{"id":583,"date":"2022-09-05T07:00:22","date_gmt":"2022-09-05T06:00:22","guid":{"rendered":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/?p=583"},"modified":"2023-07-16T19:03:30","modified_gmt":"2023-07-16T18:03:30","slug":"iwwreg","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/iwwreg\/","title":{"rendered":"Iwwreg"},"content":{"rendered":"<p><strong>(Text by Sven Wohl)<\/strong><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Wann et dach n\u00ebmmen eng Sichmaschinn fir dee ganze Knascht g\u00e9if ginn.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Iwwreg huet sech duerch den hallwe Bierg vu Schrott gewullt. D\u2019Verzweiwlung huet et virugedriwwen, m\u00e4 sengem Zil kee Millimeter m\u00e9i no bruecht. De K\u00fcb mat den Donn\u00e9e\u00eb wollt net optauchen, egal w\u00e9i d\u00e9if et era gegraff huet, egal w\u00e9i vill et geflucht huet.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Soss war d\u00e9i Aarbecht fir et a seng grouss Schw\u00ebster eng liicht Aff\u00e4r. D\u2019Konstanz huet d\u2019Iwwreg \u00ebmmer no bei sech gehat, well et net wollt, datt sech d\u2019Maschinnen u si eruschl\u00e4iche g\u00e9ifen. D\u2019k\u00ebnschtlech Intelligenz hat e gutt Gespier dofir entw\u00e9ckelt, fir d\u2019Sammlerinne bei hirer Aarbecht ze iwwerraschen. M\u00e4 d\u2019Konstanz hat e nach bessert Gespier dofir, sech der Opmierksamkeet vun de Maschinnen ze entz\u00e9ien. Als lescht M\u00ebttel koum d\u2019EMP-Granat: Se knuppt eng K\u00e9ier, an dann ass Rou, och wann d\u2019Iwwreg da fir eng Z\u00e4it just nach op sengem organeschen A konnt gesinn.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Dat alles huet hinnen n\u00e4ischt bruecht, w\u00e9i d\u2019Gangen de Moie &#8212; w\u00e9i se uf\u00e4nke wollte mat schaffen &#8212; gefaangen hat. D\u2019Iwwreg hat se guer net komme gesinn an och d\u2019Konstanz war iwwerrascht ginn. Sech ze wieren h\u00e4tt n\u00e4ischt dorunner ge\u00e4nnert, vill\u00e4icht d\u2019Saach nach vill m\u00e9i schl\u00ebmm gemaach. A w\u00e9i et bis eriwwer war, koum et zu engem Deal: Fann de mofe K\u00fcb mat den Donn\u00e9e\u00ebn an deng grouss Schw\u00ebster ass fr\u00e4i, an eventuell esouguer houfreg op dech. Dann ass nees alles gutt. Kee Wuert doriwwer, wat an dem K\u00fcb war, m\u00e4 d\u2019Iwwreg konnt sech denken, datt iergendeng vun de Mega-Entreprisen aus der Haaptstad dohannert wieren. Et gouf bal \u00ebmmer extrem wichteg Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i ee klaue oder kafe wollt. An et sollt alt virkommen, datt d\u00e9i och op engem Kipp w\u00e9i deem heite landen. Alles ass iergendwann eng K\u00e9ier hei ukomm, genau sou w\u00e9i d\u2019Iwwreg, w\u00e9i et just e Puppelche war.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">ZO67M soll drop stoen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Deen, deen et elo am Grapp hat, war den ZO61. Warscheinlech. De Knascht an d\u2019Witterung hunn dozou gefouert, datt net m\u00e9i d\u00e9i ganz Beschr\u00ebftung um mofe K\u00fcb ze liese war. Et huet e gedr\u00e9int a widder seng ruppeg Kleeder geriwwen, m\u00e4 et konnt sech dru ginn, esou vill et wollt, et ass net m\u00e9i liesbar ginn. De K\u00fcb wollt s\u00e4in definitive Numm net verroden. Et souz matzen am Bierg vum Schrott op de Kn\u00e9ien, d\u2019Tr\u00e9ine sinn him komm. Sollt si hirer Schw\u00ebster net h\u00ebllefe k\u00ebnnen?<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Sonn war dob\u00e4i, fir sech fir haut duerch d\u2019Bascht ze maachen. Et war, w\u00e9i wann de ganzen Himmel a Glous verpak wier. Hir An hu gebrannt, och nodeems si mat Kr\u00e4ische f\u00e4erdeg war. Si huet sech gespuert, w\u00e9i wann et keng Kraaft oder Muecht h\u00e4tt. Also net vill anescht w\u00e9i soss, m\u00e4 et gouf de klengen \u00cbnnerscheed, datt et \u00ebm Liewen an Dout fir seng Schw\u00ebster goung.