• ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
ANERWELTEN
SUBMIT

 

 

 

🇬🇧 🇱🇺

LIEST IECH WANNECHGELIFT DĂ‹ST SĂ„IT AM DETAIL DUERCH

 

 

𓆣

 

WAT MIR WĂ‹LLEN

Mir wëlle progressiv spekulativ Fiktioun.

Dat heescht: Fantasy, Science Fiction, Urban Fantasy, Steampunk, Weird West, Solarpunk, Lunarpunk, Magic Realism, Post-apokalyptesch an nach vill méi.

Mir wëllen Experimenter an Representatioun vun ënnerrepresentéierten a marginaliséierte Gruppen. Iwwerrasch eis. Benotzt Stilmëttel, déi net oft benotzt ginn. Mir wëlle voll a ronn Figuren, déi Déiften opweisen. Mir wëllen emotional Relatiounen an eegenaarteg Welten. Mir wëlle Schéinheet a Charme a waarm Gefiller an Trauregkeet. Mir wëlle Revolutiounen an Utopien an Hoffnung, a mir wëllen Texter iwwert déi mer schwätze kënnen.

Mir encouragĂ©ieren dech vun de Normen ofzeschwäifen. Mir wĂ«lle Geschichten, dĂ©i d’Norm briechen a Formen unhuelen, dĂ©i net Usus sinn.

 

Hei sinn e puer Beispiller:

 

Mir wëllen Texter vu Schrëftsteller*innen aus Lëtzebuerg.

Mir huelen Texter un op: Lëtzebuergesch, Englesch an Däitsch. (Leider si mir allebéid net déi stäerksten am Franséischen a kënnen dofir och net garantéieren, dass mer dat Franséischt verbessert kréien. Mir siche grad aktiv no enger Persoun, déi ass bei dësem Aspekt hëllefe kann, a bis mir déi Persoun fonnt hunn, huele mer kee Franséisch un, ausser mir sinn eis sécher, déi Persoun mécht keng Feeler).

Mir akzeptéieren Texter mat verschiddene Sproochen, soulaang et Lëtzebuergesch, Englesch, Däitsch a Franséisch ass.

Mir wëlle Fiktioun an Artikelen ënnert 2000 Wierder (fir de Moment). De Minimum läit bei 250 Wierder (Microfiction).

Mir wĂ«lle Lyrik, dĂ©i net mĂ©i grouss ass wĂ©i 3 Säiten (wannechgelift, follegt d’Suggestiounen am FormatĂ©ieren Deel).

Mir wĂ«lle kloer Prosa, geschriwwen an engem gudde Stil. Fir Ă©ierlech ze sinn, si mir keng Experten an der Grammaire an hunn och keng preskriptiv Oder. Am GĂ©igendeel, mir drĂ©cken oft en Aen zou, oder gesinn d’Feeler net wierklech, well mir dru gleewen dem Auteur seng eegen an authentesch StĂ«mm ze weisen. Mir hunn och eng gewĂ«sse Meenung gĂ©igeniwwer der Sprooch am verglach vun aner Editeuren. StandardisĂ©iert Grammaire ass ni eng eent-zu-eent Spigelung vun der Sprooch. Mir wäerten dofir Ă©ischter mat eise Kommentaren op kĂ«nschtleresch Decisioune pochen, wĂ©i elo all eenzel Sazstrukturen oder Wuert ze kommentĂ©ieren.

Awer, mir wĂ«nschen eis, dass wĂ©instens d’Grondreegele vun der Grammaire, op egal wĂ©i enger Sprooch, agehale ginn.

 

𓆣

 

WAT MIR NET WĂ‹LLEN

Mir wĂ«lle keng onfäerdeg Geschichten. Et muss schonn eng konkret Plotstruktur hunn. Mir wĂ«lle keng Fragmentatioune vun Texter oder just Beschreiwunge vun Zeenen, ouni Bedeitung, ausser et ass Lyrik, an dann nach, och d’Lyrik soll e gewĂ«ssenen Impakt a Struktur hunn.

