• ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
ANERWELTEN
Post Image

(Text by Sven Wohl)

Wann et dach nëmmen eng Sichmaschinn fir dee ganze Knascht géif ginn.

D’Iwwreg huet sech duerch den hallwe Bierg vu Schrott gewullt. D’Verzweiwlung huet et virugedriwwen, mä sengem Zil kee Millimeter méi no bruecht. De Küb mat den Donnéeë wollt net optauchen, egal wéi déif et era gegraff huet, egal wéi vill et geflucht huet.

Soss war déi Aarbecht fir et a seng grouss Schwëster eng liicht Affär. D’Konstanz huet d’Iwwreg ëmmer no bei sech gehat, well et net wollt, datt sech d’Maschinnen u si eruschläiche géifen. D’kënschtlech Intelligenz hat e gutt Gespier dofir entwéckelt, fir d’Sammlerinne bei hirer Aarbecht ze iwwerraschen. Mä d’Konstanz hat e nach bessert Gespier dofir, sech der Opmierksamkeet vun de Maschinnen ze entzéien. Als lescht Mëttel koum d’EMP-Granat: Se knuppt eng Kéier, an dann ass Rou, och wann d’Iwwreg da fir eng Zäit just nach op sengem organeschen A konnt gesinn.

Dat alles huet hinnen näischt bruecht, wéi d’Gangen de Moie — wéi se ufänke wollte mat schaffen — gefaangen hat. D’Iwwreg hat se guer net komme gesinn an och d’Konstanz war iwwerrascht ginn. Sech ze wieren hätt näischt dorunner geännert, villäicht d’Saach nach vill méi schlëmm gemaach. A wéi et bis eriwwer war, koum et zu engem Deal: Fann de mofe Küb mat den Donnéeën an deng grouss Schwëster ass fräi, an eventuell esouguer houfreg op dech. Dann ass nees alles gutt. Kee Wuert doriwwer, wat an dem Küb war, mä d’Iwwreg konnt sech denken, datt iergendeng vun de Mega-Entreprisen aus der Haaptstad dohannert wieren. Et gouf bal ëmmer extrem wichteg Donnéeën, déi ee klaue oder kafe wollt. An et sollt alt virkommen, datt déi och op engem Kipp wéi deem heite landen. Alles ass iergendwann eng Kéier hei ukomm, genau sou wéi d’Iwwreg, wéi et just e Puppelche war.

ZO67M soll drop stoen.

Deen, deen et elo am Grapp hat, war den ZO61. Warscheinlech. De Knascht an d’Witterung hunn dozou gefouert, datt net méi déi ganz Beschrëftung um mofe Küb ze liese war. Et huet e gedréint a widder seng ruppeg Kleeder geriwwen, mä et konnt sech dru ginn, esou vill et wollt, et ass net méi liesbar ginn. De Küb wollt säin definitive Numm net verroden. Et souz matzen am Bierg vum Schrott op de Knéien, d’Tréine sinn him komm. Sollt si hirer Schwëster net hëllefe kënnen?

D’Sonn war dobäi, fir sech fir haut duerch d’Bascht ze maachen. Et war, wéi wann de ganzen Himmel a Glous verpak wier. Hir An hu gebrannt, och nodeems si mat Kräische fäerdeg war. Si huet sech gespuert, wéi wann et keng Kraaft oder Muecht hätt. Also net vill anescht wéi soss, mä et gouf de klengen Ënnerscheed, datt et ëm Liewen an Dout fir seng Schwëster goung.

Mat eidelem Bléck huet et de Küb a sengen Hänn ugekuckt. An no enger gefillter Éiwegkeet huet sech de Nukleus vun enger Iddi bei hir geformt.

