• ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
  • ANERWELTEN
ANERWELTEN
ABOUT

 

 

 

🇬🇧 🇱🇺

WIE MIR SINN

Aner Welten ass eng online Publikatioun iwwert d’lĂ«tzebuergesch Spekulativ Fiktioun.

Aner Welten verëffentlecht Fiktioun, Lyrik an och Artikelen, déi sech mam Thema vun der spekulativer Fiktioun befaassen, a geschriwwe gouf vu jonken, lëtzebuergesche Schrëftsteller*innen.

Aner Welten versicht domadder eng Traditioun vu spekulativer Fiktioun zu LĂ«tzebuerg z’erschafen.

 

𓆣

 

SPEKULATIV FIKTIOUN ZU LĂ‹TZEBUERG?

“Science fiction is a literary genre which in Luxembourg counts few follower,” esou nom Henzig, Lesch a Letsch am Hugo Gernsback: An Amazing Story; e Buch a Form vu Katalog, wat am Kader vun der Hugo Gernsback Ausstellung 2010 am Centre national de littĂ©rature verĂ«ffentlecht gouf, a se si mat dĂ«ser Ausso leider net falsch.

Obwuel et eng aktiv CommunautĂ©it gĂ«tt zanter 1995, motivĂ©iert vun der Science Fiction and Fantasy Society Luxembourg, dĂ©i och bekannt ass duerch hir Luxcon, ass d’AktivitĂ©it am Feld vun der spekulativer Fiktioun Ă©ischter moer.

Awer hunn déi lescht zwielef Joren e Wuesstem u spekulativ Fiktioun innerhalb der lëtzebuergescher Literaturzeen gewisen. Schrëftsteller*innen wéi de Claude Peiffer, Luc Francois, Jean Bürlesk, Kiara Roth, an de Maxime Weber hunn zu der lokaler Zeen mat hire Publikatioune bäigedroen.

Dobäi kĂ«nnt nach, dass d’spekulativ Fiktioun a mainstream Medien a Fiktioun Ă«mmer mĂ©i Fouss faasst (Marvel oder Dune) als fĂ©ierende Genre an der Industrie, wat natierlech dozou fĂ©iert, dass sf (spekulativ Fiktioun, net Science Fiction) sech als populäre Genre etablĂ©iert.

Souguer op engem internationalen Niveau, distanzĂ©iert sech d’Meenunge vun der Iddi, dass sf Literatur net kĂ©int mat richteger Literatur (wat och Ă«mmer dat ass) mathalen. Nobelpräis GewĂ«nner*innen, wĂ©i de Kazuo Ishiguro, oder SchrĂ«ftsteller*inne wĂ©i d’Margaret Atwood an d’Ursula K. LeGuin representĂ©ieren dĂ«se Wiessel an Unerkennung (och wann sech bĂ©id SchrĂ«ftsteller*innen jorelaang debattĂ©iert hunn, wat iwwerhaapt d’Differenz tĂ«schent Fantasy, Science Fiction a spekulativer Fiktioun ass). Et gesäit esou aus, wĂ©i wann d’spekulativ Fiktioun, mat hire ganze Sub-Genren, erlaabt ass aus hirem “literary ghetto”, wĂ©i LeGuin et definĂ©iert, erauszekommen.

Et ass dofir och nëmme logesch, dass Lëtzebuerg och dësem Trend nogeet. Aner Welten wëll dëst erreechen.

Aner Welten ass eng online Publikatioun, dĂ©i sech op d’spekulativ Fiktioun zu LĂ«tzebuerg fokussĂ©iert. Et ass eng Plattform, dĂ©i als Zil huet eng sf Traditioun zu LĂ«tzebuerg z’etablĂ©ieren. Wärend am Ausland an op engem internationalen Niveau d’Wichtegkeet vu sf an der Literatur acceptĂ©iert gĂ«tt, a verschidde sf Kulturen sech eng Plaz an der Weltliteratur maachen, huet LĂ«tzebuerg bal keng dokumentĂ©iert sf Traditioun.

Aner Welten wëll dat änneren.

 

𓆣

 

WISOU BRĂ©ICHT LĂ‹TZEBUERG ESOU EPPES?

D’GrĂ«nnungsgeschicht vu LĂ«tzebuerg basĂ©iert op der Iddi, dass d’Mamm vu LĂ«tzebuerg eng Mierjoffer ass.

Nationale Schrëftsteller, den Edmond de la Fontaine, huet lokal Soen a Legenden, déi virdrun just oral iwwerdroe gi sinn, a sengem Buch Luxemburger Sagen und Legenden (1882) zesummebruecht. E Buch gefëllt mat engem Kazekinnek dee schwätzt, Zauberer, Hexen, Elfen an eng gëlle Kou. Gläichzäiteg huet den Nikolaus Gredt e Joer drop säi Sagenschatz des Luxemburger Landes (1883) verëffentlecht. Rumeure soen, dass béid Schrëftsteller wossten, dass een deen aneren un deene Bicher schreiwen a si hunn sech da probéiert géigesäiteg ze sabotéieren.

Dobäi kënnt nach, dass ee vun de Symbolfiguren an der lëtzebuergescher, literarescher Traditioun e Fuuss dee schwätze kann ass.

An natierlech däerf den Hugo Gernsback, och bekannt Ă«nnert Hugo Gernsbacher net feelen; e jonke MĂ«nsch, deen zu LĂ«tzebuerg opgewuess ass, mee sech dunn op d’Rees gemaach huet, well, wĂ©i et oft ĂĽblech ass, wann d’Passioun ee rufft an ee versicht sech en Numm ze maachen, geet een der StĂ«mm do no. Mat nonzĂ©ng Joer ass de jonke Gernsback an Amerika gereest, wou hien seng Karriär als Editeur an Ingenieur ugefaangen huet an eventuell den Term scientification etablĂ©iert huet, wat spĂ©ider zu science ficiton gouf.