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Mat eidelem Bl\u00e9ck huet et de K\u00fcb a sengen H\u00e4nn ugekuckt. An no enger gefillter \u00c9iwegkeet huet sech de Nukleus vun enger Iddi bei hir geformt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">An engem eidele Kanal, aus deem scho laang keng Fl\u00ebssegkeet m\u00e9i koum, hu se op hatt gewaart. Et war eng Typesch fir esou Banden, fir do hiren Austausch ze maachen. Sie haten alleguerten d\u2019Ausg\u00e4ng am Bl\u00e9ck a konnte verh\u00ebnneren, datt een onbemierkt era g\u00e9ing kommen. Wann d\u2019Iwwreg m\u00e9i Z\u00e4it gehat h\u00e4tt, h\u00e4tt et vill\u00e4icht e puer vun de Kolleege k\u00ebnne ruffen. E puer vun hinnen hate Waffen. Vill\u00e4icht w\u00e4r et m\u00e9iglech gewiescht mat Gewalt eng L\u00e9isung ze fannen. M\u00e4 et war m\u00e9i warscheinlech, datt doduerch n\u00ebmmen nach m\u00e9i Leed op si duer g\u00e9ing kommen. Hir Kolleegen k\u00e9inte verwonnt ginn&#8230; Seng Schw\u00ebster h\u00e4tt k\u00ebnnen \u00ebmbruecht ginn. Dann h\u00e4tt d\u2019Band sech einfach en neit Affer gesicht, dat fir si d\u2019Drecksaarbecht erleedegt. D\u2019Drecksaarbecht vun iergendenger Entreprise, d\u00e9i sech duer verschidde M\u00ebttelsm\u00e4nner n\u00ebmmen esou w\u00e4it ewech vun der bluddeger Realit\u00e9it wollten halen, w\u00e9i n\u00ebmme m\u00e9iglech. D\u2019Iwwreg huet et net anescht kannt, et war esou normal, w\u00e9i de Sonnenopgang oder d\u2019Klack vu Smog, d\u00e9i all Owend op si erof komm ass oder och d\u00e9i s\u00eblwreg Wolleken, d\u00e9i d\u2019Nanomaschinnen all Owend an den Nuetshimmel gezaubert hunn, wa se vun engem Meteorit zum n\u00e4chste schwammen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Also war et eleng komm. Eleng a mam K\u00fcb, dee warscheinlech net dee richtege war. Mat enger Mod-Maschinn huet et d\u2019Nummer\u00e9ierung komplett\u00e9iert. Et war e Gl\u00e9cksspill: Et huet missen duergoen, fir se esou laang dovunner ze iwwerzeegen, datt et seng Schw\u00ebster konnt fr\u00e4i kafen. An dann hu se misse w\u00e4it genuch kommen, fir datt se hinnen net m\u00e9i gef\u00e9ierlech konnte ginn.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Si waren zu f\u00ebnnef. Zwee vun hinnen hate grouss Gewierer, d\u00e4r hir Modeller d\u2019Iwwreg net kannt huet. Si ware grouss a gro an hu banne gr\u00e9ng geliicht. Gr\u00e9ngt Liichten &#8211; dat huet am Fong ni eppes Guddes geheescht. Een aneren hat e laangt Schw\u00e4ert an d\u00e9i eenzeg Fra hat zwou kuerz Waffen u senge H\u00ebften h\u00e4nken. Eng Hallschent vum Gesiicht war mat enger Mask aus Chrom ofgedeckt, d\u00e9i aner war w\u00e9i aus Steen. D\u2019Iwwreg wosst vun hirer \u00e9ischter Beg\u00e9inung, datt hatt d\u2019Cheffin vum Grupp war.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Et huet vill Iwwerwannung kascht, fir m\u00e9i no ze kommen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201eStopp\u201c, huet d\u2019Cheffin geruff.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Iwwreg war stoe bliwwen. Och wa kee seng Waff gehuewen hat, esou war dach kloer, datt et a grousser Gefor war, falls et net follege g\u00e9ing. No baussen huet d\u2019Iwwreg weider prob\u00e9iert, roueg ze bleiwen. Fir der Recht war hatt w\u00e9i e reegelrechte Vulkan dee kuerz virum Ausbroch stoung.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201eW\u00e9i ges\u00e4it et aus, hues de et dob\u00e4i?\u201c, huet d\u2019Fra et gefrot.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Et ass duergaangen, de Kapp ze hiewen. D\u2019Cheffin hat direkt verstanen a senge Lakaien en Zeeche ginn. Zwee vun hinnen, d\u00e9i direkt beienee stoungen, sinn op d\u2019S\u00e4it gaangen an hunn de Bl\u00e9ck op d\u2019Konstanz fr\u00e4iginn. Et huet midd ausgesinn, m\u00e4 d\u2019Iwwreg konnt keng Verletzunge bei him entdecken. Him war e Stee vum H\u00e4erz gefall.