{"id":1144,"date":"2024-03-25T10:00:33","date_gmt":"2024-03-25T10:00:33","guid":{"rendered":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/?p=1144"},"modified":"2024-03-26T16:15:25","modified_gmt":"2024-03-26T16:15:25","slug":"solarpunk-barometz","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/solarpunk-barometz\/","title":{"rendered":"SOLARPUNK: Barometz"},"content":{"rendered":"<p style=\"text-align: justify;\">[by COSIMO SUGLIA]<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>The Barometz feeds on soil nurtured, away from eyes resting, for if they see; look unto the lamb, its stasis will not tell that in the dead of the night, the umbilical connection to earth becomes puppeteer, let\u2019s the lamb roam, not far but enough movement to satisfy hunger, and in their symbiotic relationship they will survive into infinity.<\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2018Waasser wat dech verschl\u00e9ngt war onerwaart waarm.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du, Matrous, w\u00e4erts stierwen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2018Mier schl\u00e9ckt dech of ouni dech geknat ze hunn. D\u2018Saier vum Salz w\u00e4ert d\u00e4i Fleesch opl\u00e9isen. D\u2018F\u00ebsch a Waasserwiesen w\u00e4erten dech friessen, St\u00e9ck fir St\u00e9ck, och wann si M\u00ebnsch net verdroen, woen si sech, well d\u2018St\u00ebmm an hire K\u00e4pp d\u2019Iwwerliewen iwwert all aner Instinkt verk\u00ebnnegt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du ges\u00e4is de Bauch vun dengem Boot. Et br\u00e9cht d\u2018Uewerfl\u00e4ch, kuckt dir no w\u00e9is de lues erofgezu g\u00ebss, mee str\u00e9ckt d\u2018Hand net aus.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2018Wolleke vum Stuerm, d\u00e9i dech vum Boot gestouss hunn, verdecken d\u2018Sonn. An awer, sch\u00e9ngt e Stral op d\u00e4i Gesiicht; op deng mof L\u00ebpsen a w\u00e4isse Baart.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du waars, \u00e9ier dass de Matrous gi bass, m\u00e9i aus Necessit\u00e9it w\u00e9i elo w\u00ebllen, och wann d\u00e9i roueg Nuechten um Mier dir deng S\u00e9il zer\u00e9ck ginn hunn, Biolog gewiescht.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du, Biolog, bass gestuerwen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>The Lamb, fruit of the flower, observes, like a lighthouse. In the distance, the Barometz Lamb sees wolves creep through the valley, their hunger seeping through their rotting fangs, saliva slurs down their mouths, and as each drop falls on the grass, it browns under its acid. The vegetable Lamb of Tartary becomes the target.<\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du l\u00e4is um Boot. Du sp\u00e4iz de Recht Waasser wat der am Mond, am Hals, Longe bliwwen ass eraus. Fir ee Moment huet deng Physionomie sech ge\u00e4nnert. Nach ee Moment m\u00e9i, da wiers de F\u00ebsch, h\u00e4ss an dengem Hals Kim kritt, an da wiers de dout, oder lieweg, utopesch. Topeg gestuerwen. Ersoff, eent mat deem wat s de w\u00e9i dat Eent ges\u00e4is.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du kucks deng \u00c4erm un. Blo Nerven z\u00e9ie laanscht deng Tattooe. Ronder\u00ebm, w\u00e9i wann d\u00e9i Nerven der d\u2019Faarf an der 3. Kuuscht vun denger Haut g\u00e9ifen aus dem Wee goen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Op dengen \u00c4erm si rout Flaatschen. Se dinn net w\u00e9i, du weess wat P\u00e9ng ass, an awer sinn se do. Se sinn onangeneem. Maachen et, dass du deng Haut spiers, souguer an der Keelt vun der Nuecht.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Uewen, iwwert der Kabinn, fl\u00e9ie M\u00e9cken a Matten an d\u2019Luucht. Raschten, kucken, verstinn, dass d\u2019Luucht alles ass an dass alles d\u2019Luucht ass. Hir Energie, hiren Driff.