Dat heescht, en Deel vun der lĂ«tzebuergescher Literaturkultur ass beaflosst duerch Wierker a Geschichten, dĂ©i hautzedaags als spekulativ Fiktioun kategorisĂ©iert gĂ©ife ginn, an trotzdeem ass d’textuell Produktioun vu sf minimal, bal net existent, am Verglach mat eisen Noperen, respektiv aner Literaturkulturen.

Dat heescht awer net, dass kee versicht hätt dat z’änneren. De Robert ‘Gollo’ Steffen, zum Beispill, ass GrĂ«nner vum Verlag Op der Lay, an hat 1979 d’Initiativ ergraff an huet eng Sammlung Ă«nnert de Numm Der Himmel auf Erden: Science Fiction aus Luxemburg verĂ«ffentlecht, wou bekannten Nimm aus der Literaturzeen, Science Fiction Kuerzgeschichten a Gedichter an engem onkonventionellen an experimentelle Still, Ă«nnerstrach duerch markant schwaarz-wäiss Illustratiounen, geschriwwen hunn. Et war en Experiment, dee versicht hat villäicht genau dat selwecht ze maache wat Aner Welten versicht ze maachen: eng sf Traditioun z’etablĂ©ieren, wat leider an deem Fall net geklappt huet. Et ass rĂ©ischt an de Joren no 2010, wou sech e Wuesstem a Richtung vu sf kristallisĂ©iert, gefuerdert vun de Nimm, dĂ©i Uewe schonn erwäänt goufen.

An et ass e luese Wuesstem.

LĂ«tzebuerg braucht en Unhaltspunkt fir sf.

 

𓆣

 

WISOU E WEBZINE?

Wuesstem heescht och Upassung. Den Internet ass eisen Alldag, et ass relevant, en Deel vun eiser moderner Existenz. Et ass villäicht souguer sf an der Essenz, an et ass natierlech praktesch, och ouni grousse Budget. Aner Welten existéiert ganz no der Iddi vum Fräiwëllegen, jo, mir si souguer villäicht eng Grassroot Beweegung am Gedanken.

Dobäi kĂ«nnt nach, dass, wa mer eis dĂ©i momentan online Publikatiounen a Magasinner ukucken, dĂ©i en Deel vum internationale Wuesstem vun der sf puschen, sinn se all, oder Ă©ischter se hunn all, eng massiv online Präsens. De MarchĂ© gĂ«tt vun hinnen diktĂ©iert. D’Hugo (esou eppes wĂ©i de Pulitzer fir sf) GewĂ«nner stamen all aus Publikatioune wĂ©i Tor.com, Strange Horizon, Uncanny Magazine, Beneath Ceaseless Skies, Clarkesworld an esou weider…

Also ass et jo nĂ«mme logesch, dĂ©i Grouss z’imitĂ©ieren.

𓆣

 

WIEN ASS DEN TEAM?

Aner Welten besteet momentan aus zwee Memberen. Aner Welten ass Projet a Kand vum Cosimo Suglia, mee seng super Frëndin, Sandy Heep, hëlleft him beim editéieren, an hatt verbessert dat Däitscht vum Cosimo an dat vun anere Leit.

Cosimo (he / him) as e jonken Auteur — siwenanzwanzeg Joer alen, tattoowĂ©ierte Student — dee sf gäre huet a genau esou gäre Feedback gĂ«tt. Hien huet Englesch (Bachelor) a LĂ«tzebuergesch (Master) studĂ©iert. Hie seet heiansdo Saache virun sech hin an d’Leit laachen, ganz no senger Verwonnerung.

Sandy (she / her) — net Sally, net Candy, an och net Sandra — ass e Fantasy a sf Enthusiast säit klengem un. Liesen, kommentĂ©ieren an Kritik ginn ouni dass iergendeen gefrot huet, ass säin Hobby, genau esou wĂ©i och d’Luxcon ze plangen. Hatt mĂ©cht am Moment e Master op der UniversitĂ©it zu LĂ«tzebuerg mat engem Numm esou laang, et brĂ©icht e ganze Paragraph vir sech selwer. Mat sengem Ego an dem Cosimo sengem Talent (dem Sandy seng Wierder), sinn se en zimmlech gudden Team.

Allebéid maachen dëse Projet fräiwëlleg, ouni finanziell Hëllef am Moment.

Et ass och deen éischte literareschen an editorielle Projet deen si zesumme maachen.

 

𓆣

 

KANN EEN IECH KONTAKTĂ©IEREN?

Kloer, schéckt eis eng e-mail un: info@anerwelten.lu

Benotzt dĂ©i e-mail wannechgelift net fir d’Areeche vun Texter. Ă‹nnert der Submit Säit kĂ«nnt der dat maachen, nodeems der d’Instruktioune gelies hutt, Merci!

Mir si generell net oppe fir Reklammen, ausser mir si wierklech iwwerzeegt vum Produit an maachen et aus eiser eegener Iwwerzeegung.

𓆣

 

ANER INFORMATIOUNEN

D’Konscht op der Websäit ass public domain a mir kĂ«nnen et dofir benotze wĂ©i mer et wĂ«llen. Trotzdeem gleewe mer dorun, dass KĂ«nschtler Unerkennung sollte krĂ©ien (och wann se verstuerwe sinn). DĂ©i benotzte Biller kann een hei fannen: artvee.com