An engem eidele Kanal, aus deem scho laang keng Flëssegkeet méi koum, hu se op hatt gewaart. Et war eng Typesch fir esou Banden, fir do hiren Austausch ze maachen. Sie haten alleguerten d’Ausgäng am Bléck a konnte verhënneren, datt een onbemierkt era géing kommen. Wann d’Iwwreg méi Zäit gehat hätt, hätt et villäicht e puer vun de Kolleege kënne ruffen. E puer vun hinnen hate Waffen. Villäicht wär et méiglech gewiescht mat Gewalt eng Léisung ze fannen. Mä et war méi warscheinlech, datt doduerch nëmmen nach méi Leed op si duer géing kommen. Hir Kolleegen kéinte verwonnt ginn… Seng Schwëster hätt kënnen ëmbruecht ginn. Dann hätt d’Band sech einfach en neit Affer gesicht, dat fir si d’Drecksaarbecht erleedegt. D’Drecksaarbecht vun iergendenger Entreprise, déi sech duer verschidde Mëttelsmänner nëmmen esou wäit ewech vun der bluddeger Realitéit wollten halen, wéi nëmme méiglech. D’Iwwreg huet et net anescht kannt, et war esou normal, wéi de Sonnenopgang oder d’Klack vu Smog, déi all Owend op si erof komm ass oder och déi sëlwreg Wolleken, déi d’Nanomaschinnen all Owend an den Nuetshimmel gezaubert hunn, wa se vun engem Meteorit zum nächste schwammen.

Also war et eleng komm. Eleng a mam Küb, dee warscheinlech net dee richtege war. Mat enger Mod-Maschinn huet et d’Nummeréierung komplettéiert. Et war e Glécksspill: Et huet missen duergoen, fir se esou laang dovunner ze iwwerzeegen, datt et seng Schwëster konnt fräi kafen. An dann hu se misse wäit genuch kommen, fir datt se hinnen net méi geféierlech konnte ginn.

Si waren zu fënnef. Zwee vun hinnen hate grouss Gewierer, där hir Modeller d’Iwwreg net kannt huet. Si ware grouss a gro an hu banne gréng geliicht. Gréngt Liichten – dat huet am Fong ni eppes Guddes geheescht. Een aneren hat e laangt Schwäert an déi eenzeg Fra hat zwou kuerz Waffen u senge Hëften hänken. Eng Hallschent vum Gesiicht war mat enger Mask aus Chrom ofgedeckt, déi aner war wéi aus Steen. D’Iwwreg wosst vun hirer éischter Begéinung, datt hatt d’Cheffin vum Grupp war.

Et huet vill Iwwerwannung kascht, fir méi no ze kommen.

„Stopp“, huet d’Cheffin geruff.

D’Iwwreg war stoe bliwwen. Och wa kee seng Waff gehuewen hat, esou war dach kloer, datt et a grousser Gefor war, falls et net follege géing. No baussen huet d’Iwwreg weider probéiert, roueg ze bleiwen. Fir der Recht war hatt wéi e reegelrechte Vulkan dee kuerz virum Ausbroch stoung.

„Wéi gesäit et aus, hues de et dobäi?“, huet d’Fra et gefrot.

Et ass duergaangen, de Kapp ze hiewen. D’Cheffin hat direkt verstanen a senge Lakaien en Zeeche ginn. Zwee vun hinnen, déi direkt beienee stoungen, sinn op d’Säit gaangen an hunn de Bléck op d’Konstanz fräiginn. Et huet midd ausgesinn, mä d’Iwwreg konnt keng Verletzunge bei him entdecken. Him war e Stee vum Häerz gefall.

De Küb huet sech schwéier a senger Hand ugefillt, wéi et e gehuewen huet. Panik huet sech an him breet gemaach: Elo war de Moment komm! D’Uféierin huet gegrinst an engem Lakai ugewisen, de Küb sichen ze kommen. Ee vun hinnen, e muskuléise Mann, deen op d’mannst dräi Käpp méi grouss wéi d’Iwwreg war a keng Waff gebraucht huet, fir et anzeschüchteren, war mat breede Schrëtt op et duer komm an huet nom Küb gegraff. Hien hat e knapps am Grapp, wéi en deen einfach an d’Cheffin seng Richtung geworf huet – dat ouni sech ëmzedréien oder d’Iwwreg aus dem Bléck ze loossen.

