{"id":1132,"date":"2024-03-25T10:00:45","date_gmt":"2024-03-25T10:00:45","guid":{"rendered":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/?p=1132"},"modified":"2024-03-26T16:14:21","modified_gmt":"2024-03-26T16:14:21","slug":"solarpunk","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/solarpunk\/","title":{"rendered":"SOLARPUNK: D\u00e9i kuerz Rees vum direkten a pers\u00e9inlechen Techsupport"},"content":{"rendered":"<p>[by SVEN WOHL]<\/p>\n<p>D\u2019Mauer vu Code ass net m\u00e9i kloer ginn. Si ass souguer mat der Z\u00e4it \u00ebmmer m\u00e9i zu engem Labyrinth ginn. Hatt huet de Schierm verkrampft festgehalen a seng Stier a Fale geluecht.<\/p>\n<p>\u201cVill\u00e4icht muss du awer eng Paus maachen, Helena. Esou ze s\u00ebtzen ass net gutt, wann een nach jonk ass.\u201d<\/p>\n<p>Esou eppes ze soen huet d\u2019Sarin nach m\u00e9i al fille gelooss, w\u00e9i hatt eigentlech war. Hatt gouf gewarnt: Eng Teenagerin bei sech opzehuelen, a wann et n\u00ebmme war, fir d\u00e9i n\u00e4chst Generatioun auszebilden, war eng schlecht Iddi, wann ee sech nach jonk fille wollt. Hatt hat n\u00ebmmen 29 Joer, m\u00e4 d\u2019Helena war mat sengen zwielef w\u00e9i en Ausserierdescht.<\/p>\n<p>En Ausserierdescht, wat hatt zur n\u00e4chster Interfacerin sollt ausbilden, sou w\u00e9i dee leschten Interfacer et mat hir bis zu sengem Doud viru f\u00ebnnef Joer gemaach hat.<\/p>\n<p>D\u2019Helena huet de Schierm op den D\u00ebsch gepucht.<\/p>\n<p>\u201cMat der Z\u00e4it m\u00e9cht et m\u00e9i S\u00ebnn\u201d, huet d\u2019Sarin komment\u00e9iert. Hatt souz u sengem eegenen Apparat an huet Kaarte stud\u00e9iert.<\/p>\n<p>\u201cPff\u201d, huet d\u2019Helena ge\u00e4ntwert a s\u00e4i Kapp op den D\u00ebsch niewent den Tablet geluecht. Hatt huet s\u00e4i Gesiicht ewechgedr\u00e9int, wat m\u00e9i am Sarin ausgel\u00e9ist huet, w\u00e9i et jeemools zouginn h\u00e4tt. Zum Gl\u00e9ck huet e Klappen un der Dier vum klengen Haus um Bord vun der Kommun hatt erl\u00e9ist. De Besuch war awer keng Iwwerraschung, den Timing schonn. Hatt hat er\u00e9ischt am Nom\u00ebtteg domat gerechent. Dankbar war hatt trotzdeem.<\/p>\n<p>\u201cHues de et dob\u00e4i?\u201d, huet d\u00e9i jonk Fra gefrot, w\u00e9i si d\u2019Dier opgemaach huet. Den eelere Mann \u2013 de Victor, e Vertrieder vun der Kommun \u2013 huet him ouni eppes ze soen de laange Pak iwwerreecht. D\u00e9i \u00fcblech Plattit\u00fcden, w\u00e9i d\u2019Moie soen, hu si sech scho s\u00e4it laangem gespuert. Beim Brudder vu sengem ale L\u00e9iermeeschter huet et dat net gebraucht.<\/p>\n<p>D\u2019Sarin huet den Objet aus dem Duch aus L\u00e9ngent, an deem en transport\u00e9iert ginn ass, erausgeholl. Eigentlech war et onvirsiichteg, esou eppes op d\u00ebs Aart a Weis ze transport\u00e9ieren, m\u00e4 de Vertrieder vun der Kommun huet warscheinlech net misse f\u00e4erten, datt him iergendeen an de Wee komm ass. Hatt huet d\u00e9i laang, metalle Waff viru sech gehalen an duerch d\u2019Vis\u00e9ier gekuckt.<\/p>\n<p>De klengen Display huet eng \u201c2\u201d ugewisen.<\/p>\n<p>\u201cDa muss et hinnen eescht sinn\u201d, huet hatt bemierkt, w\u00e9i wann d\u2019Interfacerin mat sech selwer schw\u00e4tze g\u00e9ing.