieme Wiese waren. Mä eng Saach hu se ausgelooss: Wéi roueg et war.

D’Interfacerin hat d’Waff vun der Schëller geholl. Op senger Netzhaut huet et eng Positioun op der Kaart rout ugewise krut. Eréischt wéi hatt an d’Stad komm war, huet d’Uertung nees funktionéiert. D’Räichwäit vum Helena sengem Equipement war net grouss, also wousst hat, datt et no wier. Wéi no, dat huet et gemierkt, wéi hatt säi Léiermeedche jäizen héieren huet.

Den Alen hat ëmmer drop bestanen, datt ee kierperlech fit bleift, och wann d’Aufgabe vun den Interfacere meeschtens kenger kierperlecher Natur waren. Fir d’zweet huet hatt an engem Dag misse sengem Léiermeeschter Merci soen.

Et war e komeschen Dag.

Dräi Stéck ware bei sengem Léiermeedchen an engem vun de ville Gebaier, där hir Fronte mol eng Kéier aus Glas bestanen haten. Si hu sech esou gestallt, datt et keen Auswee fir hatt gouf. A si sinn ëmmer méi no komm. Wann d’Sarin méi Zäit gehat hätt, hätt et probéiert, mat den Automaten z’interfacen. Mä hatt hat keng Zäit, och wann d’Helena hektesch op sengem Schierm getippt hat. D’Automaten an dëse Stied waren anescht, wéi an de Statiounen. Si ware wëll, hir Programméierung duerch autark KI-Léiersystemer ëmmer méi korrumpéiert ginn, an domat potentiell geféierlech. Nee, hatt huet misse méi direkt, méi perséinlech ginn.

D’Sarin hieft d’Waff a widderhëlt eppes, wat den Alen him um Schéissstand ëmmer gesot huet: “Nëmme well s de et hei kanns, heescht dat net, datt s de et wierklech kanns.”

Seng Hänn hu geziddert, well et drop ukoum. Zwee Schëss, dräi potentiell Géigner. Hatt hëlt déif Loft a fir eng Sekonn bleift d’Viséier roueg.

E Geräisch, wéi wann 1000 Leit gläichzäiteg mam Fanger an e Verstäerker era geschnippt hätten, zerrappt d’Rou vun der verluerener Stad. E staarke, kuerze Stouss fiert vun der Schëller aus duerch säi Kierper, iert en haart Summen ufänkt. Et schäppert, eng Akkuzell flitt fort. Den Display weist eng eent un. D’Sarin hieft de Kapp a gesäit, datt ee vun den Automate säi verluer huet. Déi aner zwee Automaten hu sech zu him ëmgedréint, hatt ugekuckt an duerno een deen aneren. Si waren zu engem Accord komm: Si géingen sech lues awer respektvoll vun den zwee Mënschen zeréckzéien, a kee vun hinne géing den zweete Schoss erliewen. Zum Gléck wousst kee vun hinnen, datt et nëmmen en zweete Schoss géing ginn. Wéi d’Automate bis fort waren, huet och d’Summen opgehalen. Déi zweet Charge war domat prett, och wa se net méi gebraucht géing ginn.

Déi zwou Fraen hu sech net beweegt, sou laang wéi d’Automaten nach do waren. D’Helena huet fir d’éischt just mat groussen Ae seng Léiermeeschtesch fixéiert. Mä duerno huet eppes anescht säin Interessi voll ageholl: d’Reschter vum Automat. Wéi déi aner Automate bis fort waren, ass d’Helena bei de Koup Metall gaangen an huet sech niewendru gehockt.

“Den Automat ass ausser Gefecht, falls dir dat Suerge mécht. D’zentral Steierungsunitéit sëtzt am Kapp…”

Fir déi éischte Kéier zënter datt si fortgaange waren, huet d’Helena geschmunzelt. Säi Schierm huet him eng gutt Noriicht ugewisen. An eréischt elo huet d’Sarin realiséiert, wat säi Léiermeedchen do gesicht – an esouguer fonnt – huet.

𓆣

Si konnten d’Statioun scho gesinn, wéi d’Helena sech decidéiert huet, eppes ze soen. Zënter der Stad, also engem hallwen Dag, huet keent vun deenen zwee eppes gesot. D’Sarin huet dat esou interpretéiert, datt et näischt dozou ze soe gouf an hatt wollt säi Léiermeedchen net vernennen.

D’Sarin wollt et besser wéi den Ale maachen.

“Et deet mir leed.”

Méi krut hatt net iwwert d’Häerz. Mä et war méi wéi genuch.

“Ëmmerhin hu mir allen zwee vill geléiert”, huet d’Sarin zouginn. Si stounge quasi direkt virum Haaptgebai vun der Statioun. “Keng Begréissungsparty?”

Eppes huet definitiv net gestëmmt. D’Automaten, déi sech ëm d’Statioun gekëmmert hunn, hätte scho laang mierke missen, datt Mënschen am Perimeter opgetaucht waren. Am Fong hätte si missen ofgefaange ginn, well Mënschen, mat Ausnam vun den Interfacer, guer net esou no un eng Statioun dierfen. Genau dowéinst huet d’Sarin seng Waff nees an Uschlag geholl. D’Zuel um Display huet hatt net berouegt.

