• ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
ANERWELTEN
Post Image

(Text by Cosimo Suglia)

Note: The following text first appeared in a literary zine by our editor Cosimo Suglia. It was a special-made zine for the Luxembourgish book fair Walfer Bicherdeeg 2022 — the concept and main theme of the zine is simple: 4OUR. There are four stories in the zine, two in English and two in Luxembourgish. There are four acts to each story. And, lastly, the stories were written four you. In the span of the next weeks, the stories will be published here on Aner Welten. The idea behind the zine, was to introduce the local reading community to alternative ways of publishing literature. We thus highly encourage others to research what zines are and perhaps emulate our effort!

Four a future full of literature and art. Four a future full of speculative fiction. Four a future full of zines.

𓆣

I.

D’Middegkeet frësst sech duerch mech duerch.

Ech schlofen op honnert Matrassen. Wann ech mech dréinen, spieren ech d’Plommen an de Matrassen. Dréinen ech mech ze vill, falen ech erof a sinn dout. Dout, wéi d’Villercher, deenen hier Plommen an der Matrass sinn.

Heiansdo, wann ech net weess wat maachen, wat oft ass, hei uewen, op mengem Bett, lauschteren ech de Plommen no. Se pëspere mir zou, dass se d’Welt dobausse vermëssen. Den Himmel. D’Wolleken. De Geroch vun der Sonn.

Ech richen ze séiss, soen se mir.

Si sichen d’Séil vun der Loft, erzielen se mir.

Ech sichen de klengen Doud, erzielen ech hinnen, an dann eekelen si sech. Ech däerf net. Selbstbestëmmen, dofir hätt ech den Hang net. Dat soll een engem aneren iwwerloossen. Ech soll just viru mech hi schlofen. Esou, jo, esou géif ech der Gesellschaft eppes bäidroen, hei uewen, op mengem Bett.

Ech kucken op d’Mauer an dat gielt Muster verdréint sech. Wéi Efeu. Bis den Efeu wéi e Gesiicht ausgesäit. Mäi Gesiicht. Ech si mer net sécher. Ech weess net méi wéi ech ausgesinn.

Hei uewen, op mengem Bett, gëtt et kee Spigel.

Just d’Héicht an de Fall, a keng Plommen, déi mech géifen opfänken.

II.

Den Ikarus war Pilot.  An der Arméi.

Hien hat Top Gun gären. Ech weess, et ass e Cliché. Mee e Cliché deen eng Wouerecht ass, beweist de Witz vum Liewen. Ech géif dat mol esou erklären. Wéi anescht, wéist ech mol net.

Wann e Bëbee op d’Welt kënnt, kuckt en oft als éischt mol no uewen. Üblech, gesäit en d’Luuchten um Plaffong an e Krees vu Hiewanen an Dokteren, déi no ënnen kucken. Dofir seent de Mënsch sech no Luucht, huet Angscht virun der Nuecht, dem Schiet, dat Däischtert.

Net den Ikarus.

Hien, hien ass op d’Welt komm, wou de Mound vun der Sonn ersat gouf. Hie krut dat alles mat, well hien an deem Moment gebuer gouf, a keen do war, deen sech ëm hien gekëmmert huet. Seng Mamm war eleng. Si huet et net mat Zäiten an d’Klinik gepackt. Si ass duerch e Kürbisfeld gelaf, fir bei den Auto, mee hir Fruchtblos ass geplatzt. Den Ikarus ass tëschent Kürbissen op d’Welt komm. Mam Kapp am Himmel.

De Mound huet hien ugelaacht.

D’Sonn huet hien ugelaacht.

Seng Mamm ass am Feld nach verblutt.

 

III.

Wéi ech den Ikarus kenne geléiert hunn, war hie brong vun der Sonn. An Italien, huet d’Sonn ëmmer geschéngt. Hien sot awer oft, et wier de Mound, deen hien ulaacht.

Mäi Mound, huet hie mech oft genannt, wéi mir dunn zesummekomm sinn. Daagsiwwer, huet den Ikarus net geschafft. Hien huet mat mir den Dag verbruecht. Mir goungen duerch verlueren Dierfer an hunn a Restaurante giess, wou kléng Bomen, mat hellbloe Schiertecher eis hausgemaachen Iessen opgedëscht hunn. Et war frittéiert Calamaren an Zucchiniblieder, ageluechten Oliven, verbrannte Paprika, gegrillte Poulet a Fësch, an Nuddele mat Bounen oder Auberginne oder Ricotta, bis mir de Soud vun all der Tomatenzooss kruten.

Den Ikarus wollt mir seng Kultur; seng Welt weisen.

Mee net alles.

Hie war stolz, dass hie fléie konnt. Méi wollt hien net driwwer soen.

Hien ass oft owes geflunn.

De Mound huet hien begleet. Mat der Hand geholl, gezunn, an déi richteg Ecken gedréckt, wéi eng Mamm et géif maachen. Eng Mamm, déi den Ikarus ni hat.

D’Sonn, dogéint, huet mam Ikarus gespillt. Hien dozou opgefuerdert, Saachen ze maachen, deen hien ni hätt sollte maachen. E Brudder, deen den Ikarus ni hat.

De Mound war zaart an duuss. D’Sonn war stramm a räisseresch.

Am Waasser vun der Puglia huet den Ikarus seng Flilleke verluer.

 

IV.

Mäi Mound nennt den Ikarus mech nach ëmmer.

D’Léift hannendrun awer, ass verschwonnen. Et ass just nach Drang. Leed. D’Déckdoen fléisst duerch seng Zänn. D’Opginn danzt hannert sengen Aen.

Hie kuckt vun do ënnen, ouni seng Flilleken, op mech erop.

Ech kucken vun hei uewen, mat menge Matrassen, op hien erof. An hien nennt mech säi Mound. Hie benotzt net mäin Numm. Mäin Numm, deen ech kaum héieren. Mäin Numm, dee fir d’Vrecken mech hei uewen net erreecht. Mäi Numm, deen ech mat der Zäit verléieren. Wéi mäi Gesiicht. Wéi mäi Liewen.

Meng Léift, déi ass nach do. Liicht. Schléit lues viru sech hin. Brécht, wann ech den Ikarus gesinn.

Ech sinn dem Ikarus säi Mound.

Wat den Ikarus awer net weess, net mécht, ass mäin Numm soen.

So mäin Numm, Ikarus, an ech sprangen hei erof.

So mäin Numm, Ikarus, an ech ginn deng Plommen.

So mäin Numm, Ikarus, an ech ginn deng nei Flilleken.

Zesummen, léiere mer fléien, Ikarus.

Author

  • Cosimo writes short-stories, poems, and plays. He has published texts with Les Cahiers Luxembourgeois, Black Fountain Press, Nos Cahiers and Solarpunk Magazine. Cosimo received the 2021 Chrysalis Award for Luxembourg: an award dedicated to emerging writers in the speculative fiction genre. Cosimo likes frogs and insects, and he sometimes says words out loud, which makes people laugh, much to his surprise. You can find more about him on cosimosuglia.com

Prev
I Speak
Next
777