<\/p>\n<p>\u201cMir hunn nach Akkue fir e puer Deeg. Duerno musse mer komplett op selwer gener\u00e9iert Energie setzen\u201d, huet de Victor endlech gesot. Seng Aen hunn um Helena gerout, wat sech bis elo net ger\u00e9iert huet. \u201cDen n\u00e4chste Passage ass net m\u00e9i w\u00e4it. Bis dohinner muss d\u2019Verbindung nees stoen.\u201d<\/p>\n<p>Keng Verbindung, kee Jus. An dann e ganze Mount n\u00ebmmen iwwert d\u2019Kollekteren an d\u2019Wandmille fuere wier fir d\u2019Kommune vum Kollektiv m\u00e9i w\u00e9i eng Erausfuerderung.<\/p>\n<p>Dat war de Res\u00fcmmee. Um Blat Pabeier eng ganz einfach Aff\u00e4r. Zwee Deeg zu Fouss mam Helena, engem Schinnegewier mat zwee Schoss, Ratiounen an der n\u00e9ideger technescher Ausr\u00ebschtung, fir all Problem gel\u00e9ist ze kr\u00e9ien. Et war net onbed\u00e9ngt n\u00e9ideg, m\u00e4 d\u2019Interfacerin hat drop bestanen, och well et eent vun de Privileegie vun hirem Beruff war. An et ass seele genuch, datt een eraus an de B\u00ebsch geet, fir esou eng laang Rees unzetrieden. Wie weess, wat sech ge\u00e4nnert huet.<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\ud80c\udda3<\/p>\n<p>D\u2019Sarin huet s\u00e9ier festgestallt, datt sech net vill ge\u00e4nnert hat.<\/p>\n<p>De B\u00ebsch huet \u00ebmmer nach gr\u00e9ng a sch\u00e9in ausgesinn. Et war zwar ze mierken, datt en, w\u00e9i all B\u00ebsch, k\u00ebnschtlech ugeluecht war, fir d\u2019Atmosph\u00e4r ze regul\u00e9ieren, an awer huet e gew\u00ebssent A fir \u00c4sthetik hei matgespillt.<\/p>\n<p>Wat anescht war, war hatt. Bez\u00e9iungsweis, wie mat dob\u00e4i war.<\/p>\n<p>\u201cEch w\u00ebll awer net Deeg laang duerch de B\u00ebsch tr\u00ebllen. G\u00ebtt et keen Zuch? Oder k\u00ebnne mer net op d\u2019mannst en E-Bike huelen?\u201d<\/p>\n<p>\u201cEt g\u00ebtt kee gefestegte Wee dohinner. Also musse mir zu Fouss. An och dat ass Deel vun eisem Job.\u201d<\/p>\n<p>D\u2019Teenagerin huet de Kapp h\u00e4nke gelooss. \u201cEch wollt en Job als Coderin, fir esou mann w\u00e9i m\u00e9iglech missen eraus. M\u00e4\u2026\u201d<\/p>\n<p>Hatt huet de Saz net f\u00e4erdeg gemaach. Warscheinlech, well et him ze w\u00e9i deet: d\u2019Examen hat et net gepackt an d\u2019Plaze fir Codere si staark limit\u00e9iert. Bis d\u00e9i n\u00e4chst g\u00e9ingen opgoen, g\u00e9ife Joerz\u00e9ngte vergoen. Hatt h\u00e4tt zwar an eng aner Kommun vum Kollektiv k\u00ebnnen pl\u00ebnneren \u2013 oder nach m\u00e9i w\u00e4it \u2013 m\u00e4 do gouf et keng Garantien. An dofir h\u00e4tt et missen eraus.<\/p>\n<p>Also huet et missen Interfacerin ginn. Et gouf kee Choix, wat s\u00e4i Frust fir d\u2019Sarin m\u00e9i novollz\u00e9ibar gemaach huet.<\/p>\n<p>An awer\u2026<\/p>\n<p>D\u2019Interfacerin huet d\u00e9if an- an ausgeotemt. Dunn ass hatt ouni eppes ze soen an de B\u00ebsch gaangen. D\u2019Helena stoung een Ament do an huet gez\u00e9ckt.<\/p>\n<p>Et gouf kee Choix, also huet och hatt sech vum B\u00ebsch schl\u00e9cke gelooss.<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\ud80c\udda3<\/p>\n<p>\u201cFirwat d\u2019Waff?\u201d, huet hatt no enger gefillter \u00c9iwegkeet gefrot. D\u2019L\u00e9iermeedche wollt d\u2019Fro scho stellen, w\u00e9i de Victor him de Pak ginn huet. Hatt huet sech warscheinlech net getraut, well et schei war, w\u00e9i d\u2019Sarin scho fr\u00e9i genuch gel\u00e9iert hat.<\/p>\n<p>\u201cJust als Ofs\u00e9cherung. Et weess een ni.