{"id":604,"date":"2022-09-13T07:00:37","date_gmt":"2022-09-13T06:00:37","guid":{"rendered":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/?p=604"},"modified":"2023-05-12T12:48:41","modified_gmt":"2023-05-12T11:48:41","slug":"usazlinnen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/usazlinnen\/","title":{"rendered":"Usazlinnen"},"content":{"rendered":"<p><strong>(Text by Cosimo Suglia)<\/strong><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><strong>I.<\/strong><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du ges\u00e4is, vu w\u00e4item, hannert den Hecken vu wou s de dech verstopps, wech vum Uw\u00e4nner, wou w\u00e4isse Kr\u00e4si dorops waart deng Suelen ze b\u00e4issen, ze schneiden, w\u00e9i wann et en Teppech vu Skalpellsp\u00ebtzten wier, Molchen, d\u00e9i aus dem Floss erausgesprongen sinn.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">A se sinn er\u00ebm dragesprongen, wann d&#8217;Haut ze dr\u00e9che war; wann d&#8217;Sonn er\u00ebm ze verfroossen war. Wann hatt gef\u00e9ierlech g\u00ebtt, w\u00e9i eng Bekanntschaft, d\u00e9i der soss \u00ebmmer h\u00eblleft, mee iwwerdreif et net, sot d&#8217;Mamm \u00ebmmer, iwwerdreif net, soss, iergendwann, geschw\u00eb souguer, g\u00ebtt d\u00e9i Bekanntschaft rosen, richteg rosen, well s de se n\u00ebmme nach ausnotzt, an alles wat se nach w\u00ebll maachen, ass dech schloen, dir w\u00e9idoen, dech ausdr\u00e9chnen, an dech do leie loossen, fir dass de d&#8217;Friessen vun de Kiewerleke g\u00ebss.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D&#8217;Fiichtegkeet vum Bulli am Schiet richt no fr\u00ebscher Liewer.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">De matte Pelz vu W\u00ebllschw\u00e4in, iergendwou hannert der, fort, mee net all ze w\u00e4it fort, richt no morschem W\u00e4in, an an dir leeft d&#8217;Waasser am Mond zesummen, obwuel et degueulasse ass, dee Geroch, deen duerch dech zitt, net w\u00ebllkomm an trotzdeem do, sech niddersetzt an deng eegen Hoer, bis alles ronder\u00ebm der mengt du w\u00e4ers och e W\u00ebllschw\u00e4in.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du bass der net s\u00e9cher, op d\u00e9i Molche vun der Fabrick sinn oder net. Oft mierkt een et hinnen net un. Si hunn Usazlinnen, d\u00e9i sech op der S\u00e4it z\u00e9ien, w\u00e9i schlecht geheelte Wonnen, a vir op der Schnuff ophalen, w\u00e9i en Unhaltspunkt; do, wou s de am beschten zitts fir se ze schielen. Mee du w\u00eblls se net schielen, du w\u00eblls se ganz, dass se Deel vun der ginn, sech an dengem Mo doheem fillen, w\u00e9i se dat och am Floss maachen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D&#8217;Molche vun der Fabrick f\u00e9nkelen normalerweis. F\u00e9nkele liicht, w\u00e9i Ueleg op Waasser, matten am Summer. Nach net ganz Spigel. Nach net ganz \u00c4is. W\u00e9i se amphibesch Haut nomaachen, hu si, d\u00e9i do uewen am Waassertuerm, deen dir Fabrick nennt, nach net eraus. Esouw\u00e4it si der nach net. Gott k\u00ebnnt dir iech nach net nennen, mee geschw\u00ebnn, geschw\u00ebnn.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du, du bass kee Gott. Du bass hongereg. Du waars et schonn \u00ebmmer. Du k\u00ebnns op d&#8217;Welt a kr\u00e4ischs no Friessen. Du exist\u00e9iers an du kr\u00e4ischs no Friessen. Du leefs an du f\u00e4nks dir Friessen. Du spiers et an den Z\u00e4nn, den Drang eppes ze friessen. Deng Zong gr\u00e4ift no denge L\u00ebpsen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">E Molch rullt sech um Uw\u00e4nner zesummen. Seng Haut w\u00e9i Aluminium. E f\u00e4nkt u s\u00e4in eegene Schwanz ze friessen. Hien, hien ass w\u00e9i s du, sees de der, et g\u00ebtt der waarm bannendran. Du dr\u00e9cks d\u00e4i Geb\u00ebss zesummen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du leefs iwwert de Kr\u00e4si. De Kr\u00e4si br\u00e9cht a