Wann s de net weess wou ufänken, kuck dir da villäicht dat heiten un:

Mir huelen net onbedéngt Horror un. Mir wëssen, dass Horror am Spektrum vun der spekulativer Fiktioun fält, mee, leider ass et och oft esou, dass et onnéideg Brutalitéit a Péng mat sech bréngt. Mir wëlle keng onnéideg Brutalitéit, lässegen Doud, oder iergendeng Verherrlechung dovunner. Mir huele keng Texter un, déi V-rgewaltegungen, Pornographie, sadistesch Gewalt, Gore, Déierenabus, Kannerabus oder offensichtleche Rassismus, genau esou wéi transphobesch, homophobesch, xenophobesch Aspekter, oder och Haassried abannen an et Haaptpunkt vun der Geschicht maachen. Mee, wann den Horror subtil an awer spannend ass, ouni déi Elementer, huele mir se villäicht un.

Mir wëlle keng Kapitalismus oder Riets, respektiv Konservativ Propaganda.

Mir wëlle keen Text dee schonn agereecht a refuséiert gouf, och wann e geännert gouf.

Mir wĂ«lle keng Texter, dĂ©i scho verĂ«ffentlech gi sinn, aus dem einfache Grond, dass mer d’Problemer mat de Rechter vermeide wĂ«llen.

Mir wëlle keng Clichéen. Tropes sinn OK. Jo, et gëtt en Ënnerscheed.

Mir wëlle keng Areechung vun engem Text, déi simultan och tëscht aneschters agereecht ginn ass. Mir huelen awer puer Areechunge gläichzäiteg un (awer wannechgelift net iwwerdreiwen).

Mir hu kee Problem mat Schreiffeeler — bis zu engem gewĂ«ssenen Niveau. Mir och maache Schreiffeeler, mee wann all drĂ«tte Wuert falsch geschriwwen ass, an et ass net express esou, huele mer den Text net un. Et ass guer kee Problem e Spellchecker ze benotzen (mir maachen et jo och, zemools am LĂ«tzebuergeschen…)

Mir wëlle keng geklauten Texter.

An, Strange Horizon huet eng Lëscht verëffentlecht mat Plotstrukturen an Themen, déi oft genotzt ginn an déi e bëssi un Originalitéit feelen, a mir si generell mat dëser Lëscht averstanen. Wann s de deng Plotstruktur op der Lëscht erëmerkenns, sief der wannechgelift sécher, dass däin Text eppes eenzegaarteges huet. Challenge yourself! Mir appreciéieren dat!

 

𓆣

 

SPEKULATIV FIKTIOUN: ENG DEFINITIOUN

Eis Definitioun fir d’spekulativ Fiktioun passt zu dĂ«sem Zitat:

“[…] ‘Speculative fiction’, as now most often used, does not clearly define any generic boundary, it has come to include not only soft and hard sf but also Fantasy as a whole […]. [T]he term has been useful precisely because it allows the blurring of boundaries, which in turn permits a greater auctorial freedom from genre constraints and ‘rules'” (The Encyclopedia of Science Fiction).

Mir sinn domadder averstanen, dass spekulativ Fiktioun vun der Science Fiction ofstaamt, mee dass den Term vu spekulativ Fiktioun, all Genrë mat abegräift.

Awer, op engem formelle Level gleewe mir, dass d’spekulative Fiktioun en Zesummespill aus dräi Elementer ass: novum, cognition an estrangement — eng Theorie etablĂ©iert vum kroatesche Literaturkritiker Darko Suvin. D’folgend Zitat ass eng gutt Zesummefaassung:

“By ‘cognition’ Suvin appears to mean the seeking of rational understanding, and by ‘estrangement’ something akin to Bertolt Brecht’s Verfremdungseffekt […]. Perhaps the most important part of Suvin’s definition, and the easiest with which to agree, is the emphasis he puts on what he and others have called a Novum, a new thing – some difference between the world of the fiction and what Suvin calls the “empirical environment”, the real world outside.” (The Encyclopedia of Science Fiction).

Wéi ass et da bei der Fantasy? Fantasy besteet aus änlech Elementer, en Ënnerscheed gëtt awer gemaach:

“Peter Nicholls, pointing to this particularly blurred demarcation line, argues that sf must by definition follow natural law whereas fantasy may and mostly does suspend it. Fantasy need not be susceptible to ‘natural’ or cognitive explanation; indeed, supernatural explanation is at fantasy’s heart.” (The Encyclopedia of Science Fiction).