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">De K\u00fcb huet sech schw\u00e9ier a senger Hand ugefillt, w\u00e9i et e gehuewen huet. Panik huet sech an him breet gemaach: Elo war de Moment komm! D\u2019Uf\u00e9ierin huet gegrinst an engem Lakai ugewisen, de K\u00fcb sichen ze kommen. Ee vun hinnen, e muskul\u00e9ise Mann, deen op d\u2019mannst dr\u00e4i K\u00e4pp m\u00e9i grouss w\u00e9i d\u2019Iwwreg war a keng Waff gebraucht huet, fir et anzesch\u00fcchteren, war mat breede Schr\u00ebtt op et duer komm an huet nom K\u00fcb gegraff. Hien hat e knapps am Grapp, w\u00e9i en deen einfach an d\u2019Cheffin seng Richtung geworf huet &#8211; dat ouni sech \u00ebmzedr\u00e9ien oder d\u2019Iwwreg aus dem Bl\u00e9ck ze loossen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201eSou einfach ass dat also&#8230;\u201c, huet d\u2019Cheffin gemengt, w\u00e9i et de K\u00fcb opgefaangen hat an e kuerz inspiz\u00e9iert huet. \u201eEng hallef Millioun, just fir e puer Donn\u00e9e\u00ebn. Wat d\u00e9i Entreprisen dach n\u00ebmme mat Geld ronder\u00ebm sech geheien, fir datt hier Konkurrenz net dru k\u00ebnnt.\u201c<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Ee vun de Lakaie war schonn dob\u00e4i, d\u2019Fessele beim Konstanz opzemaachen, w\u00e9i d\u2019Uf\u00e9ierin ugefaangen huet, haart ze laachen. Wa bis elo alles gutt gaange war, esou hat d\u2019Iwwreg direkt d\u2019Gefill, w\u00e9i wa si d\u2019Kontroll iwwert d\u2019Situatioun verluer huet, och wann et vu vireran ni vill dovunner hat. D\u2019Konstanz war schonn um Wee fir bei et, et hat e breet Laachen um Gesiicht, w\u00e9i et vun zwee M\u00e4nner flank\u00e9iert bei et eskort\u00e9iert ginn ass.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201eM\u00e4 et muss ee sech froen, op d\u2019Donn\u00e9e\u00ebn net awer vill m\u00e9i w\u00e4ert sinn, w\u00e9i d\u00e9i hallef Millioun\u201c, mengt d\u2019Fra an engem Toun, w\u00e9i wann et mat sech selwer g\u00e9ing schw\u00e4tzen. Et huet de K\u00fcb niewen sech op den D\u00ebsch gestallt an un eng kleng Maschinn geschloss. D\u2019Iwwreg hat gemengt, et als en Energie-Transformator er\u00ebmzeerkennen. \u201eLuusse mir mol eran!\u201c<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u00e9i Wierder ware w\u00e9i e Fauschtschlag an de Mo fir d\u2019Iwwreg. Et krut d\u2019Hand vum Konstanz ze packen, w\u00e9i mat engem haarde Zischen d\u2019Maschinn d\u2019Aarbecht opgeholl hat. D\u00e9i zwee M\u00e4nner ware kuerz iwwerrascht, m\u00e4 waren net vum Iwwreg senger Hektik alarm\u00e9iert. Si hu sech \u00ebmgedr\u00e9int, w\u00e9i mat engem haarde Soueren, dat \u00ebmmer m\u00e9i impressionant gi war, eppes u Fuert opgeholl huet. Et konnt sech n\u00ebmmen nach \u00ebm Sekonnen handelen, bis se erausfanne g\u00e9ingen, datt et sech beim K\u00fcb warscheinlech \u00ebm eng F\u00e4lschung gehandelt huet. D\u2019Konstanz war no vir getrollt, w\u00e9i d\u2019Iwwreg fest u sengem Aarm gezunn huet. Et huet missen esou s\u00e9ier w\u00e9i m\u00e9iglech fort, esou s\u00e9ier w\u00e9i m\u00e9iglech&#8230;<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">E Knuppen. Faarwen, haart w\u00e9i eng Mauer, hunn et erschloen. En kuerze Bl\u00e9ck op e Gesiicht, friem an onm\u00ebnschlech. Eppes w\u00e9i e Laachen an den Oueren. D\u2019Iwwreg huet gespuert, w\u00e9i seng Kn\u00e9ien op de Bueden opschloen. Keng P\u00e9ng, n\u00ebmme Luucht, da J\u00e4izen. Et zitt weider u senger Schw\u00ebster. All d\u2019Loft g\u00ebtt aus senger Long gepresst. An da war n\u00e4ischt m\u00e9i do.