D’Haaptdier war zou. Eng gutt Geleeënheet, fir d’Helena üben ze loossen. D’Teenagerin war frou, sech e bësse beweisen ze kënnen an huet sech direkt un d’Aarbecht gemaach. Et huet zwar méi laang gedauert, wéi dat beim Sarin de Fall gewiescht wier, mä hatt huet awer eng gutt Aarbecht geleescht. Déi grouss Dier huet reagéiert an ass opgaangen. D’Sarin huet him e klengt Laache geschenkt, wéi d’Helena opgestanen ass.

D’Kontrollzentral war komplett an der Däischtert.

“Hei schéngt et e Problem mam Stroum ze ginn”, huet d’Helena bemierkt.

Eng Energiezentral mat engem Stroumproblem? Net onméiglech, mä wat war geschitt?

D’Sarin ass op eemol stoe bliwwen an huet och säi Léiermeedche festgehalen. Virun hinne war eppes. Hatt hieft seng Waff, e klengt Surren huet him verroden, datt si prett war. Ee Schoss, dat huet missen zielen. Hatt wousst, datt et d’Automate vun der Statioun wieren. Mä hatt wousst net, a wéi engem Zoustand si waren. Si stounge virun der riseger Konsol, de villen iwwerdimensionéierte Schiermer, déi et den Erbaueren erlaabt haten, fir d’Statioun ze kontrolléieren. Si ware fir d’Automaten net wichteg, si hunn direkt mam System geinterfacet. D’Automaten hunn net reagéiert, wéi hatt op si geziilt huet.

“Komesch”, huet d’Helena gesot. Et war komesch: En Automat a Gefor huet aprogramméiert Routinnen, fir fortzelafen oder sech ze wieren. Alles a gewësse Parameteren, versteet sech. Guer keng Reaktioun ze weisen, dat war effektiv komesch.

D’Teenagerin ass ouni Angscht bis direkt virun eng vun den Unitéite getrëppelt. Hatt huet op säi Schierm gekuckt. D’Sarin huet mat der Waff op de Buedem gewisen a sech ëmgekuckt. Am Hallefdäischter war keng Gefor ze gesinn. Also huet et säi Léiermeedche gewäerde gelooss. Et sollt sech roueg hei beweisen. Net hatt mam eegene Kënnen erdrécken an erstécken. Net dat Aalt ginn.

D’Helena war hannert den Automat gaangen an huet no eppes gesicht. “Ah!” Eppes huet noginn an ass mat engem klenge Quiitschen opgaangen. Hatt wullt am Rucksack, fënnt eppes, wat et an der verluerener Stad matgeholl hat. De futtissen Automat hat et net gebraucht. Mä deen heite war net futti. Et schrauft an dréint, et quiitscht an et klickt. Zwee kënschtlech A liichten op.

“Identifizéieren.”

“Interfacer 981223A an 981223a.”

Den Automat huet d’Sarin fixéiert. Hatt wousst, datt e Scan géing lafen. Et gouf keng Gefor. De Grëff ëm d’Waff ass méi fest ginn.

“Identifizéierung ofgeschloss.”

“Rapport?”, huet d’Sarin gefrot. Warscheinlech wosste si, wou de Probleem louch.

“Versuergung duerch Panele gestéiert.”

D’Solarpanelen? Déi sollten dofir suergen, datt d’Statioun autark bliwwen ass an d’Energie vum Mound ausschliisslech fir d’Kommune benotzt ginn ass. Wa si ausfalen…

“Den Automaten ass de Stroum ausgaangen”, huet d’Helena festgestallt.

“Firwat goufen d’Panelen net restauréiert?”

𓆣

D’Äntwert war einfach, hu si misse feststellen, nodeems si iwwert eng Lieder op den Dag komm waren. D’Maintenance war net korrekt ausgefouert ginn. Villercher haten hir Näschter gebaut, verschidde Kabele waren an engem méi wéi schlechten Zoustand, Stëbs a Knascht hu sech op d’Panele geluecht a verschiddener ware futti gefuer, warscheinlech duerch Knëppelsteng.

“Ech mengen, ech muss är Programméierung, wat Maintenance ugeet, mol eng Kéier iwwerschaffen”, huet d’Sarin gemengt. E léisbare Probleem. Mä net an deenen zwee Deeg, déi hinne bliwwe sinn. “Wat ass den Zoustand vum Noutaggregat?”

Kee Stroum. D’Energiezell war komplett platt, huet sech verausgaabt, fir all d’Automaten um lafen ze halen, déi incapabel waren, fir d’Solarpanelen ze reparéieren. En Däiwelskrees vu schlechter Maintenance, onglécklechen Ëmstänn an Negligence.

D’Helena huet ouni dozou ugewisen ze ginn, d’Energiezell vum Noutaggregat erausgeholl. “Komplett platt. Wéi léise mir dat?”

D’Sarin huet ëmmer nach d’Waff am Grapp gehalen. Hatt huet sech déi ganzen Zäit net komplett sécher gefillt. Hatt kuckt d’Helena, dann den Display mat der “1”. Et dréint d’Waff zur Säit, séchert se, zitt e Reedel zeréck, an hëlt eng identesch Zell aus dem Gewier.

Direkt a perséinlech.

Author

  • Scho relativ fréi huet de Sven Wohl (*1985) sech u spekulativer Fiktioun versicht. 2014 huet e mat "Die Einsicht" en éischt wierk an dëser Richtung erausbruecht. Spéider si säin éischte Roman "Loosst den Doudege schwätzen" (2016) an en éischt Kannerbuch "De Molbier" (2019) erauskomm.

Prev
SOLARPUNK: The Heart of the Sun
Next
SOLARPUNK: We Remain Under the Sun