kraacht a laacht \u00ebnnert der, w\u00e9i wann s de iwwert d&#8217;gesch\u00ebnnten Haut vu Maik\u00e4fer g\u00e9ifs lafen, mee dat ass dem Molch egal. Deen, deen huet decid\u00e9iert iwwert s\u00e4i Liewen. Huet fir sech entscheet, dass hie sech selwer w\u00ebll friessen, an esou er\u00ebm gebuer g\u00ebtt. Et ass eng Revolt; eng Revolt g\u00e9igeniwwer der Fabrick, d\u00e9i hie gemaach hunn, ouni dass hien dat wollt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">An du, du verstees dat, gell Mamma, ech verstinn dat, du verstees dat souguer ganz gutt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du gr\u00e4ifs nom Molch a schl\u00e9cks e ganz of.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><strong>II.<\/strong><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du bass an enger W\u00fc\u00fcst.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Sandhiwwel \u00ebmkreesen dech, w\u00e9i eng Grupp vu massive Leit mat massive K\u00e4pp d\u00e9i dech ulaachen, mee du ges\u00e4is se net laachen, well wann s de hinnen an d&#8217;Gesiicht kucks, sinn et just Masse vu Sandk\u00e4re, d\u00e9i ouni hire W\u00ebllen vum Wand gezu ginn.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">An du bass dat gewinnt. Esou Gruppen, d\u00e9i vun uewen op dech erof kucken, oh du klenge Batti, sot d\u2019Mamm \u00ebmmer, w\u00e9i wann s de nach e Kand w\u00e4ers. W\u00e9i wann se all akzept\u00e9iert hunn, dass du einfach net d&#8217;Welt g\u00e9ifs verstoen, w\u00e9i si et maachen. Wat natierlech net wouer ass. Du bass hei. Si sinn do.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Hannert de Sandhiwwelen, d\u00e9i och K\u00e4pp sinn, steet de Waassertuerm, deen dir Fabrick nennt. D&#8217;Sonn schl\u00e9it op de groen Tuerm; Tuerm ouni F\u00ebnster, mee mat engem gigantesche Kiewerlek, <em>Chrysochus Cobaltinus, <\/em>e Kobaltk\u00e4fer, blo, w\u00e9i den Nuetshimmel wann en nach net ganz Nuetshimmel ass. De Panzer geet op, d&#8217;Flilleken spree\u00ebn sech aus, w\u00e9i Dieren &#8212; en A, mat enger Iris, genau esou Kobalt w\u00e9i de Kiewerlek, deen deng Beweegungen verfollegt, obwuel s de dech net beweegs. W\u00e9i och, du hues keng Energie, just genuch fir z&#8217;iwwerliewen, net genuch fir fortzelafen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D&#8217;W\u00fc\u00fcst richt no verbranntem Brout an r\u00e9iem R\u00e4is an du g\u00ebss er\u00ebm hongereg.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du h\u00e9iers Schr\u00ebtt, d\u00e9i schleefen, duerch de Sand sech z\u00e9ien.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">E M\u00ebnschekierper, duebel esou grouss w\u00e9is du, an Aluminiumshaut, w\u00e9i d\u00e9i vum Molch, deens de verschl\u00e9ckt hues. De Kapp vun der Persoun, verstoppt \u00ebnnert engem ronne R\u00e9imerd\u00ebppen; ronn w\u00e9i deng verfroosse Panz, an d&#8217;Faarf vun Olivenueleg.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Persoun steet virun dir.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Persoun weist op d\u00e4in H\u00e4erz.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">An, w\u00e9is de et ugel\u00e9iert goufs, vun denger Mamm, gr\u00e4ifs de an deng Broscht, laanscht deng R\u00ebppen, puer waren der gebrach mierks de, well se do h\u00e4nken, w\u00e9i \u00c4scht am B\u00ebsch no engem Stuerm. Maach am beschten \u00ebmmer wat d&#8217;Leit der soen, sot deng Mamm \u00ebmmer. Maach mer wannechgelift keng Problemer, sot se oft, ganz oft, ganz ganz oft.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du gr\u00e4ifs no dengem H\u00e4erz, wat am Fong net en H\u00e4erz ass, mee e rouden Apel, genau esou Rout, w\u00e9i deemools zu Reimech an de Bongerten, du an de Papp, ouni d&#8217;Mamm, well d&#8217;Mamm hat \u00ebmmer ze vill de R\u00e9ck w\u00e9i, an dat war och gutt esou.