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du dr\u00e9ins de Kapp a ges\u00e4is am Eck vum Boot en Oktopus. Knapps esou grouss, w\u00e9i d\u2019K\u00ebscht niewent him. D\u00e9i donkelgro K\u00ebscht mat gielem Deckel ass voll mat Material. Messer, Netz, Filter, F\u00ebschpick.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Den Oktopus ass donkelgro, mat g\u00ebllen Aen. Rechteckeg, schwaarz Pupille kucken dech un. Kucken an dech eran, an du weess et einfach, du weess et, well d\u2019Flaatschen op dengen \u00c4erm b\u00e4issen, dass du elo muss zer\u00e9ckkucken, w\u00e9i s de dat vill\u00e4icht virdrun nach ni gemaach hues. Deng \u00c4erm strecke sech, gr\u00e4ifen nom Oktopus, zidderen am Hang. Deng Been, leider, w\u00ebllen net matmaachen, nach net jiddefalls, also schl\u00e4ifs de g\u00e9int de Buedem. Du schl\u00e4ifs, w\u00e9i wann s de selwer en Oktopus wiers iwwert de Mieresbuedem.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Den Oktopus, d\u00e4i Gaascht, d\u00e4i Fr\u00ebnd, deng Zukunft k\u00ebnnt der entg\u00e9int. Seng Tentakele rullen iwwertenaner, dr\u00e9cke s\u00e4i Kierper no vir, suckelen sech fest, loosse lass, suckelen sech fest.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Deng Kleeder, Matrous, si schw\u00e9ier w\u00e9i Bl\u00e4i. D\u00e4i Baart schmaacht salzeg, schmaacht a fillt sech u w\u00e9i Algen. Du hiefs d\u00e4in Aarm nach eng K\u00e9ier, versichs den Oktopus unzepaken, a w\u00e9is de et an denger Haut verspuert hues, gr\u00e4ift den Oktopus no dir.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Deng Hand a sengem Tentakel.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">S\u00e4in Tentakel an denger Hand.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Dir sidd Union, dir sidd Symbiotesch, eent an dat selwecht.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>In the depth of the sea, the Hydra awaits those who yearn to cut her heads off. In the depth of the sea, light only reaches those who need it. Scales glisten as time passes, there, in the depth of the sea. Come Barometz, Vegetable Lamb of Tartary, you are one of us.<\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cHaut,\u201d sees du, Matrous, oder w\u00e9i deng Leit dech elo nennen: Kapit\u00e4n. \u201cHaut kritt d\u2019Otis s\u00e4i Partner,\u201d bl\u00e4ers de an e Mikro. Virun dir schaukelt en Nascht vu Booter. D\u2019Sonn spigelt sech an de Solarplacken of. Kuerz hues de dech an hirer Schw\u00e4erzt verluer.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Eng Mass vu Leit, d\u00e9i meescht ouni Kleeder, ausser Schwammsaachen, klappen. Bierelen dir entg\u00e9int. Niewent dir steet e Meedchen. D\u2019Otis ass dat J\u00e9ngsten am Netz. Seng Mamm, d\u2019Arianna, koum deemools mam Otis bei dech, nodeems dee schreckleche Stuerm d\u2019K\u00fcst vu Portugal zerst\u00e9iert huet.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cUm Internet,\u201d sot d\u2019Arianna deemools. \u201cDo schw\u00e4tzt ee vun dir.\u201d<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du waars deemools mam Snu\u2019g eleng. W\u00e9i si et matkruten, dass du hei wiers, hei liefs, wosst du net. <em>Self-sustained Nomad<\/em>, hunn si dech am Fernsee genannt. <em>The Octopus Handler<\/em> kruss de um Internet als Sp\u00ebtznumm. Du waars Ph\u00e4nomeen. Dir waart Ph\u00e4nomeen, de Snu\u2019g an du, eng Symbios. <em>Future of Humanity?