\u201d<\/p>\n<p>\u201cD\u00e4erf ech se unhalen?\u201d<\/p>\n<p>D\u2019Sarin huet gelaacht. \u201cWa mir eng K\u00e9ier domat train\u00e9ieren, jo. M\u00e4 fir d\u2019\u00e9ischt k\u00ebnnt d\u2019Cod\u00e9ieren drun.\u201d<\/p>\n<p>Duerno war hatt nees roueg. D\u2019Sarin wollt him net w\u00e9idoen, m\u00e4 hatt wollt d\u2019L\u00e9iermeedchen och net ul\u00e9ien. Dat g\u00e9ing hinne b\u00e9id m\u00e9i schuede w\u00e9i d\u00e9ngen.<\/p>\n<p>Si si fir eng weider Stonn ouni weider ze schw\u00e4tzen duerch de B\u00ebsch gaangen. Den Tempo war h\u00e9ich a mat de Rucks\u00e4ck war et eng ustrengend Rees, och wann d\u2019Beem hinne vill Schiet gespent hunn an et och net ze waarm war. Zu all Ament huet de Satellit hinnen de Wee iwwert hir Netzhait gewisen. D\u00e9ieren hu si n\u00ebmmen h\u00e9ieren, m\u00e4 net gesinn. D\u2019Sarin hat Geschichte gelies, wou D\u00e9iere m\u00e9i zoutraulech waren, m\u00e4 d\u00e9i heite waren net m\u00e9i u M\u00ebnsche gewinnt. Virun allem net ausserhalb de Routen op improvis\u00e9ierte Wee\u00ebr.<\/p>\n<p>Nee, et waren net d\u2019D\u00e9ieren, d\u00e9i him Suerge gemaach hunn.<\/p>\n<p>Si haten e gudde Progr\u00e8s gemaach an hu sech decid\u00e9iert, d\u2019Lager opzeschloen, w\u00e9i d\u2019Sonn schonn am Gaang war, \u00ebnnerzegoen.<\/p>\n<p>\u201cWat w\u00e4erte mir bei der Statioun fannen?\u201d, huet d\u2019Helena gefrot, w\u00e9i se beim Feier eppes giess hunn.<\/p>\n<p>\u201cWa mir Chance hunn e puer Automaten, d\u00e9i eis iwwert e Kommunikatiounsproblem inform\u00e9ieren an eis weisen, wou d\u2019Leitungen e Problem hunn.\u201d<\/p>\n<p>Wa mir Pech hunn e puer Automaten, d\u00e9i duerchgedr\u00e9int sinn. An da w\u00e4erten zwee Schoss net m\u00e9i duergoen, a wa se sech hannerteneen an d\u2019Rei stellen.<\/p>\n<p>D\u2019Helena huet op sengem Schierm d\u2019Kaart gekuckt. \u201cWat ass dat fir e schwaarzt Lach?\u201d<\/p>\n<p>D\u2019Sarin huet interess\u00e9iert eriwwergekuckt, och wann hatt scho ganz genau wousst, wat s\u00e4i L\u00e9iermeedche gemengt huet. \u201cEng verluere Stad.\u201d<\/p>\n<p>D\u2019Helena huet grouss Ae gemaach. Warscheinlech huet hatt, genau sou w\u00e9i d\u2019Sarin selwer, an der Schoul dovunner h\u00e9ieren. Al Stied, d\u00e9i net m\u00e9i zer\u00e9ckgewonne konnte ginn, goufen als \u201everluer\u201c deklar\u00e9iert an duerften net m\u00e9i betratt ginn.<\/p>\n<p>\u201cFirwat ass d\u00e9i heite verluer?\u201d, huet d\u2019Helena duerno gefrot. Dat war effektiv eppes, wat een net an der Schoul gel\u00e9iert huet an d\u2019Interfacere goufen d\u00ebs Informatiounen och n\u00ebmmen iwwert dat Areal gewuer, an deem si selwer aktiv waren. An hirem Kollektiv louchen aacht Kommunen, an deenen eng Dosen aner Interfaceren aktiv waren. M\u00e9i gouf net gebraucht, well de Kontakt mat Automate rar ges\u00e9int war an normal IT-Probleemer op Distanz vun de Codere gel\u00e9ist goufen. Interfaceren huet een n\u00ebmme gebraucht, wann et m\u00e9i direkt a pers\u00e9inlech huet misse ginn.<\/p>\n<p>\u201cEng verselbstst\u00e4nnegt KI huet sech do verbreet. Dow\u00e9inst maache mir e Bou ronder\u00ebm.\u201d<\/p>\n<p>\u201cWeess dann een, op d\u00e9i nach \u00ebmmer aktiv ass? Mir k\u00e9inten en hallwen Dag spueren. Dat g\u00e9ing der Kommun immens h\u00ebllefen, wa mir de Probleem m\u00e9i s\u00e9ier k\u00e9inte l\u00e9isen.