„Sou einfach ass dat also…“, huet d’Cheffin gemengt, wéi et de Küb opgefaangen hat an e kuerz inspizéiert huet. „Eng hallef Millioun, just fir e puer Donnéeën. Wat déi Entreprisen dach nëmme mat Geld ronderëm sech geheien, fir datt hier Konkurrenz net dru kënnt.“

Ee vun de Lakaie war schonn dobäi, d’Fessele beim Konstanz opzemaachen, wéi d’Uféierin ugefaangen huet, haart ze laachen. Wa bis elo alles gutt gaange war, esou hat d’Iwwreg direkt d’Gefill, wéi wa si d’Kontroll iwwert d’Situatioun verluer huet, och wann et vu vireran ni vill dovunner hat. D’Konstanz war schonn um Wee fir bei et, et hat e breet Laachen um Gesiicht, wéi et vun zwee Männer flankéiert bei et eskortéiert ginn ass.

„Mä et muss ee sech froen, op d’Donnéeën net awer vill méi wäert sinn, wéi déi hallef Millioun“, mengt d’Fra an engem Toun, wéi wann et mat sech selwer géing schwätzen. Et huet de Küb niewen sech op den Dësch gestallt an un eng kleng Maschinn geschloss. D’Iwwreg hat gemengt, et als en Energie-Transformator erëmzeerkennen. „Luusse mir mol eran!“

Déi Wierder ware wéi e Fauschtschlag an de Mo fir d’Iwwreg. Et krut d’Hand vum Konstanz ze packen, wéi mat engem haarde Zischen d’Maschinn d’Aarbecht opgeholl hat. Déi zwee Männer ware kuerz iwwerrascht, mä waren net vum Iwwreg senger Hektik alarméiert. Si hu sech ëmgedréint, wéi mat engem haarde Soueren, dat ëmmer méi impressionant gi war, eppes u Fuert opgeholl huet. Et konnt sech nëmmen nach ëm Sekonnen handelen, bis se erausfanne géingen, datt et sech beim Küb warscheinlech ëm eng Fälschung gehandelt huet. D’Konstanz war no vir getrollt, wéi d’Iwwreg fest u sengem Aarm gezunn huet. Et huet missen esou séier wéi méiglech fort, esou séier wéi méiglech…

E Knuppen. Faarwen, haart wéi eng Mauer, hunn et erschloen. En kuerze Bléck op e Gesiicht, friem an onmënschlech. Eppes wéi e Laachen an den Oueren. D’Iwwreg huet gespuert, wéi seng Knéien op de Bueden opschloen. Keng Péng, nëmme Luucht, da Jäizen. Et zitt weider u senger Schwëster. All d’Loft gëtt aus senger Long gepresst. An da war näischt méi do.

D’Iwwreg wosst net, wéi laang et fort war. Mä wéi et niewent senger Schwëster nees wakereg gi war an doriwwer iwwerrascht war, datt den Hallefmound d’Sonn ofgeléist huet, huet et de Kanal gesinn. Sie waren net wäit komm, mä dat war net esou wichteg. Wichteg war, datt um Dësch de Küb stoung, dee gréng geliicht huet. A ronderëm den Dësch war kee méi ze gesinn. Kee war iwwreg bliwwen. Nëmmen donkel Spuere waren um Bueden ze gesinn.

D’Iwwreg wousst net, wat mat hinne geschitt war. Keen huet jeemools méi eppes vun där Band héieren. D’Iwwreg ass ni méi an d’Géigend vun deem Rouer gaangen. D’Konstanz an all seng Kolleegen hunn et séier opginn, Froen iwwert de Küb ze stellen.

D’Wourecht war: Hat wousst net, wat et mat dem Apparat op sech hat. Op et dee richtege war. Op dat d’Funktioun vum Apparat war oder eng futtis Kopie. Et huet sech iwwerzeegt, datt dat net esou wichteg war.

A sengen Dreem flackert ëmmer nees dat Gesiicht op.

Author

  • Scho relativ fréi huet de Sven Wohl (*1985) sech u spekulativer Fiktioun versicht. 2014 huet e mat "Die Einsicht" en éischt wierk an dëser Richtung erausbruecht. Spéider si säin éischte Roman "Loosst den Doudege schwätzen" (2016) an en éischt Kannerbuch "De Molbier" (2019) erauskomm.

Prev
D’Gewënner vun den 2022 Hugo Awards goufen annoncéiert!
Next
A Fairy’s Morning Routine