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du g\u00ebss der Persoun do d\u00e4in H\u00e4erz, wat am Fong en Apel ass. D\u2019Persoun h\u00e4lt den Apel viru hirem Bauch an de Bauch spl\u00e9ckt sech an zwee. D&#8217;Z\u00e4nn, d&#8217;Gr\u00e9isst vun Dousen, weisen sech. D&#8217;Zong, esou d\u00e9ck a stramm w\u00e9i e jonke Krokodil.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Den Apel, wat d\u00e4in H\u00e4erz ass, gouf giess an de Bauchmond huet vrun sech gelaacht. An w\u00e9i s du och mat laachen wollts, ass n\u00e4ischt aus der erauskomm, just waarm Loft.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Well du waars net m\u00e9i du.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du waars alles ausser du.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du waars e B\u00fcffel an hues no alem Teppech a Grass gericht.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><strong>III.<\/strong><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">De Mithi Floss leeft, kill, laanscht deng Been.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du spiers de Buedem net \u00ebnnert dengen Houf an du weess net, op dat ass, well s de e B\u00fcffel bass oder well s de der deng Suelen futti getr\u00ebppelt hues, do, \u00e9ier dass de de Molch um Kr\u00e4si verschl\u00e9ckt hues. Mee, du frees dech, wisou dat net \u00ebmmer esou ass. Keng Nerven an de F\u00e9iss, dass ee kann iwwert alles a jiddereen tr\u00ebppelen, ouni dass sech d&#8217;P\u00e9ng duerch dat w\u00e9ineg Hoff, wat dir als M\u00ebnschen hutt, sech duerchfr\u00ebsst, sech d&#8217;Been eropschafft, w\u00e9i eng Boa, d\u00e9i s de einfach net gestoppt kriss. An du mengs, du g\u00e9ifs se souwisou net stoppen. Du g\u00e9ifs se sech erop schaffe loossen, bis se sech ronder\u00ebm d\u00e4in Hals w\u00e9ckelt an der d&#8217;Loft wechh\u00eblt, bis de schl\u00e9ifs, bis de o esou d\u00e9if schl\u00e9ifs.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D&#8217;M\u00ebnsche sinn n\u00e4ischt w\u00e4ert, gell Mamma, wat misst du der dat oft unh\u00e9ieren, dass du n\u00e4ischt w\u00e4ert bass, esou w\u00e9i e M\u00ebnsch, du bass jo e M\u00ebnsch souwisou, dofir weess du dat, dass d\u00e9i n\u00e4ischt derw\u00e4ert sinn, och wann se dat vu sech selwer mengem. Wat ass dann esou den \u00cbnnerscheed, t\u00ebschent M\u00ebnsch a Kou? Doheem ass et Fleesch, hei an Indien, ass et Gott.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du bass Gott hei.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Et richt no Kardamom an Lotusblieder, d\u00e9i lues mat der Str\u00e9imung vum Floss, Richtung Mier oder W\u00e9ier oder S\u00e9i gedr\u00e9ckt ginn, w\u00e9i kl\u00e9ng Booter, mee ouni Passag\u00e9ier. Oder \u00e9ischter Passag\u00e9ier, d\u00e9i s de net ges\u00e4is. Wat s de ges\u00e4is, souwisou, ass just eng Illusioun. D&#8217;Realit\u00e9it e Spill; eng Falschheet. D&#8217;Fabrick, d\u00e9i, d\u00e9i domin\u00e9iert d&#8217;Realit\u00e9it.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u00e9i seet wat leeft.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du kucks de Mound un; dee volle, ronne Mound, deen uewen am Himmel h\u00e4nkt, deen, dee\u00a0 souguer hannert dem Waassertuerm steet deen dir Fabrick nennt, dee keng F\u00ebnsteren huet, mee e Kobaltk\u00e4fer, deem s\u00e4i Kierper en A ass.