\u201d<\/p>\n<p>D\u2019Sarin huet him a Gedanke Recht ginn. Jee nodeem w\u00e9i laang d\u2019L\u00e9isung vum eigentleche Probleem g\u00e9ing daueren, k\u00e9int en hallwen Dag e groussen \u00cbnnerscheed maachen. Si wollten evit\u00e9ieren, datt d\u2019Kommun op d\u2019lokal Energieproduktioun zer\u00e9ckgr\u00e4ift oder den n\u00e4chsten Energiestouss verpasst. Dat g\u00e9ing fir d\u00e9i meescht Leit bedeiten, datt si fir Wochen de Stroum misste ration\u00e9ieren, well si net op d\u2019Haaptenergiequell k\u00e9inten zer\u00e9ckgr\u00e4ifen\u2026<\/p>\n<p>E Bl\u00ebtz fiert duerch den Nuetshimmel. Nee, Bl\u00ebtz tr\u00ebfft et net ganz. Et war w\u00e9i eng laang, riicht Sail, d\u00e9i de Mound mat der \u00c4erd verb\u00ebnnt.<\/p>\n<p>\u201cSch\u00e9in\u201d, huet d\u2019Helena bemierkt.<\/p>\n<p>Et war sch\u00e9in, virun allem, well et och tempor\u00e4r war. De Mound huet n\u00ebmme w\u00e9ineg Minutte gebraucht, fir d\u2019Energie, d\u00e9i seng Pannele produz\u00e9iert hunn, un d\u2019Statioun ze iwwerdroen. N\u00ebmme fir ongef\u00e9ier eng Minutt war d\u2019Loft esou staark ionis\u00e9iert, datt een et mam bloussen A konnt gesinn. Wann ee gutt war, konnt een un der Distanz erkennen, w\u00e9i vill Deeg et nach waren, bis de Mound iwwert der eegener Statioun war, fir engem genuch Energie fir 20 Deeg ze ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Sarin huet net misse sch\u00e4tzen. Et waren der nach dr\u00e4i.<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\ud80c\udda3<\/p>\n<p>Hatt konnt sech net er\u00ebnnere, w\u00e9ini genau hatt ageschlof war. M\u00e4 hatt war sech s\u00e9cher, datt et nieft dem Helena ageschlof war. Hir Schlofs\u00e4ck waren direkt niewenteneen am Zelt, just war dee vum L\u00e9iermeedchen eidel.<\/p>\n<p>D\u2019Sonn war nach dob\u00e4i, opzegoen, w\u00e9i d\u2019Sarin aus dem Zelt gestierzt koum. Dobausse war hatt och net ze gesinn. Hatt huet s\u00e4in Numm geruff, m\u00e4 ouni Erfolleg. D\u2019Helena war fort. Ee Moment laang war d\u2019Sarin selwer nees zwielef Joer al. An deen Alen huet hatt nees onf\u00e4eg an domm fille gelooss. D\u00e9if anootmen, ausootmen. Lager ofbriechen, Rucksak un an d\u2019Waff iwwert d\u2019Sch\u00ebller. Et l\u00e4it hannert him.<\/p>\n<p>Eng Saach huet hatt dem Ale misse loossen: Seng Drills, sech \u00ebmmer op dat N\u00e9idegt ze konzentr\u00e9ieren, hunn eppes bruecht. Fir Panik war herno nach Z\u00e4it.<\/p>\n<p>Hatt wousst genee, wou d\u2019Helena higaange war. Et g\u00ebtt g\u00e4re behaapt, datt Teenageren, d\u00e9i w\u00e9ineg schw\u00e4tzen, net duerchbl\u00e9cke loossen, wat si denken. Aus Erfarung \u2013\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0 hatt war dem Helena net esou on\u00e4nlech, w\u00e9i et sech dat oft gesot huet \u2013 wosst d\u2019Interfacerin, datt manner Wierder net bedeit, datt si manner wichteg waren.<\/p>\n<p>D\u2019Helena hat scho kloer gesot, w\u00e9i d\u2019Missioun besser oflafe k\u00e9int.