• ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
ANERWELTEN
Post Image

(Text by Cosimo Suglia)

I.

Du gesäis, vu wäitem, hannert den Hecken vu wou s de dech verstopps, wech vum Uwänner, wou wäisse Kräsi dorops waart deng Suelen ze bäissen, ze schneiden, wéi wann et en Teppech vu Skalpellspëtzten wier, Molchen, déi aus dem Floss erausgesprongen sinn.

A se sinn erëm dragesprongen, wann d’Haut ze dréche war; wann d’Sonn erëm ze verfroossen war. Wann hatt geféierlech gëtt, wéi eng Bekanntschaft, déi der soss ëmmer hëlleft, mee iwwerdreif et net, sot d’Mamm ëmmer, iwwerdreif net, soss, iergendwann, geschwë souguer, gëtt déi Bekanntschaft rosen, richteg rosen, well s de se nëmme nach ausnotzt, an alles wat se nach wëll maachen, ass dech schloen, dir wéidoen, dech ausdréchnen, an dech do leie loossen, fir dass de d’Friessen vun de Kiewerleke gëss.

D’Fiichtegkeet vum Bulli am Schiet richt no frëscher Liewer.

De matte Pelz vu Wëllschwäin, iergendwou hannert der, fort, mee net all ze wäit fort, richt no morschem Wäin, an an dir leeft d’Waasser am Mond zesummen, obwuel et degueulasse ass, dee Geroch, deen duerch dech zitt, net wëllkomm an trotzdeem do, sech niddersetzt an deng eegen Hoer, bis alles ronderëm der mengt du wäers och e Wëllschwäin.

Du bass der net sécher, op déi Molche vun der Fabrick sinn oder net. Oft mierkt een et hinnen net un. Si hunn Usazlinnen, déi sech op der Säit zéien, wéi schlecht geheelte Wonnen, a vir op der Schnuff ophalen, wéi en Unhaltspunkt; do, wou s de am beschten zitts fir se ze schielen. Mee du wëlls se net schielen, du wëlls se ganz, dass se Deel vun der ginn, sech an dengem Mo doheem fillen, wéi se dat och am Floss maachen.

D’Molche vun der Fabrick fénkelen normalerweis. Fénkele liicht, wéi Ueleg op Waasser, matten am Summer. Nach net ganz Spigel. Nach net ganz Äis. Wéi se amphibesch Haut nomaachen, hu si, déi do uewen am Waassertuerm, deen dir Fabrick nennt, nach net eraus. Esouwäit si der nach net. Gott kënnt dir iech nach net nennen, mee geschwënn, geschwënn.

Du, du bass kee Gott. Du bass hongereg. Du waars et schonn ëmmer. Du kënns op d’Welt a kräischs no Friessen. Du existéiers an du kräischs no Friessen. Du leefs an du fänks dir Friessen. Du spiers et an den Zänn, den Drang eppes ze friessen. Deng Zong gräift no denge Lëpsen.

E Molch rullt sech um Uwänner zesummen. Seng Haut wéi Aluminium. E fänkt u säin eegene Schwanz ze friessen. Hien, hien ass wéi s du, sees de der, et gëtt der waarm bannendran. Du drécks däi Gebëss zesummen.

Du leefs iwwert de Kräsi. De Kräsi brécht a kraacht a laacht ënnert der, wéi wann s de iwwert d’geschënnten Haut vu Maikäfer géifs lafen, mee dat ass dem Molch egal. Deen, deen huet decidéiert iwwert säi Liewen. Huet fir sech entscheet, dass hie sech selwer wëll friessen, an esou erëm gebuer gëtt. Et ass eng Revolt; eng Revolt géigeniwwer der Fabrick, déi hie gemaach hunn, ouni dass hien dat wollt.

An du, du verstees dat, gell Mamma, ech verstinn dat, du verstees dat souguer ganz gutt.

Du gräifs nom Molch a schlécks e ganz of.

 

II.

Du bass an enger Wüüst.

Sandhiwwel ëmkreesen dech, wéi eng Grupp vu massive Leit mat massive Käpp déi dech ulaachen, mee du gesäis se net laachen, well wann s de hinnen an d’Gesiicht kucks, sinn et just Masse vu Sandkäre, déi ouni hire Wëllen vum Wand gezu ginn.

An du bass dat gewinnt. Esou Gruppen, déi vun uewen op dech erof kucken, oh du klenge Batti, sot d’Mamm ëmmer, wéi wann s de nach e Kand wäers. Wéi wann se all akzeptéiert hunn, dass du einfach net d’Welt géifs verstoen, wéi si et maachen. Wat natierlech net wouer ass. Du bass hei. Si sinn do.