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Leit dekor\u00e9ieren deng Haren mat Blummen a Blieder a kleng S\u00e4ckelcher, gef\u00ebllt mat Lavendel an zermuelen Knachen, a se bieden dech, op de Mound ze fl\u00e9ien, deng Haren do am Buedem ze vergruewen, fir dass do e Bam wiisst. E Bam esou grouss, dass seng \u00c4scht bis zer\u00e9ck op d&#8217;\u00c4erd gr\u00e4ifen, w\u00e9i d&#8217;\u00c4erm vun Elteren, d\u00e9i fir d&#8217;\u00e9ischte K\u00e9ier no hirem Kand gr\u00e4ifen. An un de Fangersp\u00ebtze vun den \u00c4schten\u00e4erm si Friichten a L\u00e9ift a gutt Gl\u00e9ck; alles wat d&#8217;S\u00e9il siedegt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du n\u00e9cks, sees hinne Jo, dass de dat g\u00e9ifs maachen, mee de Mound hannert dem Waassertuerm, deens du Fabrick nenns, g\u00ebtt \u00ebmmer m\u00e9i kleng, m\u00e9i kompakt. Et ges\u00e4it aus, w\u00e9i wann de Mound sech g\u00e9if \u00ebmmer m\u00e9i w\u00e4it wech vun der distanz\u00e9ieren, mee an der Realit\u00e9it, d\u00e9i, d\u00e9i d&#8217;Fabrick grad erschafft, w\u00e9i wann s de just Fiktioun w\u00e4ers, ass de Mound ganz kleng ginn a k\u00ebnnt \u00ebmmer m\u00e9i no. M\u00e9i laang, w\u00e9i e Nol, bis deen Nol t\u00ebschent dengen Ae s\u00ebtzt, oh deng Aen, d\u00e9i och Kobalt sinn an d\u00ebsem Nuetshimmel.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">An d&#8217;Sp\u00ebtzt vum Nol setzt un an du h\u00e9iers just nach, w\u00e9i den Ausl\u00e9iser gedr\u00e9ckt g\u00ebtt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D&#8217;Nol penetr\u00e9iert d\u00e4i Kapp, deng Klatz, d\u00e4i Gehier, an du spiers guer n\u00e4ischt m\u00e9i, mol net d&#8217;Waasser vum Floss, wat lues awer s\u00e9cher deng Longe f\u00ebllt, an du ges\u00e4is just nach, w\u00e9i Molchen duerch d\u00e4i Mond dr\u00e9ngen an sech an dengem Mo festsetzen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><strong>IV.<\/strong><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du l\u00e4is op engem Sez\u00e9ierd\u00ebsch.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D&#8217;Messer schneit duerch d\u00e4i Lieder an deng Organer ginn a Plastik agepaakt, prett gemaach, fir de Verkaf. De Logo vun der Fabrick, e Waassertuerm mat engem A en e Kobaltk\u00e4fer, g\u00ebtt drop gepecht.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Deng Liewer, dann d\u00e4in eidele Mo, dann deng Longen, mee net d\u00e4in H\u00e4erz. Dat hues de jo net m\u00e9i. Dat ass scho laang fort, gedu Mamma, si huet der \u00ebmmer hannendru geheit, dass de keen H\u00e4erz hues. Et g\u00ebtt n\u00e4ischt wat an der schl\u00e9it. An du hues dat ni wierklech verstanen. Just well s du selwer d&#8217;Molchen a Blomeesen mat Steng sez\u00e9iert hues, well s de virw\u00ebtzeg waars, wat do dra war, an deenen klenge Kreaturen, huet deng Mamm dech \u00ebmmer ugebr\u00ebllt. Duerno misst de mat enger anerer Fra oder Mann schw\u00e4tzen, d\u00e9i fein mat der waren, mee net wierklech, nee. Hannert hirem Gesiicht, hues de d&#8217;Angscht an den Ae gesinn an h\u00e4ss der gew\u00ebnscht, du h\u00e4ss nach d\u00e4i Steen an h\u00e4ss hinnen de Kapp ageschloen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du hues keng Nerven m\u00e9i, definitiv.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D&#8217;Messer spiers de einfach guer net. N\u00ebmmen nach den Drock, w\u00e9i wann s de g\u00e9int eppes dr\u00e9cks an dr\u00e9cks an de Widderstand ass do, l\u00e9ist net labber, bis en et awer m\u00e9cht, an d&#8217;Spannung br\u00e9cht \u00ebnnert dengem Drock, a schonn ass alles op. N\u00e4ischt m\u00e9i g\u00ebtt geblockt oder verstoppt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u00e4i Ganzt l\u00e4it um D\u00ebsch.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du bass elo an eenzel St\u00e9cker. Du bass vill an awer een. Du bass hei an awer do.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">An d&#8217;Leit w\u00ebllen dech, w\u00e9i se et virdrun ni gemaach hunn. Kuck, Mamma, denks de der, d&#8217;Leit w\u00ebllen eppes vun dir.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du waars mol Gott, elo bass de Fleesch, an du fills an du weess wou s de dru bass, op alle Plazen. Mee um Enn lants de \u00ebmmer op d\u00e9i selwecht Plaz. An engem Teller.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Gr\u00e9ngen Teller.