<\/em> huet een Artikel gefrot an ass du viral gaangen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du wollts keng Interviews maachen. Hues leit verjot. Sos hinnen, wa si Interessi hunn, dass si sollen deng w\u00ebssenschaftlech Artikele liesen. Do hues du alles am Detail beschriwwen. Mee dat geet hinnen natierlech net duer. Hir eekleg Fangere wollte m\u00e9i. Hu gegruewen, wollte gruewen, bis si op Gold stoussen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">De Snu\u2019g mierkt, dass de, w\u00e9i ganz oft, kuerz fort bass. Du spads\u00e9iers grad an der Donkelheet vun dengem Kapp, sichs do no \u00c4ntwerten, d\u00e9i s du, nee, d\u00e9i dir kee ka besuergen. De Snu\u2019g leet seng Tentakel op dengem Gen\u00e9ck, saugt sech fest, an zitt d\u2019Tentakel abrupt lass.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du k\u00ebnns er\u00ebm zou dir.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Ronder\u00ebm waarden si op dech, d\u00e9i, d\u00e9i an dengem Netz matliewen. Du ges\u00e4is de Klam, e grousse Japaner, deen an de Philippinnen opgewuess ass, \u00e9ier dass d\u2019Philippinnen vun engem Tsunami verschlonge goufen. Du ges\u00e4is d\u2019Janara, ouni Kap, ouni Schutz g\u00e9int d\u2019H\u00ebtz an der Sonn. D\u2019Janara ass et gewinnt, hatt ass opgewuess an engem Palestina wat esou waarm an dr\u00e9chen ass, dass d\u2019Sonn him hei n\u00e4ischt ausm\u00e9cht.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Dem Janara s\u00e4i Partner \u2013 e mofen Oktopus, mat n\u00ebmme siwen \u00c4erm, h\u00e4nkt op sengem R\u00e9ck, h\u00e4lt sech vir fest mat engem Tentakel, wat vun \u00ebnnen, \u00ebnnert dem Bauch no uewe gr\u00e4ift, an een zweeten Tentakel wat iwwert d\u2019Sch\u00ebller l\u00e4it. W\u00e9i d\u2019Janara sech kuerz \u00ebmdr\u00e9int, ges\u00e4is du w\u00e9i s\u00e4i Partner schl\u00e9ift.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du muss kuerz schmunzelen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cDu packs dat, Otis,\u201d j\u00e4izt e Meedchen zwee Booter virun dengem. D\u2019Jak (dem Otis seng Fr\u00ebndin) huet e roude Bikini un. Um Kapp, s\u00e4i Partner. En Oktopus esou g\u00eblle w\u00e9i dem Jak seng blond Hoer.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du dr\u00e9ins dech zum Otis. D\u2019Uspanung verstoppt hannert der Freed. \u201cSnu\u2019g, your turn.\u201d Den Oktopus rutscht d\u00e4in Aarm erof a leet sech op d\u2019Sch\u00ebller vum Otis nidder. \u201cDu kenns de Prozess,\u201d sees du.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201c\u2018Tierlech,\u201d \u00e4ntwert hatt. Um Otis senger bronger Haut leet sech e Schl\u00e4im. \u201cEch hunn 30 Minutte, schwammen erof an d\u2019Oktopolis.\u201d<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cGenee.\u201d<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cAn der M\u00ebtt vun der Siidlung waarden ech. Ech muss waarde bis mir een entg\u00e9int k\u00ebnnt.\u201d<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cDu muss dech op si aloossen.\u201d<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cDee richtege k\u00ebnnt schonn,\u201d seet d\u2019Otis, net fir ze best\u00e4tege wat hatt muss maachen, mee \u00e9ischter fir sech selwer ze vergew\u00ebsseren.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cSpuer deng Loft. Ech weess, dass d\u2019Opreegung dat m\u00e9i schw\u00e9ier m\u00e9cht. Ech weess, mee du muss et aushalen,\u201d du n\u00e9cks mam Kapp. Hatt n\u00e9ckt dir zer\u00e9ck. \u201cEch gesinn, de Snu\u2019g ass gl\u00e4ich f\u00e4erdeg mam Symbiosum.\u201d<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Otis heemelt den Oktopus um Kapp. De Snu\u2019g l\u00e9isst fiicht Ger\u00e4ischer lass, bal, w\u00e9i wann eng Kaz g\u00e9if schnurren. D\u2019Otis muss laachen. Du w\u00eblls och, mee d\u2019Panik setzt an. Bis elo ass bei der Wal nach ni eppes pass\u00e9iert. B\u00e9id Populatiounen hu sech verstanen, hu sech g\u00e9iges\u00e4iteg respekt\u00e9iert. Verstinn och, dass et just mam Respekt geet. Fir dass eppes Neies kann entstoen, lues, mee s\u00e9cher. Trotzdeem, du hues \u00ebmmer Zweiwel.