<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\ud80c\udda3<\/p>\n<p>D\u2019Geschichte sinn der Realit\u00e9it net gerecht ginn. Dat war d\u00e9i \u00e9ischt Conclusioun, d\u00e9i d\u2019Sarin gezunn huet, w\u00e9i hatt fir d\u2019\u00e9ischt an hirem Liewen e Fouss an eng verluere Stad gesat huet. Jo, do ware gr\u00e9ng iwwerwuesse Gebaier, d\u00e9i esou h\u00e9ich an d\u2019Luucht gewuess sinn, datt engem schwindeleg ginn ass, wann een eropgekuckt huet. Jo, d\u00e9i futtis Stroosse ware voller aler Autoen, d\u00e9i verrascht waren a just nach plazeweis verroden hunn, w\u00e9i eng Faarf si urspr\u00e9nglech haten. Jo, d\u00e9i eenzeg lieweg Wiese waren D\u00e9ieren, d\u00e9i hei en neit Doheem fonnt hunn an irrit\u00e9iert vun d\u00ebsem frieme Wiese waren. M\u00e4 eng Saach hu se ausgelooss: W\u00e9i roueg et war.<\/p>\n<p>D\u2019Interfacerin hat d\u2019Waff vun der Sch\u00ebller geholl. Op senger Netzhaut huet et eng Positioun op der Kaart rout ugewise krut. Er\u00e9ischt w\u00e9i hatt an d\u2019Stad komm war, huet d\u2019Uertung nees funktion\u00e9iert. D\u2019R\u00e4ichw\u00e4it vum Helena sengem Equipement war net grouss, also wousst hat, datt et no wier. W\u00e9i no, dat huet et gemierkt, w\u00e9i hatt s\u00e4i L\u00e9iermeedche j\u00e4izen h\u00e9ieren huet.<\/p>\n<p>Den Alen hat \u00ebmmer drop bestanen, datt ee kierperlech fit bleift, och wann d\u2019Aufgabe vun den Interfacere meeschtens kenger kierperlecher Natur waren. Fir d\u2019zweet huet hatt an engem Dag misse sengem L\u00e9iermeeschter Merci soen.<\/p>\n<p>Et war e komeschen Dag.<\/p>\n<p>Dr\u00e4i St\u00e9ck ware bei sengem L\u00e9iermeedchen an engem vun de ville Gebaier, d\u00e4r hir Fronte mol eng K\u00e9ier aus Glas bestanen haten. Si hu sech esou gestallt, datt et keen Auswee fir hatt gouf. A si sinn \u00ebmmer m\u00e9i no komm. Wann d\u2019Sarin m\u00e9i Z\u00e4it gehat h\u00e4tt, h\u00e4tt et prob\u00e9iert, mat den Automaten z\u2019interfacen. M\u00e4 hatt hat keng Z\u00e4it, och wann d\u2019Helena hektesch op sengem Schierm getippt hat. D\u2019Automaten an d\u00ebse Stied waren anescht, w\u00e9i an de Statiounen. Si ware w\u00ebll, hir Programm\u00e9ierung duerch autark KI-L\u00e9iersystemer \u00ebmmer m\u00e9i korrump\u00e9iert ginn, an domat potentiell gef\u00e9ierlech. Nee, hatt huet misse m\u00e9i direkt, m\u00e9i pers\u00e9inlech ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Sarin hieft d\u2019Waff a widderh\u00eblt eppes, wat den Alen him um Sch\u00e9issstand \u00ebmmer gesot huet: \u201cN\u00ebmme well s de et hei kanns, heescht dat net, datt s de et wierklech kanns.\u201d<\/p>\n<p>Seng H\u00e4nn hu geziddert, well et drop ukoum. Zwee Sch\u00ebss, dr\u00e4i potentiell G\u00e9igner. Hatt h\u00eblt d\u00e9if Loft a fir eng Sekonn bleift d\u2019Vis\u00e9ier roueg.<\/p>\n<p>E Ger\u00e4isch, w\u00e9i wann 1000 Leit gl\u00e4ichz\u00e4iteg mam Fanger an e Verst\u00e4erker era geschnippt h\u00e4tten, zerrappt d\u2019Rou vun der verluerener Stad. E staarke, kuerze Stouss fiert vun der Sch\u00ebller aus duerch s\u00e4i Kierper, iert en haart Summen uf\u00e4nkt. Et sch\u00e4ppert, eng Akkuzell flitt fort. Den Display weist eng eent un. D\u2019Sarin hieft de Kapp a ges\u00e4it, datt ee vun den Automate s\u00e4i verluer huet. D\u00e9i aner zwee Automaten hu sech zu him \u00ebmgedr\u00e9int, hatt ugekuckt an duerno een deen aneren. Si waren zu engem Accord komm: Si g\u00e9ingen sech lues awer respektvoll vun den zwee M\u00ebnschen zer\u00e9ckz\u00e9ien, a kee vun hinne g\u00e9ing den zweete Schoss erliewen. Zum Gl\u00e9ck wousst kee vun hinnen, datt et n\u00ebmmen en zweete Schoss g\u00e9ing ginn. W\u00e9i d\u2019Automate bis fort waren, huet och d\u2019Summen opgehalen. D\u00e9i zweet Charge war domat prett, och wa se net m\u00e9i gebraucht g\u00e9ing ginn.