Hannert de Sandhiwwelen, déi och Käpp sinn, steet de Waassertuerm, deen dir Fabrick nennt. D’Sonn schléit op de groen Tuerm; Tuerm ouni Fënster, mee mat engem gigantesche Kiewerlek, Chrysochus Cobaltinus, e Kobaltkäfer, blo, wéi den Nuetshimmel wann en nach net ganz Nuetshimmel ass. De Panzer geet op, d’Flilleken spreeën sech aus, wéi Dieren — en A, mat enger Iris, genau esou Kobalt wéi de Kiewerlek, deen deng Beweegungen verfollegt, obwuel s de dech net beweegs. Wéi och, du hues keng Energie, just genuch fir z’iwwerliewen, net genuch fir fortzelafen.

D’Wüüst richt no verbranntem Brout an réiem Räis an du gëss erëm hongereg.

Du héiers Schrëtt, déi schleefen, duerch de Sand sech zéien.

E Mënschekierper, duebel esou grouss wéis du, an Aluminiumshaut, wéi déi vum Molch, deens de verschléckt hues. De Kapp vun der Persoun, verstoppt ënnert engem ronne Réimerdëppen; ronn wéi deng verfroosse Panz, an d’Faarf vun Olivenueleg.

D’Persoun steet virun dir.

D’Persoun weist op däin Häerz.

An, wéis de et ugeléiert goufs, vun denger Mamm, gräifs de an deng Broscht, laanscht deng Rëppen, puer waren der gebrach mierks de, well se do hänken, wéi Äscht am Bësch no engem Stuerm. Maach am beschten ëmmer wat d’Leit der soen, sot deng Mamm ëmmer. Maach mer wannechgelift keng Problemer, sot se oft, ganz oft, ganz ganz oft.

Du gräifs no dengem Häerz, wat am Fong net en Häerz ass, mee e rouden Apel, genau esou Rout, wéi deemools zu Reimech an de Bongerten, du an de Papp, ouni d’Mamm, well d’Mamm hat ëmmer ze vill de Réck wéi, an dat war och gutt esou.

Du gëss der Persoun do däin Häerz, wat am Fong en Apel ass. D’Persoun hält den Apel viru hirem Bauch an de Bauch spléckt sech an zwee. D’Zänn, d’Gréisst vun Dousen, weisen sech. D’Zong, esou déck a stramm wéi e jonke Krokodil.

Den Apel, wat däin Häerz ass, gouf giess an de Bauchmond huet vrun sech gelaacht. An wéi s du och mat laachen wollts, ass näischt aus der erauskomm, just waarm Loft.

Well du waars net méi du.

Du waars alles ausser du.

Du waars e Büffel an hues no alem Teppech a Grass gericht.

 

III.

De Mithi Floss leeft, kill, laanscht deng Been.

Du spiers de Buedem net ënnert dengen Houf an du weess net, op dat ass, well s de e Büffel bass oder well s de der deng Suelen futti getrëppelt hues, do, éier dass de de Molch um Kräsi verschléckt hues. Mee, du frees dech, wisou dat net ëmmer esou ass. Keng Nerven an de Féiss, dass ee kann iwwert alles a jiddereen trëppelen, ouni dass sech d’Péng duerch dat wéineg Hoff, wat dir als Mënschen hutt, sech duerchfrësst, sech d’Been eropschafft, wéi eng Boa, déi s de einfach net gestoppt kriss. An du mengs, du géifs se souwisou net stoppen. Du géifs se sech erop schaffe loossen, bis se sech ronderëm däin Hals wéckelt an der d’Loft wechhëlt, bis de schléifs, bis de o esou déif schléifs.

D’Mënsche sinn näischt wäert, gell Mamma, wat misst du der dat oft unhéieren, dass du näischt wäert bass, esou wéi e Mënsch, du bass jo e Mënsch souwisou, dofir weess du dat, dass déi näischt derwäert sinn, och wann se dat vu sech selwer mengem. Wat ass dann esou den Ënnerscheed, tëschent Mënsch a Kou? Doheem ass et Fleesch, hei an Indien, ass et Gott.

Du bass Gott hei.

Et richt no Kardamom an Lotusblieder, déi lues mat der Stréimung vum Floss, Richtung Mier oder Wéier oder Séi gedréckt ginn, wéi kléng Booter, mee ouni Passagéier. Oder éischter Passagéier, déi s de net gesäis. Wat s de gesäis, souwisou, ass just eng Illusioun. D’Realitéit e Spill; eng Falschheet. D’Fabrick, déi, déi dominéiert d’Realitéit.

Déi seet wat leeft.

Du kucks de Mound un; dee volle, ronne Mound, deen uewen am Himmel hänkt, deen, dee  souguer hannert dem Waassertuerm steet deen dir Fabrick nennt, dee keng Fënsteren huet, mee e Kobaltkäfer, deem säi Kierper en A ass.

