• ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
ANERWELTEN
Post Image

[by COSIMO SUGLIA]

The Barometz feeds on soil nurtured, away from eyes resting, for if they see; look unto the lamb, its stasis will not tell that in the dead of the night, the umbilical connection to earth becomes puppeteer, let’s the lamb roam, not far but enough movement to satisfy hunger, and in their symbiotic relationship they will survive into infinity.

D‘Waasser wat dech verschléngt war onerwaart waarm.

Du, Matrous, wäerts stierwen.

D‘Mier schléckt dech of ouni dech geknat ze hunn. D‘Saier vum Salz wäert däi Fleesch opléisen. D‘Fësch a Waasserwiesen wäerten dech friessen, Stéck fir Stéck, och wann si Mënsch net verdroen, woen si sech, well d‘Stëmm an hire Käpp d’Iwwerliewen iwwert all aner Instinkt verkënnegt.

Du gesäis de Bauch vun dengem Boot. Et brécht d‘Uewerfläch, kuckt dir no wéis de lues erofgezu gëss, mee stréckt d‘Hand net aus.

D‘Wolleke vum Stuerm, déi dech vum Boot gestouss hunn, verdecken d‘Sonn. An awer, schéngt e Stral op däi Gesiicht; op deng mof Lëpsen a wäisse Baart.

Du waars, éier dass de Matrous gi bass, méi aus Necessitéit wéi elo wëllen, och wann déi roueg Nuechten um Mier dir deng Séil zeréck ginn hunn, Biolog gewiescht.

Du, Biolog, bass gestuerwen.

The Lamb, fruit of the flower, observes, like a lighthouse. In the distance, the Barometz Lamb sees wolves creep through the valley, their hunger seeping through their rotting fangs, saliva slurs down their mouths, and as each drop falls on the grass, it browns under its acid. The vegetable Lamb of Tartary becomes the target.

Du läis um Boot. Du späiz de Recht Waasser wat der am Mond, am Hals, Longe bliwwen ass eraus. Fir ee Moment huet deng Physionomie sech geännert. Nach ee Moment méi, da wiers de Fësch, häss an dengem Hals Kim kritt, an da wiers de dout, oder lieweg, utopesch. Topeg gestuerwen. Ersoff, eent mat deem wat s de wéi dat Eent gesäis.

Du kucks deng Äerm un. Blo Nerven zéie laanscht deng Tattooe. Ronderëm, wéi wann déi Nerven der d’Faarf an der 3. Kuuscht vun denger Haut géifen aus dem Wee goen.

Op dengen Äerm si rout Flaatschen. Se dinn net wéi, du weess wat Péng ass, an awer sinn se do. Se sinn onangeneem. Maachen et, dass du deng Haut spiers, souguer an der Keelt vun der Nuecht.

Uewen, iwwert der Kabinn, fléie Mécken a Matten an d’Luucht. Raschten, kucken, verstinn, dass d’Luucht alles ass an dass alles d’Luucht ass. Hir Energie, hiren Driff.

Du dréins de Kapp a gesäis am Eck vum Boot en Oktopus. Knapps esou grouss, wéi d’Këscht niewent him. Déi donkelgro Këscht mat gielem Deckel ass voll mat Material. Messer, Netz, Filter, Fëschpick.

Den Oktopus ass donkelgro, mat gëllen Aen. Rechteckeg, schwaarz Pupille kucken dech un. Kucken an dech eran, an du weess et einfach, du weess et, well d’Flaatschen op dengen Äerm bäissen, dass du elo muss zeréckkucken, wéi s de dat villäicht virdrun nach ni gemaach hues. Deng Äerm strecke sech, gräifen nom Oktopus, zidderen am Hang. Deng Been, leider, wëllen net matmaachen, nach net jiddefalls, also schläifs de géint de Buedem. Du schläifs, wéi wann s de selwer en Oktopus wiers iwwert de Mieresbuedem.

Den Oktopus, däi Gaascht, däi Frënd, deng Zukunft kënnt der entgéint. Seng Tentakele rullen iwwertenaner, drécke säi Kierper no vir, suckelen sech fest, loosse lass, suckelen sech fest.

Deng Kleeder, Matrous, si schwéier wéi Bläi. Däi Baart schmaacht salzeg, schmaacht a fillt sech u wéi Algen. Du hiefs däin Aarm nach eng Kéier, versichs den Oktopus unzepaken, a wéis de et an denger Haut verspuert hues, gräift den Oktopus no dir.