<\/p>\n<p>D\u00e9i zwou Fraen hu sech net beweegt, sou laang w\u00e9i d\u2019Automaten nach do waren. D\u2019Helena huet fir d\u2019\u00e9ischt just mat groussen Ae seng L\u00e9iermeeschtesch fix\u00e9iert. M\u00e4 duerno huet eppes anescht s\u00e4in Interessi voll ageholl: d\u2019Reschter vum Automat. W\u00e9i d\u00e9i aner Automate bis fort waren, ass d\u2019Helena bei de Koup Metall gaangen an huet sech niewendru gehockt.<\/p>\n<p>\u201cDen Automat ass ausser Gefecht, falls dir dat Suerge m\u00e9cht. D\u2019zentral Steierungsunit\u00e9it s\u00ebtzt am Kapp\u2026\u201d<\/p>\n<p>Fir d\u00e9i \u00e9ischte K\u00e9ier z\u00ebnter datt si fortgaange waren, huet d\u2019Helena geschmunzelt. S\u00e4i Schierm huet him eng gutt Noriicht ugewisen. An er\u00e9ischt elo huet d\u2019Sarin realis\u00e9iert, wat s\u00e4i L\u00e9iermeedchen do gesicht \u2013 an esouguer fonnt \u2013 huet.<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\ud80c\udda3<\/p>\n<p>Si konnten d\u2019Statioun scho gesinn, w\u00e9i d\u2019Helena sech decid\u00e9iert huet, eppes ze soen. Z\u00ebnter der Stad, also engem hallwen Dag, huet keent vun deenen zwee eppes gesot. D\u2019Sarin huet dat esou interpret\u00e9iert, datt et n\u00e4ischt dozou ze soe gouf an hatt wollt s\u00e4i L\u00e9iermeedchen net vernennen.<\/p>\n<p>D\u2019Sarin wollt et besser w\u00e9i den Ale maachen.<\/p>\n<p>\u201cEt deet mir leed.\u201d<\/p>\n<p>M\u00e9i krut hatt net iwwert d\u2019H\u00e4erz. M\u00e4 et war m\u00e9i w\u00e9i genuch.<\/p>\n<p>\u201c\u00cbmmerhin hu mir allen zwee vill gel\u00e9iert\u201d, huet d\u2019Sarin zouginn. Si stounge quasi direkt virum Haaptgebai vun der Statioun. \u201cKeng Begr\u00e9issungsparty?\u201d<\/p>\n<p>Eppes huet definitiv net gest\u00ebmmt. D\u2019Automaten, d\u00e9i sech \u00ebm d\u2019Statioun gek\u00ebmmert hunn, h\u00e4tte scho laang mierke missen, datt M\u00ebnschen am Perimeter opgetaucht waren. Am Fong h\u00e4tte si missen ofgefaange ginn, well M\u00ebnschen, mat Ausnam vun den Interfacer, guer net esou no un eng Statioun dierfen. Genau dow\u00e9inst huet d\u2019Sarin seng Waff nees an Uschlag geholl. D\u2019Zuel um Display huet hatt net berouegt.<\/p>\n<p>D\u2019Haaptdier war zou. Eng gutt Gelee\u00ebnheet, fir d\u2019Helena \u00fcben ze loossen. D\u2019Teenagerin war frou, sech e b\u00ebsse beweisen ze k\u00ebnnen an huet sech direkt un d\u2019Aarbecht gemaach. Et huet zwar m\u00e9i laang gedauert, w\u00e9i dat beim Sarin de Fall gewiescht wier, m\u00e4 hatt huet awer eng gutt Aarbecht geleescht. D\u00e9i grouss Dier huet reag\u00e9iert an ass opgaangen. D\u2019Sarin huet him e klengt Laache geschenkt, w\u00e9i d\u2019Helena opgestanen ass.<\/p>\n<p>D\u2019Kontrollzentral war komplett an der D\u00e4ischtert.<\/p>\n<p>\u201cHei sch\u00e9ngt et e Problem mam Stroum ze ginn\u201d, huet d\u2019Helena bemierkt.<\/p>\n<p>Eng Energiezentral mat engem Stroumproblem? Net onm\u00e9iglech, m\u00e4 wat war geschitt?