• ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
ANERWELTEN

MELENCOLIA I

Post Image

(Text by Cosimo Suglia)

Note: The following text first appeared in a literary zine by our editor Cosimo Suglia. It was a special-made zine for the Luxembourgish book fair Walfer Bicherdeeg 2022 — the concept and main theme of the zine is simple: 4OUR. There are four stories in the zine, two in English and two in Luxembourgish. There are four acts to each story. And, lastly, the stories were written four you. In the span of the next weeks, the stories will be published here on Aner Welten. The idea behind the zine, was to introduce the local reading community to alternative ways of publishing literature. We thus highly encourage others to research what zines are and perhaps emulate our effort!

Four a future full of literature and art. Four a future full of speculative fiction. Four a future full of zines.

 

𓆣

 

I.

Nodeems den Albrecht d’HolzkĂ«scht opspĂ€ert, sprengt eraus e Wiesen, wat den Albrecht just als Hues ka beschreiwen.

Obwuel, net sĂ©cher, hie mengt, dass eppes um VĂ©i him komesch virkĂ«nnt. D’Fell war gro, wĂ©i d’Faarf vun engem Fiels, naass mat der Fiichtegkeet vun der Nuecht. An d’Aen ware gĂ«llen, wĂ©i d’Kroun vum Sonnekinnek.

Den Hues, Ă©ier dass en den Atelier verlĂ©isst, drĂ©it sech Ă«m a bĂ€isst sech selwer an d’Patt. DĂ©i rechteckeg ZĂ€nn schneiden duerch d’Fell a Fleesch. Esou einfach. GĂ«llent Blutt leeft him d’Patt erof. DrĂ«pst op de Buedem.

Den Albrecht laacht, bis d’WĂ©nkele vu sengem Mond seng Oueren upaken. Seng Neel doen him wĂ©i. Hien hĂ«lt e Pinsel an e Kader. Hie stellt sech niewent d’gĂ«lle Blutt vum Hues. Mam Fanger geet hien duerch d’Blutt. Et blĂ©ift op senge FangerspĂ«tze pechen, bis, nodeems hien de Fanger diebelt, et drĂ©chent an a Flacken op de Buedem fĂ€lt.

Hierscht, denkt sech den Albrecht. Et ass dĂ©i ZĂ€it am Joer, wou hien sech am wuelste fillt. De Reen dauscht duerch d’Nuecht. D’Wolleke bemolen den Himmel. D’Sonn geheit komesch Schiet. Dat GrĂ©ngt schmĂ«lzt an de brongen Doud.

Den Albrecht leckt d’Gold vu sengem Fanger of an denkt dobĂ€i un de Goertz. An NĂŒrnberg kĂ«nnt Geld op d’Welt. An Italien richt et no Salz a Revolutioun.

Den Albrecht hieft de Pinsel un.

Den Henker, do Ă«nne beim Floss am Henkershaus, hieft d’Aaxt un.

Dem Hues gëtt de Kapp ofgeschnidden.

 

II.

Dem Engel Melencolia feelt d’ZĂ€it.

Hei, an der Éiwegkeet, gĂ«tt nĂ€ischt al. De Ball rullt op der Plaz. D’See seet villes an nĂ€ischt; keng ZĂ€it, well se huet d’ZĂ€nn voll mat Bam an Holz. Den Hond schlĂ©ift sĂ€it ∞.

Den Albrecht zeechent.

“Mol mech,” sot d’Melencolia him.

“Bas du en Hues?” freet den Albrecht.

D’Flilleke vun der Melencolia sinn net gro oder gĂ«llen, mee mĂ©i. Se si wĂ©i d’Flilleke vun engem Bloe Rackert. DĂ©i Plommen um Kierper, dĂ©i sech gĂ©int RĂ©ck a Broscht drĂ©cken, si brong an donkelrout, wĂ©i d’Hierschtblieder, dĂ©i am September duerch den Dall schwammen. DĂ©i kleng Plommen, dĂ©i sech gĂ©int d’Haut tĂ€sselen si Molbieren a Salbei, wat sech streckt a streckt, bis et BĂ«sch ass, an Ă«nnen, bei de laange Plommen, gĂ«tt een de BĂ«sch einfach net lass, well et endegt an engem donkele Floss, wou d’DĂ©iften dech erofrĂ€issen, op deng Siicht an Ae bĂ€issen, bis dat DĂ€ischtert alles gĂ«tt wat s de jeemools kannt hues.