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Klengen Teller.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Kobalt Teller.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Z\u00e4nn muelen duerch dech, duerch all Faser vun dengem Sinn, an och wann s de keng Nerven m\u00e9i hues, spiers de dat. W\u00e9i den Drock vun engem Geb\u00ebss duerch der faasst an dr\u00e9ckt, bis de n\u00ebmmen nach Spaut a Kalorien a Schl\u00e4im bass, wat w\u00e9i e Schl\u00e9ck den Hals erofrutscht an an der Saier sech opl\u00e9ist, bis de n\u00ebmme nach Energie an N\u00e4rstoffer bass.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">An du bass iergendw\u00e9i frou, denks de der.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Deng Mamm huet ni un dech gegleeft. Si sot \u00ebmmer, et w\u00e4ert ni een vun dir ofh\u00e4ngeg sinn, dech g\u00e4ren hunn, dech bei hinnen akzept\u00e9ieren.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Tjo, deng Mamma louch falsch.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Well du bass Fleesch, a Fleesch ass Gott.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>(Text by Cosimo Suglia) I. Du ges\u00e4is, vu w\u00e4item, hannert den Hecken vu wou s de dech verstopps, wech vum Uw\u00e4nner, wou w\u00e4isse Kr\u00e4si dorops waart deng Suelen ze b\u00e4issen, ze schneiden, w\u00e9i wann et en Teppech vu Skalpellsp\u00ebtzten wier, Molchen, d\u00e9i aus dem Floss erausgesprongen sinn. A se sinn er\u00ebm dragesprongen, wann d&#8217;Haut ze [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":1010,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_jetpack_newsletter_access":"","_jetpack_dont_email_post_to_subs":false,"_jetpack_newsletter_tier_id":0,"_jetpack_memberships_contains_paywalled_content":false,"_jetpack_feature_clip_id":0,"_jetpack_memberships_contains_paid_content":false,"footnotes":"","jetpack_post_was_ever_published":false},"categories":[7],"tags":[47,15,43],"ppma_author":[26],"class_list":["post-604","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-fiction","tag-letzebuerg","tag-luxembourg","tag-weird-fiction"],"jetpack_featured_media_url":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/Cosimo_1.png","jetpack_sharing_enabled":true,"authors":[{"term_id":26,"user_id":0,"is_guest":1,"slug":"cosimo-suglia","display_name":"Cosimo Suglia","avatar_url":{"url":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/website-1.jpeg","url2x":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/website-1.jpeg"},"author_category":"","user_url":"https:\/\/cosimosuglia.com","last_name":"","first_name":"","job_title":"","description":"Cosimo writes short-stories, poems, and plays. He has published texts with Les Cahiers Luxembourgeois, Black Fountain Press, Nos Cahiers and Solarpunk Magazine. Cosimo received the 2021 Chrysalis Award for Luxembourg: an award dedicated to emerging writers in the speculative fiction genre. Cosimo likes frogs and insects, and he sometimes says words out loud, which makes people laugh, much to his surprise. You can find more about him on cosimosuglia.com"}],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/604","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=604"}],"version-history":[{"count":10,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/604\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1066,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/604\/revisions\/1066"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media\/1010"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=604"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=604"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=604"},{"taxonomy":"author","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/ppma_author?post=604"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}