<\/p>\n<p>D\u2019Sarin ass op eemol stoe bliwwen an huet och s\u00e4i L\u00e9iermeedche festgehalen. Virun hinne war eppes. Hatt hieft seng Waff, e klengt Surren huet him verroden, datt si prett war. Ee Schoss, dat huet missen zielen. Hatt wousst, datt et d\u2019Automate vun der Statioun wieren. M\u00e4 hatt wousst net, a w\u00e9i engem Zoustand si waren. Si stounge virun der riseger Konsol, de villen iwwerdimension\u00e9ierte Schiermer, d\u00e9i et den Erbaueren erlaabt haten, fir d\u2019Statioun ze kontroll\u00e9ieren. Si ware fir d\u2019Automaten net wichteg, si hunn direkt mam System geinterfacet. D\u2019Automaten hunn net reag\u00e9iert, w\u00e9i hatt op si geziilt huet.<\/p>\n<p>\u201cKomesch\u201d, huet d\u2019Helena gesot. Et war komesch: En Automat a Gefor huet aprogramm\u00e9iert Routinnen, fir fortzelafen oder sech ze wieren. Alles a gew\u00ebsse Parameteren, versteet sech. Guer keng Reaktioun ze weisen, dat war effektiv komesch.<\/p>\n<p>D\u2019Teenagerin ass ouni Angscht bis direkt virun eng vun den Unit\u00e9ite getr\u00ebppelt. Hatt huet op s\u00e4i Schierm gekuckt. D\u2019Sarin huet mat der Waff op de Buedem gewisen a sech \u00ebmgekuckt. Am Hallefd\u00e4ischter war keng Gefor ze gesinn. Also huet et s\u00e4i L\u00e9iermeedche gew\u00e4erde gelooss. Et sollt sech roueg hei beweisen. Net hatt mam eegene K\u00ebnnen erdr\u00e9cken an erst\u00e9cken. Net dat Aalt ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Helena war hannert den Automat gaangen an huet no eppes gesicht. \u201cAh!\u201d Eppes huet noginn an ass mat engem klenge Quiitschen opgaangen. Hatt wullt am Rucksack, f\u00ebnnt eppes, wat et an der verluerener Stad matgeholl hat. De futtissen Automat hat et net gebraucht. M\u00e4 deen heite war net futti. Et schrauft an dr\u00e9int, et quiitscht an et klickt. Zwee k\u00ebnschtlech A liichten op.<\/p>\n<p>\u201cIdentifiz\u00e9ieren.\u201d<\/p>\n<p>\u201cInterfacer 981223A an 981223a.\u201d<\/p>\n<p>Den Automat huet d\u2019Sarin fix\u00e9iert. Hatt wousst, datt e Scan g\u00e9ing lafen. Et gouf keng Gefor. De Gr\u00ebff \u00ebm d\u2019Waff ass m\u00e9i fest ginn.<\/p>\n<p>\u201cIdentifiz\u00e9ierung ofgeschloss.\u201d<\/p>\n<p>\u201cRapport?\u201d, huet d\u2019Sarin gefrot. Warscheinlech wosste si, wou de Probleem louch.<\/p>\n<p>\u201cVersuergung duerch Panele gest\u00e9iert.\u201d<\/p>\n<p>D\u2019Solarpanelen? D\u00e9i sollten dofir suergen, datt d\u2019Statioun autark bliwwen ass an d\u2019Energie vum Mound ausschliisslech fir d\u2019Kommune benotzt ginn ass. Wa si ausfalen\u2026<\/p>\n<p>\u201cDen Automaten ass de Stroum ausgaangen\u201d, huet d\u2019Helena festgestallt.<\/p>\n<p>\u201cFirwat goufen d\u2019Panelen net restaur\u00e9iert?\u201d<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\ud80c\udda3<\/p>\n<p>D\u2019\u00c4ntwert war einfach, hu si misse feststellen, nodeems si iwwert eng Lieder op den Dag komm waren. D\u2019Maintenance war net korrekt ausgefouert ginn. Villercher haten hir N\u00e4schter gebaut, verschidde Kabele waren an engem m\u00e9i w\u00e9i schlechten Zoustand, St\u00ebbs a Knascht hu sech op d\u2019Panele geluecht a verschiddener ware futti gefuer, warscheinlech duerch Kn\u00ebppelsteng.<\/p>\n<p>\u201cEch mengen, ech muss \u00e4r Programm\u00e9ierung, wat Maintenance ugeet, mol eng K\u00e9ier iwwerschaffen\u201d, huet d\u2019Sarin gemengt. E l\u00e9isbare Probleem. M\u00e4 net an deenen zwee Deeg, d\u00e9i hinne bliwwe sinn. \u201cWat ass den Zoustand vum Noutaggregat?