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du has dat schonn am Studium.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du has dat scho mat der Hochz\u00e4it.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Du has dat scho mam Snu\u2019g.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Kapit\u00e4n ass dee falschen Titel deen s de verd\u00e9ngs. Wrack wier m\u00e9i passend, mee du weess och, dass e Wrack d\u00e9i Iwwerliewent kann un d\u2019Uw\u00e4nner br\u00e9ngen. Du weess, dass e Wrack d\u00e9i Iwwerliewent kann am Mier schwiewe loossen, du kann si erhalen, bis eng richteg Rettung k\u00ebnnt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Well d\u2019Alternativen exist\u00e9ieren net. Also, dro se mat dengem R\u00e9ck, dengem W\u00ebssen, dro se, du Wrack.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Otis spr\u00e9ngt an d\u2019Waasser.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>When Barometz looks at sheep, it does not feel like it is part of them. Barometz is different. Intently, it is part of the world, while sheep are world apart. Barometz, Vegetable Lamb of Tartary, is Hydra. It shows teeth, feeds on those who try to produce pain. It heals and regrows, not like sheep, who let themselves be purged and eaten. <\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>Barometz survives on the sun-dried steppes. <\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>Barometz swims and sleeps on sandy shores.<\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>Barometz lives in the living garden of longitude.<\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">De Kapit\u00e4n ass dout. Hie gouf erschoss, well hien net wollt kapitul\u00e9ieren.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Onrou am Netz wandelt sech an Haass an Aggressioun.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Nodeems de Kapit\u00e4n sech verweigert huet, dem Milit\u00e4r d\u2019Gew\u00e4sser z\u2019iwwerloossen, sote si, dass d\u2019Netz sollt verschwannen. Souguer nodeems de Generol virum Kapit\u00e4n d\u2019Pistoul erausgezunn huet, huet de Kapit\u00e4n net gez\u00e9ckt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cMir sinn d\u2019Netz,\u201d sot de Kapit\u00e4n. \u201cMir liewen an exist\u00e9ieren hei. Eent mat der Oktopuszivilisatioun, d\u00e9i do \u00ebnnen lieft. Dir k\u00ebnnt net einfach esou hei era laatschen a mengen dir k\u00ebnnt hei alles iwwerhuelen.\u201d D\u2019Sonn sch\u00e9ngt op dem Kapit\u00e4n s\u00e4i gro-w\u00e4isse Baart.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cMir maache wat mir w\u00ebllen,\u201d seet de Generol. \u201cMir hunn d\u2019Nationalrecht drop.\u201d De Generol hat en Akzent, deen de Kapit\u00e4n net position\u00e9iere konnt. Hie war sech mol net s\u00e9cher, op et en Akzent war, oder w\u00e9inst dem Generol senger geschwollener L\u00ebps.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cWat fir en Nationalrecht? D\u2019Welt vreckt. Mir iwwerliewen. An d\u2019Recht op Liewen, ass net diskutabel.\u201d<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Eng Well schlappt g\u00e9int d\u2019Boot. De Snu\u2019g wiesselt d\u2019Faarf an h\u00e4nkt um Kapit\u00e4n senger Broscht. W\u00e9i eng rout-gr\u00e9ng, duerchsichteg Posch gef\u00ebllt mat Fl\u00ebssegkeet, kr\u00e4izen a beweegen sech d\u2019Faarwen, een iwwert deen aneren. Et ass eng kaleidoskopesch Agitatioun.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">De Kapit\u00e4n tr\u00ebppelt m\u00e9i no un de Generol.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cMir iwwerhuelen. Keng Diskussioun, do hutt dir Recht.\u201d De Generol m\u00e9cht d\u2019S\u00e9cherheet vun der Pistoul lass.