Deng Hand a sengem Tentakel.

Säin Tentakel an denger Hand.

Dir sidd Union, dir sidd Symbiotesch, eent an dat selwecht.

In the depth of the sea, the Hydra awaits those who yearn to cut her heads off. In the depth of the sea, light only reaches those who need it. Scales glisten as time passes, there, in the depth of the sea. Come Barometz, Vegetable Lamb of Tartary, you are one of us.

“Haut,” sees du, Matrous, oder wéi deng Leit dech elo nennen: Kapitän. “Haut kritt d’Otis säi Partner,” bläers de an e Mikro. Virun dir schaukelt en Nascht vu Booter. D’Sonn spigelt sech an de Solarplacken of. Kuerz hues de dech an hirer Schwäerzt verluer.

Eng Mass vu Leit, déi meescht ouni Kleeder, ausser Schwammsaachen, klappen. Bierelen dir entgéint. Niewent dir steet e Meedchen. D’Otis ass dat Jéngsten am Netz. Seng Mamm, d’Arianna, koum deemools mam Otis bei dech, nodeems dee schreckleche Stuerm d’Küst vu Portugal zerstéiert huet.

“Um Internet,” sot d’Arianna deemools. “Do schwätzt ee vun dir.”

Du waars deemools mam Snu’g eleng. Wéi si et matkruten, dass du hei wiers, hei liefs, wosst du net. Self-sustained Nomad, hunn si dech am Fernsee genannt. The Octopus Handler kruss de um Internet als Spëtznumm. Du waars Phänomeen. Dir waart Phänomeen, de Snu’g an du, eng Symbios. Future of Humanity? huet een Artikel gefrot an ass du viral gaangen.

Du wollts keng Interviews maachen. Hues leit verjot. Sos hinnen, wa si Interessi hunn, dass si sollen deng wëssenschaftlech Artikele liesen. Do hues du alles am Detail beschriwwen. Mee dat geet hinnen natierlech net duer. Hir eekleg Fangere wollte méi. Hu gegruewen, wollte gruewen, bis si op Gold stoussen.

De Snu’g mierkt, dass de, wéi ganz oft, kuerz fort bass. Du spadséiers grad an der Donkelheet vun dengem Kapp, sichs do no Äntwerten, déi s du, nee, déi dir kee ka besuergen. De Snu’g leet seng Tentakel op dengem Genéck, saugt sech fest, an zitt d’Tentakel abrupt lass.

Du kënns erëm zou dir.

Ronderëm waarden si op dech, déi, déi an dengem Netz matliewen. Du gesäis de Klam, e grousse Japaner, deen an de Philippinnen opgewuess ass, éier dass d’Philippinnen vun engem Tsunami verschlonge goufen. Du gesäis d’Janara, ouni Kap, ouni Schutz géint d’Hëtz an der Sonn. D’Janara ass et gewinnt, hatt ass opgewuess an engem Palestina wat esou waarm an dréchen ass, dass d’Sonn him hei näischt ausmécht.

Dem Janara säi Partner – e mofen Oktopus, mat nëmme siwen Äerm, hänkt op sengem Réck, hält sech vir fest mat engem Tentakel, wat vun ënnen, ënnert dem Bauch no uewe gräift, an een zweeten Tentakel wat iwwert d’Schëller läit. Wéi d’Janara sech kuerz ëmdréint, gesäis du wéi säi Partner schléift.

Du muss kuerz schmunzelen.

“Du packs dat, Otis,” jäizt e Meedchen zwee Booter virun dengem. D’Jak (dem Otis seng Frëndin) huet e roude Bikini un. Um Kapp, säi Partner. En Oktopus esou gëlle wéi dem Jak seng blond Hoer.

Du dréins dech zum Otis. D’Uspanung verstoppt hannert der Freed. “Snu’g, your turn.” Den Oktopus rutscht däin Aarm erof a leet sech op d’Schëller vum Otis nidder. “Du kenns de Prozess,” sees du.

“‘Tierlech,” äntwert hatt. Um Otis senger bronger Haut leet sech e Schläim. “Ech hunn 30 Minutte, schwammen erof an d’Oktopolis.”

“Genee.”