\u201d<\/p>\n<p>Kee Stroum. D\u2019Energiezell war komplett platt, huet sech verausgaabt, fir all d\u2019Automaten um lafen ze halen, d\u00e9i incapabel waren, fir d\u2019Solarpanelen ze repar\u00e9ieren. En D\u00e4iwelskrees vu schlechter Maintenance, ongl\u00e9cklechen \u00cbmst\u00e4nn an Negligence.<\/p>\n<p>D\u2019Helena huet ouni dozou ugewisen ze ginn, d\u2019Energiezell vum Noutaggregat erausgeholl. \u201cKomplett platt. W\u00e9i l\u00e9ise mir dat?\u201d<\/p>\n<p>D\u2019Sarin huet \u00ebmmer nach d\u2019Waff am Grapp gehalen. Hatt huet sech d\u00e9i ganzen Z\u00e4it net komplett s\u00e9cher gefillt. Hatt kuckt d\u2019Helena, dann den Display mat der \u201c1\u201d. Et dr\u00e9int d\u2019Waff zur S\u00e4it, s\u00e9chert se, zitt e Reedel zer\u00e9ck, an h\u00eblt eng identesch Zell aus dem Gewier.<\/p>\n<p>Direkt a pers\u00e9inlech.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[by SVEN WOHL] D\u2019Mauer vu Code ass net m\u00e9i kloer ginn. Si ass souguer mat der Z\u00e4it \u00ebmmer m\u00e9i zu engem Labyrinth ginn. Hatt huet de Schierm verkrampft festgehalen a seng Stier a Fale geluecht. \u201cVill\u00e4icht muss du awer eng Paus maachen, Helena. Esou ze s\u00ebtzen ass net gutt, wann een nach jonk ass.\u201d Esou [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":1125,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_jetpack_feature_clip_id":0,"_jetpack_memberships_contains_paid_content":false,"footnotes":""},"categories":[7,106],"tags":[108,78,112],"ppma_author":[28],"class_list":["post-1132","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-fiction","category-solarpunk-anthology","tag-anthology","tag-solarpunk","tag-sven-wohl"],"jetpack_featured_media_url":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/COVER_TESTSINGLE.png","jetpack_sharing_enabled":true,"authors":[{"term_id":28,"user_id":0,"is_guest":1,"slug":"sven-wohl","display_name":"Sven Wohl","avatar_url":{"url":"https:\/\/secure.gravatar.com\/avatar\/?s=96&d=mm&r=g","url2x":"https:\/\/secure.gravatar.com\/avatar\/?s=96&d=mm&r=g2x"},"author_category":"","user_url":"","last_name":"","first_name":"","job_title":"","description":"Scho relativ fr\u00e9i huet de Sven Wohl (*1985) sech u spekulativer Fiktioun versicht. 2014 huet e mat \"Die Einsicht\" en \u00e9ischt wierk an d\u00ebser Richtung erausbruecht. Sp\u00e9ider si s\u00e4in \u00e9ischte Roman \"Loosst den Doudege schw\u00e4tzen\" (2016) an en \u00e9ischt Kannerbuch \"De Molbier\" (2019) erauskomm."}],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1132","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1132"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1132\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1134,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1132\/revisions\/1134"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media\/1125"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1132"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1132"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1132"},{"taxonomy":"author","embeddable":true,"href":"https:\/\/anerwelten.lu\/wordpress\/wp-json\/wp\/v2\/ppma_author?post=1132"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}