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Iwwreg wosst net, w\u00e9i laang et fort war. M\u00e4 w\u00e9i et niewent senger Schw\u00ebster nees wakereg gi war an doriwwer iwwerrascht war, datt den Hallefmound d\u2019Sonn ofgel\u00e9ist huet, huet et de Kanal gesinn. Sie waren net w\u00e4it komm, m\u00e4 dat war net esou wichteg. Wichteg war, datt um D\u00ebsch de K\u00fcb stoung, dee gr\u00e9ng geliicht huet. A ronder\u00ebm den D\u00ebsch war kee m\u00e9i ze gesinn. Kee war iwwreg bliwwen. N\u00ebmmen donkel Spuere waren um Bueden ze gesinn.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Iwwreg wousst net, wat mat hinne geschitt war. Keen huet jeemools m\u00e9i eppes vun d\u00e4r Band h\u00e9ieren. D\u2019Iwwreg ass ni m\u00e9i an d\u2019G\u00e9igend vun deem Rouer gaangen. D\u2019Konstanz an all seng Kolleegen hunn et s\u00e9ier opginn, Froen iwwert de K\u00fcb ze stellen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Wourecht war: Hat wousst net, wat et mat dem Apparat op sech hat. Op et dee richtege war. Op dat d\u2019Funktioun vum Apparat war oder eng futtis Kopie. Et huet sech iwwerzeegt, datt dat net esou wichteg war.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">A sengen Dreem flackert \u00ebmmer nees dat Gesiicht op.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>(Text by Sven Wohl) Wann et dach n\u00ebmmen eng Sichmaschinn fir dee ganze Knascht g\u00e9if ginn. D\u2019Iwwreg huet sech duerch den hallwe Bierg vu Schrott gewullt. D\u2019Verzweiwlung huet et virugedriwwen, m\u00e4 sengem Zil kee Millimeter m\u00e9i no bruecht. De K\u00fcb mat den Donn\u00e9e\u00eb wollt net optauchen, egal w\u00e9i d\u00e9if et era gegraff huet, egal w\u00e9i [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":1044,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_jetpack_newsletter_access":"","_jetpack_dont_email_post_to_subs":false,"_jetpack_newsletter_tier_id":0,"_jetpack_memberships_contains_paywalled_content":false,"_jetpack_feature_clip_id":0,"_jetpack_memberships_contains_paid_content":false,"footnotes":"","jetpack_post_was_ever_published":false},"categories":[7],"tags":[40,39,38],"ppma_author":[28],"class_list":["post-583","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-fiction","tag-letzebuergesch","tag-luxembourgish","tag-science-fiction"],"jetpack_featured_media_url":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/Sven-2.png","jetpack_sharing_enabled":true,"authors":[{"term_id":28,"user_id":0,"is_guest":1,"slug":"sven-wohl","display_name":"Sven Wohl","avatar_url":{"url":"https:\/\/secure.gravatar.com\/avatar\/?s=96&d=mm&r=g","url2x":"https:\/\/secure.gravatar.com\/avatar\/?s=96&d=mm&r=g2x"},"author_category":"","user_url":"","last_name":"","first_name":"","job_title":"","description":"Scho relativ fr\u00e9i huet de Sven Wohl (*1985) sech u spekulativer Fiktioun versicht. 2014 huet e mat \"Die Einsicht\" en \u00e9ischt wierk an d\u00ebser Richtung erausbruecht. Sp\u00e9ider si s\u00e4in \u00e9ischte Roman \"Loosst den Doudege schw\u00e4tzen\" (2016) an en \u00e9ischt Kannerbuch \"De Molbier\" (2019) erauskomm."}],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/583","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=583"}],"version-history":[{"count":4,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/583\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1070,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/583\/revisions\/1070"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media\/1044"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=583"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=583"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=583"},{"taxonomy":"author","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/ppma_author?post=583"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}