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Dem Kapit\u00e4n s\u00e4i Bl\u00e9ck g\u00ebtt vun de Welle gezunn, br\u00e9cht g\u00e9int d\u2019Milit\u00e4rsch\u00ebff hannert dem Generol. Eng gigantesch, donkelgro Basis, d\u00e9i mat Steng vu gef\u00e9ierleche K\u00fcste k\u00e9int konkurr\u00e9ieren. E perfekt Boot fir en Duerf, seet de Kapit\u00e4n sech.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\u201cEch schw\u00e4tze mat dir, du schl\u00e4imege Freak,\u201d seet de Generol. Soubal hien de Saz f\u00e4erdeg hat, ass de Snu\u2019g vum Kapit\u00e4n erofgesprongen an an d\u2019Gesiicht vum Generol. De Kapit\u00e4n hat net reag\u00e9iert. Wisou och? Hien h\u00e4tt net k\u00e9inten de Snu\u2019g stoppen. Si si Symbios mee och Individuum.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Wat de Kapit\u00e4n awer wosst, ass dass dat s\u00e4in Doud heescht. Hien duecht, wann hien um Stierwe g\u00e9if l\u00e9ien, dass et Erl\u00e9isung wier. Dass hien dat konstant d\u2019Gefill vum Friem sinn, wat seng Siicht a s\u00e4i Gesiicht a s\u00e4i Kierper dausche l\u00e9isst, endlech lass g\u00e9if ginn. Mee hien huet sech geiert. D\u2019Gefill wat elo un him klieft, sech duerch s\u00e4i Kierper zitt, w\u00e9i e G\u00ebft ass Roserei, mee och, komescherweis, Hoffnung.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Hoffnung am Stierwen; Hoffnung fir d\u2019Zukunft.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Kugel ass duerch seng Broscht, duerch seng Longen. Si goung och duerch en Tentakel vum Snu\u2019g. An r\u00e4isst hien iwwert d\u2019Boot an d\u2019Waasser.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">De Kapit\u00e4n ass dout.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Wrack ass lieweg.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Netz wiert sech.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>Barometz is dead. <\/em><em>Consumed by wolves. Taken for sheep; taken for meat, but in reality vegetable. The wolves hurt, they hunger, they weaken, and are eaten by crying Hydras.<\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>Barometz lives in the Hydras\u2019 heart.<\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Impressionant, grujeleg, kr\u00e4fteg. Verschidde Wierder si besser w\u00e9i anerer fir dat wat grad bas\u00e9iert ze beschreiwen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Waasser br\u00e9cht vun \u00ebnnen. Awer et ass net e kl\u00e9nge Krees. Net, w\u00e9i wann e M\u00ebnsch oder Oktopus vum Schwammen eropk\u00ebnnt mam Kapp, nee. Et ass, ongef\u00e9ier esou grouss w\u00e9i d\u2019Fl\u00e4sch vun engem Boot.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Net n\u00ebmme br\u00e9cht d\u2019Waasser eemol vun \u00ebnnen, nee, ganzer aacht mol, an dat gl\u00e4ichz\u00e4iteg. Gigantesch Dunne vun Tentakelen, mat Ventousen esou grouss w\u00e9i Lotusblieder, briechen d\u2019Uewerfl\u00e4ch vum Waasser.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u00ebs Tentakele spr\u00e4izen an den Himmel, bis se ronn briechen a sech ronder\u00ebm d\u2019Milit\u00e4rsch\u00ebff w\u00e9ckelen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Netz ass roueg.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Milit\u00e4rsch\u00ebff bl\u00e4ert.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">An engem aarms\u00e9ilege Versuch, sprangen Zaldoten an d\u2019Waasser, mee do waarden Oktopusser, vu verschidde gr\u00e9issten, d\u00e9i si no \u00ebnnen zieren, an d\u2019D\u00e9ifte vun hirem Oktopolis. Hinnen d\u2019Loft klaut. Waarden, bis d\u2019Longe gef\u00ebllt si mat Waasser, a si an hirem eegenen Nationalrecht ersaufen.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">W\u00e9i d\u00e9i gigantesch Tentakelen d\u2019Milit\u00e4rsboot no \u00ebnnen zitt, spl\u00e9ckt d\u2019Waasser sech. Wellen, d\u00e9i \u00ebmmer m\u00e9i grouss ginn, dr\u00e9cken d\u2019Booter vum Netz fort.