“An der Mëtt vun der Siidlung waarden ech. Ech muss waarde bis mir een entgéint kënnt.”

“Du muss dech op si aloossen.”

“Dee richtege kënnt schonn,” seet d’Otis, net fir ze bestätege wat hatt muss maachen, mee éischter fir sech selwer ze vergewësseren.

“Spuer deng Loft. Ech weess, dass d’Opreegung dat méi schwéier mécht. Ech weess, mee du muss et aushalen,” du nécks mam Kapp. Hatt néckt dir zeréck. “Ech gesinn, de Snu’g ass gläich fäerdeg mam Symbiosum.”

D’Otis heemelt den Oktopus um Kapp. De Snu’g léisst fiicht Geräischer lass, bal, wéi wann eng Kaz géif schnurren. D’Otis muss laachen. Du wëlls och, mee d’Panik setzt an. Bis elo ass bei der Wal nach ni eppes passéiert. Béid Populatiounen hu sech verstanen, hu sech géigesäiteg respektéiert. Verstinn och, dass et just mam Respekt geet. Fir dass eppes Neies kann entstoen, lues, mee sécher. Trotzdeem, du hues ëmmer Zweiwel.

Du has dat schonn am Studium.

Du has dat scho mat der Hochzäit.

Du has dat scho mam Snu’g.

Kapitän ass dee falschen Titel deen s de verdéngs. Wrack wier méi passend, mee du weess och, dass e Wrack déi Iwwerliewent kann un d’Uwänner bréngen. Du weess, dass e Wrack déi Iwwerliewent kann am Mier schwiewe loossen, du kann si erhalen, bis eng richteg Rettung kënnt.

Well d’Alternativen existéieren net. Also, dro se mat dengem Réck, dengem Wëssen, dro se, du Wrack.

D’Otis spréngt an d’Waasser.

When Barometz looks at sheep, it does not feel like it is part of them. Barometz is different. Intently, it is part of the world, while sheep are world apart. Barometz, Vegetable Lamb of Tartary, is Hydra. It shows teeth, feeds on those who try to produce pain. It heals and regrows, not like sheep, who let themselves be purged and eaten.

Barometz survives on the sun-dried steppes.

Barometz swims and sleeps on sandy shores.

Barometz lives in the living garden of longitude.

De Kapitän ass dout. Hie gouf erschoss, well hien net wollt kapituléieren.

D’Onrou am Netz wandelt sech an Haass an Aggressioun.

Nodeems de Kapitän sech verweigert huet, dem Militär d’Gewässer z’iwwerloossen, sote si, dass d’Netz sollt verschwannen. Souguer nodeems de Generol virum Kapitän d’Pistoul erausgezunn huet, huet de Kapitän net gezéckt.

“Mir sinn d’Netz,” sot de Kapitän. “Mir liewen an existéieren hei. Eent mat der Oktopuszivilisatioun, déi do ënnen lieft. Dir kënnt net einfach esou hei era laatschen a mengen dir kënnt hei alles iwwerhuelen.” D’Sonn schéngt op dem Kapitän säi gro-wäisse Baart.

“Mir maache wat mir wëllen,” seet de Generol. “Mir hunn d’Nationalrecht drop.” De Generol hat en Akzent, deen de Kapitän net positionéiere konnt. Hie war sech mol net sécher, op et en Akzent war, oder wéinst dem Generol senger geschwollener Lëps.

“Wat fir en Nationalrecht? D’Welt vreckt. Mir iwwerliewen. An d’Recht op Liewen, ass net diskutabel.”

Eng Well schlappt géint d’Boot. De Snu’g wiesselt d’Faarf an hänkt um Kapitän senger Broscht. Wéi eng rout-gréng, duerchsichteg Posch gefëllt mat Flëssegkeet, kräizen a beweegen sech d’Faarwen, een iwwert deen aneren. Et ass eng kaleidoskopesch Agitatioun.

De Kapitän trëppelt méi no un de Generol.

“Mir iwwerhuelen. Keng Diskussioun, do hutt dir Recht.” De Generol mécht d’Sécherheet vun der Pistoul lass.

Dem Kapitän säi Bléck gëtt vun de Welle gezunn, brécht géint d’Militärschëff hannert dem Generol. Eng gigantesch, donkelgro Basis, déi mat Steng vu geféierleche Küste kéint konkurréieren. E perfekt Boot fir en Duerf, seet de Kapitän sech.