Dat heescht, den Ă‹nnerscheed ass, wĂ©i eppes innerhalb vun der Geschicht existĂ©iert; et ass Magie gĂ©int Technologie; dat Natierlecht gĂ©int dat Iwwernatierlecht. Cognition am Science Fiction Beispill referenzĂ©iert eis RealitĂ©it, wärend d’Cognition an der fantasy Welt eng RealitĂ©it referenzĂ©iert, dĂ©i an hirer Essenz am Fong iwwernatierlech ass, respektiv aner Reegelen a Gesetzer huet am GĂ©igesaz vun eiser Welt, wat de Lieser e Gefill vu Verfriemung spiere lĂ©isst. Fir d’Figuren an der Welt do awer, ass dĂ©i Welt normal. Ausser am Genre vum Urban Fantasy, wou de Protagonist, dĂ©i iwwernatierlech Welt rĂ©ischt entdeckt; e Beispill wär dem Lev Grossman seng The Magicians (2009) Rei.

Also, wärend de Novum an d’Cognition sech Ă«nnerscheeden, bleift Estrangement, also d’Verfriemung, de Kär vun der spekulativer Fiktioun.

𓆣

 

FORMATAGE

De Formatage soll simpel a kloer sinn:

  • SchrĂ«ft: Times New Roman
  • SchrĂ«ftgrĂ©isst: 12
  • Zeilenofstand: 1.5
  • Säitenzuel: Ă‹nne Riets.
  • D’Ă©ischt Linn vun all neiem Paragraph soll eragerĂ©ckelt sinn.
  • Ewechhuelen vum Espace virum an no all Paragraph.
  • Orientatioun: Justify (!).
  • D’Deckblatt soll folgend Informatiounen hunn: Numm a Familljennumm, Adress, Telefonsnummer, E-Mail, Websäit, Titel vum Text an wĂ©i vill Wierder.
  • Dokumenttyp: DOCX oder PDF.

Dat doen ass de Minimum, also passt och dorops op, Merci!

 

𓆣

 

REDAKTIOUN

Eis Ekipp besteet aus enger Koppel, dĂ©i momentan och nach studĂ©ieren an dĂ©i dat fräiwĂ«lleg maachen. Mir versiche jidderengem Feedback ze ginn, oder och e Kommentar z’hannerloossen, wisou mer den Text net geholl hunn, mee dat ass net Ă«mmer mĂ©iglech.

Wann den Text ugeholl gëtt, wäerte mer dat per Mail bescheed ginn, zesumme mat Feedback, deen natierlech och kontestéiert ka ginn.

 

𓆣

 

BEZUELUNG

Momentan kĂ«nne mir net bezuelen, aus dem einfache Grond, dass dĂ«se Projet fräiwĂ«lleg ass. Mir sinn net e professionelle MarchĂ©. Mat eis verĂ«ffentlechen, heescht awer, dass däin Text en Deel vun der spekulativer Fiktioun zu LĂ«tzebuerg gĂ«tt. Aner Welten kann eng Plattform ginn, dĂ©i Austausch fĂ«rdert, a mir versichen och alles, fir d’Texter ze promoten.

An, natierlech, wäerten d’Rechter vum Text nach Ă«mmer der SchrĂ«ftsteller*in gehĂ©ieren. Mir wäerte keng Rechter kafen. Mir wĂ«llen, dass Aner Welten accessibel ass an esou SchrĂ«ftsteller*inne frĂ«ndlech wĂ©i et nĂ«mme geet.

 

𓆣

 

WĂ©I LAANG BAUCH DER?

Esou laang wĂ©i mer brauchen. Mir wäerten net gehetzt duerch d’Texter goen. Wann mer awer ze vill Zäit huelen fir duerch en Text ze goen, an du wĂ«lls däin Text zerĂ©ckzĂ©ien, schĂ©ck eis eng E-Mail esou: [TAKE BACK] däin Numm an de Numm vum Text.

 

𓆣

 

BEREET FIR OFZESCHĂ©CKEN?

Super! Klick op de Knäppchen (de Logo) do ënnen a fëll de Formular aus.

(an jo, et deet eis leed, mee du brauchs eng Google Mail).

𓆣

Â