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">De Snu\u2019g, deen taucht niewent dem Kierper vum Kapit\u00e4n op. De Snu\u2019g vibr\u00e9iert an zitt de Kierper mat an d\u2019Waasser.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Elo ass dem Kapit\u00e4n s\u00e4i Boot eidel.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019H\u00e4erz vum Netz ass verl\u00e4scht. E Wrack.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Mee si all w\u00ebssen et, si, d\u2019Otis, de Klam, d\u2019Janara an all d\u00e9i aner, dass iergendwann, d\u2019Tentakele vum Liewen d\u2019H\u00e4erz er\u00ebm zum klappe br\u00e9ngt.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Well d\u2019Netz stierft net. D\u2019Netz sammelt an h\u00eblt op.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">D\u2019Netz gr\u00e4ift no Hoffnung.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>Eventually, Barometz will grow back. <\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>As vegetables do. <\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\"><em>As Hydras do.<\/em><\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[by COSIMO SUGLIA] The Barometz feeds on soil nurtured, away from eyes resting, for if they see; look unto the lamb, its stasis will not tell that in the dead of the night, the umbilical connection to earth becomes puppeteer, let\u2019s the lamb roam, not far but enough movement to satisfy hunger, and in their [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":1125,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_jetpack_newsletter_access":"","_jetpack_dont_email_post_to_subs":false,"_jetpack_newsletter_tier_id":0,"_jetpack_memberships_contains_paywalled_content":false,"_jetpack_feature_clip_id":0,"_jetpack_memberships_contains_paid_content":false,"footnotes":"","jetpack_post_was_ever_published":false},"categories":[7,106],"tags":[108,116,78],"ppma_author":[26],"class_list":["post-1144","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-fiction","category-solarpunk-anthology","tag-anthology","tag-cosimo-suglia","tag-solarpunk"],"jetpack_featured_media_url":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/COVER_TESTSINGLE.png","jetpack_sharing_enabled":true,"authors":[{"term_id":26,"user_id":0,"is_guest":1,"slug":"cosimo-suglia","display_name":"Cosimo Suglia","avatar_url":{"url":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/website-1.jpeg","url2x":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/website-1.jpeg"},"author_category":"","user_url":"https:\/\/cosimosuglia.com","last_name":"","first_name":"","job_title":"","description":"Cosimo writes short-stories, poems, and plays. He has published texts with Les Cahiers Luxembourgeois, Black Fountain Press, Nos Cahiers and Solarpunk Magazine. Cosimo received the 2021 Chrysalis Award for Luxembourg: an award dedicated to emerging writers in the speculative fiction genre. Cosimo likes frogs and insects, and he sometimes says words out loud, which makes people laugh, much to his surprise. You can find more about him on cosimosuglia.com"}],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1144","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1144"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1144\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1151,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1144\/revisions\/1151"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media\/1125"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1144"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1144"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1144"},{"taxonomy":"author","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/ppma_author?post=1144"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}