(Text by the Aner Welten Team)
D’Gewënner vun den Hugo Awards goufen annoncéiert. Vue dass d’Präisiwwerreechung méi wéi genuch op Englesch iwwerholl gouf, duechte mir eis, datt mir se op Lëtzebuergesch präsentéieren.
INFO: D’Hugo Awards sinn de gréissten (literareschen) Präis am Beräich vun der spekulativer Fiktioun. Den Hugo ass benannt ginn nom Lëtzebuerger Hugo Gernsback. Méi Informatiounen dozou fann der hei: https://www.thehugoawards.org/about/ an https://www.thehugoawards.org/hugo-faq/#Why%20are%20they%20called%20Hugos?
Dëst Joer gouf d’Worldcon zu Chicago, Illinois an den USA organiséiert. D’Hugo Awards goufen op der Chicon 8 gehalen. Am ganzen, esou no der offizieller Hugo-Websäit, goufe 2235 Stëmmziedelen agereecht. Fir kënnen e Stëmmziedel anzereechen, muss een e Member vun der Worldcon sinn; e Statut, deen een automatesch kritt, wann ee sech eng Memberschaft fir d’Worldcon keeft.
Ugefaangen huet d’Zeremonie mam Astounding Award, deen iwwerreecht gëtt u Schrëftsteller*innen, fir hier éischt professionell Verëffentlechung. Gewonnen huet d’Schelley Parker-Chan. Ënnert anerem waren nominéiert: d’Tracy Deonn, d’Micaiah Johnson, d’A. K. Larkwood, d’Everina Maxwell an d’Xiran Jay Zhao.
Als nächst, gouf den Lodestar Award iwwerreecht. Dëse Präis geet un de beschte Jugendroman vun 2022 am Genre vun der spekulativer Fiktioun. De Gewënner ass d’Naomi Novik mat hirem Buch The Last Graduate wat vun Del Rey Book verëffentlecht gouf. Weider Nominéiert waren d’Naomi Kritzer, d‘Xiran Jay Zhao, d’Jordan Ifueko, d’Darcie Little Badger an d’Charlie Jane Anders.
Dunn fänken d’Kategorië vun den Hugo Awards un. An der éischter Kategorie Best Fan Artist gewënnt de Lee Moyer. Keen onbekannten Numm an der Zeen. Dir kënnt seng Wierker a säi Portfolio hei fannen: https://www.leemoyer.com/. De Präis an der Kategorie vu Best Professional Artist geet un d’Rovina Cai.
Déi nächst Kategorie befaasst sech mam Thema vum Best Fan Writer. Dat heescht, hei goufe leidenschaftlech Frënn a Frëndinne vun der spekulativer Fiktioun nominéiert, déi och reegelméisseg iwwert d’Zeen schreiwen. Oft kristalliséiert sech dat dann an engem Blog oder och sozial Medien. Dëst Joer huet déi däitsch Fan-Schrëftstellerin Cora Buhlert gewonnen. Dir fannt hire Blog hei: http://corabuhlert.com/
De Best Fancast, also beschte Podcast dee vu Fans produzéiert gëtt, geet un Our Opinions Are Correct vun Annalee Newitz, Charlie Jane Anders an Veronica Simonetti.
Déi nächst Kategorie läit eis selwer immens um Häerz, vue dass mer hoffen enges Daags och op dëser representéiert ze ginn: Best Fanzine. De Gewënner vun dëser Kategorie huet dräi Kategorië virdrun och scho gewonnen, an zwar ass et de Lee Moyer, deen zesumme mam Seanan McGuire de Projet Small Gods mécht. En interessante Projet, wou jeeweils Ikonen (illustréiert vum Lee Moyer) vu bekannte mythologesche Gëtter, wéi och popkulturell Figure begleet si vu Kuerzgeschichten (geschriwwen vun Seanan McGuire).
No der Fanzine-Kategorie, kënnt natierlech Best Semiprozine. Dat heescht, déi Publikatiounen déi de professionelle Marché bestëmmen (an hei och, wie weess, enges Daags, enges Daags…). Wéi üblech garnéieren déi selwecht Nimm, wéi d’Joren virdrun, d’Lëscht. Wat eis immens gefall huet awer, ass dass FIYAH Magazine of Black Speculative Fiction d’Lëscht gemaach huet. Eng phenomenal a rezent Publikatioun, déi sech just op spekulativ Fiktioun fokusséiert, geschriwwe vu Schrëftsteller*innen, déi jeeweils eng afro- an afrikanesch Ofstamung hunn. Gewonnen huet awer Uncanny Magazine. Nominéiert waren: Beneath Ceaseless Skies, Escape Pod, PodCastle, Strange Horizons.
Déi zwee nächst Kategorië ginn iwwerreecht un déi beschten Editeuren. An der Best Editor, Long Form Kategorie gewënnt d’Ruoxi Chen, an an der Best Editor, Short Form Kategorie gewënnt den Neil Clarke. Eng änlech Dualitéit gëtt et an der Best Dramatic Presentation, also jeeweils Film, Serie oder och Theaterstéck (an nach e Koup aner Formen), hei och: jeeweils Long Form a Short Form. D’Long Form geet un Dune vum Denis Villneuve an an der Short Form geet et un The Expanse: Nemesis Games.
Never Say You Can’t Survive vu Charlie Jane Anders juxtaposéiert d’Schreiwe vu Fiktioun an d’Erziele vu Geschichten als Meditatioun an d’Verschaffe vun traumateschen Experienzen, an dat an engem Kader vu spekulativer Fiktioun. Never Say You Can’t Survive ass de Gewënner an der Best Related Work Kategorie.
De Best Graphic Story or Comic geet un d’N.K. Jemisin, déi de Skript geschriwwen huet an de Jamal Campbell deen Far Sector illustréiert huet.
Esou lues maache mer eis och a Richtung vun de literaresche Kategorien. Best Series geet un d’Seanan McGuire mat Wayward Children.
An der nächster Kategorie verlinke mer de Gewënner an och jiddereen deen nominéiert gouf, vue dass mir perséinlech fannen, dass jiddereen op dëser Lëscht immens staark Texter geschriwwen hunn, an well et och super Material ass fir sech inspiréieren ze loossen. An der Best Short Story huet d’Sarah Pinsker mat Where Oaken Hearts Do Gather gewonnen. Nominéiert waren: d’Alix E. Harrow mat Mr. Death, den José Pablo Iriarte mat Proof by Induction, d’Catherynne M. Valente mat The Sin of America, nach eng Kéier d’Seanan McGuire, déi interessanter weis eng Geschicht fir d’Welt vum Kaartespill Magic: The Gathering geschriwwen huet mam Numm Tangles an, schlussendlech, d’Blue Neustifter, déi dat ganzt Format gesprengt huet andeems si eng Kuerzgeschicht an Noriichten iwwert Twitter verëffentlecht huet, wou béid Persounen en Austausch hunn an ee vun hinnen deklaréiert, dass si déi selwecht Persoun sinn, just aus enger anerer Dimensioun. Unknown Number ass definitiv interessant.
Best Noveletter huet d’Suzanne Palmer mat Bots of the Lost Ark gewonnen. Best Novella ass un d’Becky Chambers gaange mat A Psalm for the Wild-Built. An och interessant ass Best Novel un d’Arkady Martine gaange fir A Desolation Called Peace; den zweeten Deel vun der Texicalaan-Serie. D’Arkady Martine war nach dëst Joer am Abrëll e Gaascht op der Luxcon.
Dir fannt déi ganz Lëscht hei: https://www.thehugoawards.org/hugo-history/2022-hugo-awards/