Leit dekoréieren deng Haren mat Blummen a Blieder a kleng Säckelcher, gefëllt mat Lavendel an zermuelen Knachen, a se bieden dech, op de Mound ze fléien, deng Haren do am Buedem ze vergruewen, fir dass do e Bam wiisst. E Bam esou grouss, dass seng Äscht bis zeréck op d’Äerd gräifen, wéi d’Äerm vun Elteren, déi fir d’éischte Kéier no hirem Kand gräifen. An un de Fangerspëtze vun den Äschtenäerm si Friichten a Léift a gutt Gléck; alles wat d’Séil siedegt.

Du nécks, sees hinne Jo, dass de dat géifs maachen, mee de Mound hannert dem Waassertuerm, deens du Fabrick nenns, gëtt ëmmer méi kleng, méi kompakt. Et gesäit aus, wéi wann de Mound sech géif ëmmer méi wäit wech vun der distanzéieren, mee an der Realitéit, déi, déi d’Fabrick grad erschafft, wéi wann s de just Fiktioun wäers, ass de Mound ganz kleng ginn a kënnt ëmmer méi no. Méi laang, wéi e Nol, bis deen Nol tëschent dengen Ae sëtzt, oh deng Aen, déi och Kobalt sinn an dësem Nuetshimmel.

An d’Spëtzt vum Nol setzt un an du héiers just nach, wéi den Ausléiser gedréckt gëtt.

D’Nol penetréiert däi Kapp, deng Klatz, däi Gehier, an du spiers guer näischt méi, mol net d’Waasser vum Floss, wat lues awer sécher deng Longe fëllt, an du gesäis just nach, wéi Molchen duerch däi Mond dréngen an sech an dengem Mo festsetzen.

 

IV.

Du läis op engem Sezéierdësch.

D’Messer schneit duerch däi Lieder an deng Organer ginn a Plastik agepaakt, prett gemaach, fir de Verkaf. De Logo vun der Fabrick, e Waassertuerm mat engem A en e Kobaltkäfer, gëtt drop gepecht.

Deng Liewer, dann däin eidele Mo, dann deng Longen, mee net däin Häerz. Dat hues de jo net méi. Dat ass scho laang fort, gedu Mamma, si huet der ëmmer hannendru geheit, dass de keen Häerz hues. Et gëtt näischt wat an der schléit. An du hues dat ni wierklech verstanen. Just well s du selwer d’Molchen a Blomeesen mat Steng sezéiert hues, well s de virwëtzeg waars, wat do dra war, an deenen klenge Kreaturen, huet deng Mamm dech ëmmer ugebrëllt. Duerno misst de mat enger anerer Fra oder Mann schwätzen, déi fein mat der waren, mee net wierklech, nee. Hannert hirem Gesiicht, hues de d’Angscht an den Ae gesinn an häss der gewënscht, du häss nach däi Steen an häss hinnen de Kapp ageschloen.

Du hues keng Nerven méi, definitiv.

D’Messer spiers de einfach guer net. Nëmmen nach den Drock, wéi wann s de géint eppes drécks an drécks an de Widderstand ass do, léist net labber, bis en et awer mécht, an d’Spannung brécht ënnert dengem Drock, a schonn ass alles op. Näischt méi gëtt geblockt oder verstoppt.

Däi Ganzt läit um Dësch.

Du bass elo an eenzel Stécker. Du bass vill an awer een. Du bass hei an awer do.

An d’Leit wëllen dech, wéi se et virdrun ni gemaach hunn. Kuck, Mamma, denks de der, d’Leit wëllen eppes vun dir.

Du waars mol Gott, elo bass de Fleesch, an du fills an du weess wou s de dru bass, op alle Plazen. Mee um Enn lants de ëmmer op déi selwecht Plaz. An engem Teller.

Gréngen Teller.

Klengen Teller.

Kobalt Teller.

Zänn muelen duerch dech, duerch all Faser vun dengem Sinn, an och wann s de keng Nerven méi hues, spiers de dat. Wéi den Drock vun engem Gebëss duerch der faasst an dréckt, bis de nëmmen nach Spaut a Kalorien a Schläim bass, wat wéi e Schléck den Hals erofrutscht an an der Saier sech opléist, bis de nëmme nach Energie an Närstoffer bass.

An du bass iergendwéi frou, denks de der.

Deng Mamm huet ni un dech gegleeft. Si sot ëmmer, et wäert ni een vun dir ofhängeg sinn, dech gären hunn, dech bei hinnen akzeptéieren.

Tjo, deng Mamma louch falsch.

Well du bass Fleesch, a Fleesch ass Gott.

 

Author

  • Cosimo writes short-stories, poems, and plays. He has published texts with Les Cahiers Luxembourgeois, Black Fountain Press, Nos Cahiers and Solarpunk Magazine. Cosimo received the 2021 Chrysalis Award for Luxembourg: an award dedicated to emerging writers in the speculative fiction genre. Cosimo likes frogs and insects, and he sometimes says words out loud, which makes people laugh, much to his surprise. You can find more about him on cosimosuglia.com

    https://cosimosuglia.com cosimoprivate@gmail.com
Prev
A (W)hole
Next
Fleshgate