“Ech schwätze mat dir, du schläimege Freak,” seet de Generol. Soubal hien de Saz fäerdeg hat, ass de Snu’g vum Kapitän erofgesprongen an an d’Gesiicht vum Generol. De Kapitän hat net reagéiert. Wisou och? Hien hätt net kéinten de Snu’g stoppen. Si si Symbios mee och Individuum.

Wat de Kapitän awer wosst, ass dass dat säin Doud heescht. Hien duecht, wann hien um Stierwe géif léien, dass et Erléisung wier. Dass hien dat konstant d’Gefill vum Friem sinn, wat seng Siicht a säi Gesiicht a säi Kierper dausche léisst, endlech lass géif ginn. Mee hien huet sech geiert. D’Gefill wat elo un him klieft, sech duerch säi Kierper zitt, wéi e Gëft ass Roserei, mee och, komescherweis, Hoffnung.

Hoffnung am Stierwen; Hoffnung fir d’Zukunft.

D’Kugel ass duerch seng Broscht, duerch seng Longen. Si goung och duerch en Tentakel vum Snu’g. An räisst hien iwwert d’Boot an d’Waasser.

De Kapitän ass dout.

D’Wrack ass lieweg.

D’Netz wiert sech.

Barometz is dead. Consumed by wolves. Taken for sheep; taken for meat, but in reality vegetable. The wolves hurt, they hunger, they weaken, and are eaten by crying Hydras.

Barometz lives in the Hydras’ heart.

Impressionant, grujeleg, kräfteg. Verschidde Wierder si besser wéi anerer fir dat wat grad baséiert ze beschreiwen.

D’Waasser brécht vun ënnen. Awer et ass net e klénge Krees. Net, wéi wann e Mënsch oder Oktopus vum Schwammen eropkënnt mam Kapp, nee. Et ass, ongeféier esou grouss wéi d’Fläsch vun engem Boot.

Net nëmme brécht d’Waasser eemol vun ënnen, nee, ganzer aacht mol, an dat gläichzäiteg. Gigantesch Dunne vun Tentakelen, mat Ventousen esou grouss wéi Lotusblieder, briechen d’Uewerfläch vum Waasser.

Dës Tentakele spräizen an den Himmel, bis se ronn briechen a sech ronderëm d’Militärschëff wéckelen.

D’Netz ass roueg.

D’Militärschëff bläert.

An engem aarmséilege Versuch, sprangen Zaldoten an d’Waasser, mee do waarden Oktopusser, vu verschidde gréissten, déi si no ënnen zieren, an d’Déifte vun hirem Oktopolis. Hinnen d’Loft klaut. Waarden, bis d’Longe gefëllt si mat Waasser, a si an hirem eegenen Nationalrecht ersaufen.

Wéi déi gigantesch Tentakelen d’Militärsboot no ënnen zitt, spléckt d’Waasser sech. Wellen, déi ëmmer méi grouss ginn, drécken d’Booter vum Netz fort.

De Snu’g, deen taucht niewent dem Kierper vum Kapitän op. De Snu’g vibréiert an zitt de Kierper mat an d’Waasser.

Elo ass dem Kapitän säi Boot eidel.

D’Häerz vum Netz ass verläscht. E Wrack.

Mee si all wëssen et, si, d’Otis, de Klam, d’Janara an all déi aner, dass iergendwann, d’Tentakele vum Liewen d’Häerz erëm zum klappe bréngt.

Well d’Netz stierft net. D’Netz sammelt an hëlt op.

D’Netz gräift no Hoffnung.

Eventually, Barometz will grow back.

As vegetables do.

As Hydras do.

Author

  • Cosimo writes short-stories, poems, and plays. He has published texts with Les Cahiers Luxembourgeois, Black Fountain Press, Nos Cahiers and Solarpunk Magazine. Cosimo received the 2021 Chrysalis Award for Luxembourg: an award dedicated to emerging writers in the speculative fiction genre. Cosimo likes frogs and insects, and he sometimes says words out loud, which makes people laugh, much to his surprise. You can find more about him on cosimosuglia.com

Prev
SOLARPUNK: We Remain Under the Sun
Next
SOLARPUNK: Avalon 21st Century, Corner of Chambers and Broadway