An dĂ€rbaants den Albrecht zeechent, mat all strĂ©ilen, kann d’Melencolia am Hannergrond hĂ©ieren, wĂ©i d’SandkĂ€re falen.

“Bass du d’Éiwegkeet?” ass wat d’Melencolia den Albrecht freet.

“Ech si KĂ«nschtler,” ass wat hie seet.

“Nee, du bass Hues,” ass wat d’Melencolia fest gleeft.

 

 

III.

Dem Kiewerker seng Zaange gesinn aus wĂ©i d’SchwĂ€nz vu Walen. Hire schwaarze Kierper kontrastĂ©iert d’Wolleke vun Hielenter, dĂ©i nach net ganz an der BlĂ©i sinn. Den Albrecht nennt se Rhinozerossen. Hie fĂ€nkt der an zermuelt hire Kierper fir Faarf.

Liewen opfere fir d’Konscht. Konscht maache fir ze liewen.

Iergendwou, net wĂ€it wech vum Albrecht, sĂ«tze klĂ©ng Meeschteren a krazen an d’Holz. Se lauschteren dem Holz no. Fueren dem KĂ€r no, mat der SpĂ«tz vun hirem Geschier, bis e Bild entsteet. En Ofdrock vun eiser RealitĂ©it. D’Natur zu eisem Virbild Ă«mformen, bis d’Melencolia hinnen an d’Ae kuckt, hir Nimm rifft. Konstant. Ëmmer erĂ«m. Bis e Sonneblummefeld se deet d’Ouer ofzeschneiden. Well se kĂ«nnen a wĂ«llen hire Numm net mĂ©i hĂ©ieren. ErĂ«nnerungen un d’Vergaangenheet, un hirer Existenz, dĂ©i se sichen a sichen, mee net fannen.

Den éiwege Luef.

Mee d’Sich nom Ă©iwege Gruef.

D’Konscht lĂ€it verstoppt an der Liederhaut vun engem Rhinozeros, seet den Albrecht.

D’Melencolia ass net averstanen.

Well fir hatt, lĂ€it d’Konscht an der Éiwegkeet.

 

IV.

Den Albrecht ass dout.

Am Duerf lĂ€it de Kierper vun engem Hues. Grouss, wĂ©i e Faass. Mat Fielsefell a Krounenaen. De Kierper schmĂ«lzt um Pawee viru sech hin. D’Aen, fiicht vun der Middegkeet; vum leschte Moment, kucken an den Himmel. D’Blo Rackerten Ă«mkreesen d’Maartplaz zu NĂŒrnberg. D’klĂ©ng Meeschtere friessen d’Kiewerker vun den Hielenter.

D’Melencolia krĂ€ischt gĂ«llent Blutt.

Den Henker sezĂ©iert den Hues. Verdeelt d’Fleesch un d’Duerf, dĂ©i sech Wochen a Wochen de Mo vollfriessen, bis se net mĂ©i kĂ«nnen, bis se den Henker bieden eppes aneres op den Teller ze brĂ©ngen, mee den Henker, stuer wĂ©i hien ass, verdeelt weider den Hues. Dat ass seng Konscht. Seng Liewensaufgab, dĂ©i hien einfach net opgi kann. Hien ass dem Kinnek sĂ€i Metzler.

Mee d’Duerfbewunner kĂ«nnen net mĂ©i.

Si kapituléieren a verwandelen sech an Huesen.

Huesen, déi gëllent Blutt spÀizen.

 

Author

  • Cosimo writes short-stories, poems, and plays. He has published texts with Les Cahiers Luxembourgeois, Black Fountain Press, Nos Cahiers and Solarpunk Magazine. Cosimo received the 2021 Chrysalis Award for Luxembourg: an award dedicated to emerging writers in the speculative fiction genre. Cosimo likes frogs and insects, and he sometimes says words out loud, which makes people laugh, much to his surprise. You can find more about him on cosimosuglia.com

Prev
777
Next
Saturnalia