(Text by Cosimo Suglia)
Note: The following text first appeared in a literary zine by our editor Cosimo Suglia. It was a special-made zine for the Luxembourgish book fair Walfer Bicherdeeg 2022 — the concept and main theme of the zine is simple: 4OUR. There are four stories in the zine, two in English and two in Luxembourgish. There are four acts to each story. And, lastly, the stories were written four you. In the span of the next weeks, the stories will be published here on Aner Welten. The idea behind the zine, was to introduce the local reading community to alternative ways of publishing literature. We thus highly encourage others to research what zines are and perhaps emulate our effort!
Four a future full of literature and art. Four a future full of speculative fiction. Four a future full of zines.
𓆣
I.
Nodeems den Albrecht d’Holzkëscht opspäert, sprengt eraus e Wiesen, wat den Albrecht just als Hues ka beschreiwen.
Obwuel, net sécher, hie mengt, dass eppes um Véi him komesch virkënnt. D’Fell war gro, wéi d’Faarf vun engem Fiels, naass mat der Fiichtegkeet vun der Nuecht. An d’Aen ware gëllen, wéi d’Kroun vum Sonnekinnek.
Den Hues, éier dass en den Atelier verléisst, dréit sech ëm a bäisst sech selwer an d’Patt. Déi rechteckeg Zänn schneiden duerch d’Fell a Fleesch. Esou einfach. Gëllent Blutt leeft him d’Patt erof. Drëpst op de Buedem.
Den Albrecht laacht, bis d’Wénkele vu sengem Mond seng Oueren upaken. Seng Neel doen him wéi. Hien hëlt e Pinsel an e Kader. Hie stellt sech niewent d’gëlle Blutt vum Hues. Mam Fanger geet hien duerch d’Blutt. Et bléift op senge Fangerspëtze pechen, bis, nodeems hien de Fanger diebelt, et dréchent an a Flacken op de Buedem fält.
Hierscht, denkt sech den Albrecht. Et ass déi Zäit am Joer, wou hien sech am wuelste fillt. De Reen dauscht duerch d’Nuecht. D’Wolleke bemolen den Himmel. D’Sonn geheit komesch Schiet. Dat Gréngt schmëlzt an de brongen Doud.
Den Albrecht leckt d’Gold vu sengem Fanger of an denkt dobäi un de Goertz. An Nürnberg kënnt Geld op d’Welt. An Italien richt et no Salz a Revolutioun.
Den Albrecht hieft de Pinsel un.
Den Henker, do ënne beim Floss am Henkershaus, hieft d’Aaxt un.
Dem Hues gëtt de Kapp ofgeschnidden.
II.
Dem Engel Melencolia feelt d’Zäit.
Hei, an der Éiwegkeet, gëtt näischt al. De Ball rullt op der Plaz. D’See seet villes an näischt; keng Zäit, well se huet d’Zänn voll mat Bam an Holz. Den Hond schléift säit ∞.
Den Albrecht zeechent.
“Mol mech,” sot d’Melencolia him.
“Bas du en Hues?” freet den Albrecht.
D’Flilleke vun der Melencolia sinn net gro oder gëllen, mee méi. Se si wéi d’Flilleke vun engem Bloe Rackert. Déi Plommen um Kierper, déi sech géint Réck a Broscht drécken, si brong an donkelrout, wéi d’Hierschtblieder, déi am September duerch den Dall schwammen. Déi kleng Plommen, déi sech géint d’Haut tässelen si Molbieren a Salbei, wat sech streckt a streckt, bis et Bësch ass, an ënnen, bei de laange Plommen, gëtt een de Bësch einfach net lass, well et endegt an engem donkele Floss, wou d’Déiften dech erofräissen, op deng Siicht an Ae bäissen, bis dat Däischtert alles gëtt wat s de jeemools kannt hues.
An därbaants den Albrecht zeechent, mat all stréilen, kann d’Melencolia am Hannergrond héieren, wéi d’Sandkäre falen.
“Bass du d’Éiwegkeet?” ass wat d’Melencolia den Albrecht freet.
“Ech si Kënschtler,” ass wat hie seet.
“Nee, du bass Hues,” ass wat d’Melencolia fest gleeft.
III.
Dem Kiewerker seng Zaange gesinn aus wéi d’Schwänz vu Walen. Hire schwaarze Kierper kontrastéiert d’Wolleke vun Hielenter, déi nach net ganz an der Bléi sinn. Den Albrecht nennt se Rhinozerossen. Hie fänkt der an zermuelt hire Kierper fir Faarf.
Liewen opfere fir d’Konscht. Konscht maache fir ze liewen.
Iergendwou, net wäit wech vum Albrecht, sëtze kléng Meeschteren a krazen an d’Holz. Se lauschteren dem Holz no. Fueren dem Kär no, mat der Spëtz vun hirem Geschier, bis e Bild entsteet. En Ofdrock vun eiser Realitéit. D’Natur zu eisem Virbild ëmformen, bis d’Melencolia hinnen an d’Ae kuckt, hir Nimm rifft. Konstant. Ëmmer erëm. Bis e Sonneblummefeld se deet d’Ouer ofzeschneiden. Well se kënnen a wëllen hire Numm net méi héieren. Erënnerungen un d’Vergaangenheet, un hirer Existenz, déi se sichen a sichen, mee net fannen.
Den éiwege Luef.
Mee d’Sich nom éiwege Gruef.
D’Konscht läit verstoppt an der Liederhaut vun engem Rhinozeros, seet den Albrecht.
D’Melencolia ass net averstanen.
Well fir hatt, läit d’Konscht an der Éiwegkeet.
IV.
Den Albrecht ass dout.
Am Duerf läit de Kierper vun engem Hues. Grouss, wéi e Faass. Mat Fielsefell a Krounenaen. De Kierper schmëlzt um Pawee viru sech hin. D’Aen, fiicht vun der Middegkeet; vum leschte Moment, kucken an den Himmel. D’Blo Rackerten ëmkreesen d’Maartplaz zu Nürnberg. D’kléng Meeschtere friessen d’Kiewerker vun den Hielenter.
D’Melencolia kräischt gëllent Blutt.
Den Henker sezéiert den Hues. Verdeelt d’Fleesch un d’Duerf, déi sech Wochen a Wochen de Mo vollfriessen, bis se net méi kënnen, bis se den Henker bieden eppes aneres op den Teller ze bréngen, mee den Henker, stuer wéi hien ass, verdeelt weider den Hues. Dat ass seng Konscht. Seng Liewensaufgab, déi hien einfach net opgi kann. Hien ass dem Kinnek säi Metzler.
Mee d’Duerfbewunner kënnen net méi.
Si kapituléieren a verwandelen sech an Huesen.
Huesen, déi gëllent Blutt späizen.